Scroll Top

Faktencheck: Viren existéiere wierklech, och wann am Internet de Géigendeel behaapt gëtt

Faktencheck: Viren existéiere wierklech, och wann am Internet de Géigendeel behaapt gëtt - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Vire ginn zënter méi wéi engem Joerhonnert erfuerscht, Wëssenschaftler sequenzéieren hir Genomer a maachen elektronemikroskopesch Opname vun hinnen.

Trotzdeem behaapten e Pharmakolog souwéi en Dokter an eng Doktesch, Vire wären e “Schwindel” a géifen “net existéieren”. Dausenden Etüde beweisen awer de Géigendeel. Experten hu géintiwwer der AFP erkläert, un der Existenz vu Vire géif et keng Zweiwelen – se wäre geneesou siichtbar wéi zum Beispill Kéi oder d’Sonn.

“Pfizer-Vizepresident seet: ‘Viren existéieren NET'”, huet eng Notzerin an engem Facebook-Bäitrag vum 16. August 2024 geschriwwen an huet e Video vun engem Interview mam Pharmakolog an eemolege Pfizer-Vizepresident Mike Yeadon gedeelt. Hie behaapt doran, dass de Covid-19-Virus net existéiere géif an et keng Beweiser dofir géif, dass Viren iwwerhaapt existéieren.

De Video staamt vun der impfkritescher Internetsäit “The People’s Voice”, déi och en Artikel iwwer dem Yeadon seng Aussoe verëffentlecht huet. Doran ass eng méi laang Versioun vum Video ze gesi wéi déi, déi an de Sozialen Netzwierker gedeelt gëtt. D’AFP huet schonn e puermol Desinformatioune widderluecht, déi vun dëser Internetsäit verbreet goufen.

Den Artikel zitéiert e weideren Dokter an eng Doktesch, déi och behaapten, Vire géifen net existéieren: den Thomas Cowan an d’Samantha Bailey. De Cowan erkläert doran, dass Viren ni isoléiert an nogewise gi wären. Dat wär och net méiglech, well et se net géif, sou de Cowan. D’Bailey gëtt mat der Ausso zitéiert, dass “de medezinneschen Establishment Angscht huet, well se wëssen, dass se d’Existenz vu Viren net beweise kënnen”. De Yeadon, de Cowan an d’Bailey hunn an der Vergaangenheet och Desinformatiounen iwwer gesondheetlech Sujete verbreet.

RTL © AFP

Dës Behaaptunge sinn awer falsch, wéi eng ganz Rëtsch vu Beweiser fir d’Existenz vu Vire weisen.

Viren existéieren

An der Wëssenschaft gëtt et keen Zweiwel dorun, dass Viren existéieren. Bei Google Scholar ginn dausende wëssenschaftlech Etüde fir d’Schlagwierder “virus detection” (“Virenerkennung”), “identifying viruses” (“Identifizéierung vu Viren”) oder “imaging viruses” (“Duerstellung vu Viren”) ugewisen.

Den éischten entdeckte Virus war den Tabakmosaikvirus Enn vum 19. Joerhonnert. Dat weidert Erfuersche vun dësem Virus huet den Noweis erbruecht, dass Viren eng Zort Deelche sinn (hei archivéiert). Mam Gielféiwer-Virus gouf 1901 schliisslech den éischte mënschleche Virus entdeckt (hei archivéiert). Et si méi wéi 200 Virenzorte bekannt, déi Mënschen infizéiere kënnen. All Joer ginn dräi bis véier nei Zorten entdeckt. Zënter hirer Entwécklung déngt d’Elektronemikroskopie zur Entdeckung, Identifizéierung an Ofbildung vu Viren (hei archivéiert).

RTL © AFP

“Mir wëssen, dass Viren existéieren, well mir se gesi kënnen”, huet de Molekularbiolog Miloš Babić an enger E-Mail vum 19. August 2024 un d’AFP geschriwwen. “Mir kënne se direkt ënner dem Mikroskop betruechten a gesinn, wéi d’Infektioun verleeft, soubal de Virus d’Zell erreecht an ufänkt, sech ze reproduzéieren”, huet de Babić geschriwwen. “Mir kënne Mënschen engem Virus aussetzen a gesinn, dass bestëmmt Vire bestëmmt Zorte vu Krankheeten ausléisen.” Senger Meenung no wär “d’Behaaptung, dass Viren net existéieren, dat selwecht wéi ze behaapten, dass Kéi net existéiere géifen – et misst ee fërmlech dat ignoréieren, wat ee mat eegenen Ae gesi kann.”

Dass mir sécher kënne sinn, dass Viren existéieren, well mir se gesi kënnen, huet och d’Vanja Juranić Lisnić, Doktesch an der Biomedezin op der kroatescher Rijeka Universitéit, an enger E-Mail vum 20. August un d’AFP geäussert. “Ze behaapten, et géif se net, ass fir mech wéi ze behaapten, et géif keng Wolleken oder keng Sonn”, huet si erkläert.

“Mir kënne se gesinn a se hunn miessbar Effekter op eis an eis Ëmwelt. Geneesou wéi Viren.” Mat Hëllef vun Elektronemikroskoper wäre ganz Viren aus Patienteprouwen oder Zellkulture siichtbar, geneesou wéi “Deeler vu Vire mat Hëllef vun Antikierper a Liicht- oder Fluoreszenzmikroskoper”, huet d’Juranić Lisnić erkläert. “Ausserdeem kënne mir hir Genomer sequenzéieren a mat Methode wéi PCR oder Hybridiséierung noweisen”, huet si weider geschriwwen. “A schliisslech kënne mir duerch Viren ausgeléist Verännerungen un Zellen oder Geweebe erkennen.”

Wat si Viren?

“Viren hu keen eegene Stoffwiesselapparat”, erkläert d’Internetsäit infektionsschutz.de, en Informationsugebuet vun der däitscher “Bundeszentrale für gesundheitliche Aufklärung” (BZgA). “Dowéinst si se och keng Liewewiesen.” Se sinn “infektiéis Partikelen, déi aus Nukleinsaier (DNA oder RNA) a Proteinne bestinn” a brauche fir hir Reproduktioun Wiertszellen, “deenen hir Strukture se notzen, fir hir Virusbestanddeeler ze produzéieren”. Dës Zëlle kënne souwuel mënschlecher, wéi och déierescher oder planzlecher Natur sinn.

D’Juranić Lisnić huet erkläert, dass den Tabakmosaikvirus identifizéiert gouf (hei archivéiert), nodeem Fuerscher Extrakter vu kranke Planzen duerch e sougenannte Chamberland-Filter goufen, e Porzeläinsift mat Ëffnungen, déi méi kleng wéi Bakteerie sinn. Well sech gesond Planzen duerch de Kontakt mat de gefilterten Extrakter mat den Erreeger ugestach haten, war d’Konklusioun vun de Fuerscher, dass d’Krankheet duerch eppes méi Klenges wéi Bakteerien oder Schimmelsporen ausgeléist gouf.

“An den 1930er-Joren, wéi sech d’Elektronemikroskopie entwéckelt huet, goufen déi éischt elektronemikroskopesch Opname vu Vire gemaach – dorënner den Tabakmosaikvirus, awer och Pouken a Waasserpouken”, huet d’Juranić Lisnić erkläert. “Zanterdeem goufe Milliounen esou Mikrofotografië vun alle bekannte Vire gemaach, onofhängeg dovun, ob d’Viruskulturen an engem Labo geziicht a gerengegt goufen oder ob d’Viren direkt vun infizéierte Persounen entholl goufen.”

D’Juranić Lisnić huet betount, dass d’Effekter vu Viren, awer och hir Bestanddeeler mat Hëllef vun Antikierper nogewise kënne ginn. Den Zenter fir Proteomik vun der kroatescher Universitéit Rijeka huet  iwwer eng Sammlung vu méi wéi 200 Antikierper fir eng Rëtsch mënschlech an déieresch Viren. Proteomik ass d’Fuerschung, déi sech mat der Gesamtheet vu Proteinne befaasst, déi sech zu engem definéierte Moment an enger Zell oder engem Liewewiese befannen.

“Schliisslech kënne mir och Viren noweisen, andeem mir hiert geneetescht Material noweisen – entweeder geziilt, wann d’viral Sequenz bekannt ass, mat der haut verbreeter quantitativer PCR-Method, oder net geziilt, andeem mir d’Sequenzéierung vun der nächster Generatioun benotzen, déi de ganze Mikrobiom vun engem Mënsch oder enger bestëmmter Prouf sequenzéiere kann”, huet d’Juranić Lisnić erkläert an dorop higewisen, dass all Sequenzen an ëffentlech zougänglechen Datebanke gespäichert ginn, déi vu jidderengem duerchsicht kënne ginn, fir festzestellen, ob bei der Sequenzéierung en neie Virus, eng Bakteerie oder e Schimmelpilz entdeckt gouf.

“Vill Vire kënnen an engem Labo geziicht, gerengegt a kristalliséiert ginn an da mat enger vun den uewe genannte Methode siichtbar gemaach ginn”, sou d’Juranić Lisnić. “Verschidde Viren, déi sech nëmme schwéier oder guer net an Zellkulture kultivéiere loossen, kënne mir awer aus Geweebe oder Ausscheedunge vun infizéierte Patiente siichtbar maachen.”

RTL © AFP

Mythos iwwer Virusisoléierung, deen ëmmer erëmkënnt

De Miloš Babić geet dovun aus, dass de Mythos, Fuerscher hätten de Covid-19-Virus net isoléiert, Ufank 2020 entstane wär, wéi Fuerscher versicht haten, e spezielle PCR-Test fir den Noweis vum Virus ze entwéckelen. “Deemools gouf et keng Protokoller, fir d’Viren tëscht de Laboen auszetauschen, soudass d’Auore keen Zougang zum isoléierte Virus haten”, huet de Miloš Babić erkläert.

E Virus ze isoléiere bedeit, dass de Virus aus enger Prouf entholl an an enger Kultur reproduzéiert ka ginn. Dës Isolatioun ass wichteg, fir de Virus méi genee ënnersichen ze kënnen. Zënter dem Ausbroch vun der Pandemie gouf d’Isoléierung ëmmer nees ugezweiwelt, beispillsweis vum däitschen Dokter a Coronaskeptiker Bodo Schiffmann.

“Dowéinst hu si an hir Etüd geschriwwen, si hätten den isoléierte Virus net zur Verfügung gehat an dass si de PCR-Test u syntheetescher RNA getest hätten. Spéider gouf et honnerten Etüden iwwer den isoléierte Virus an et gëtt zéngdausenden Etüde mat dem schéinen Ënnertitel ‘Isoléierung vum Virus’ an der Beschreiwung, wéi genee d’Isoléierung ofgelaf ass”, sot de Babić weider.

“No all deem gouf déi éischt Etüd mat der Ausso ‘Mir hunn den isoléierte Virus net’ viral an de Sozialen Netzwierker gedeelt”, huet hien erkläert an op d’Falschinformatioune verwisen, déi zum deemolegen Zäitpunkt vun anere Faktencheck-Organisatioune widderluecht goufen. “Op der Basis vun dësem Zitat an ënner Mëssuechtung vun allen aneren Aarbechten an Erkenntnisser hunn e puer Leit ze séier behaapt, et géif keen isoléierte Virus. Vun do un huet sech d’Geschicht zu der Behaaptung entwéckelt, dass kee Virus isoléiert gouf, an dann zu der Geschicht, dass et keng Vire ginn”, huet de Babić bäigefüügt.

De SARS-CoV-2, dee Covid-19 ausléist, gouf awer méifach vu verschiddene wëssenschaftlechen Ekippen isoléiert (hei, hei an hei archivéiert) a bildlech duergestallt (hei archivéiert). Och d’AFP huet am Verlaf vun der Pandemie d’Behaaptungwidderluecht, de Virus wär net isoléiert ginn.

Behaaptung vun net praktizéierenden Doktere verbreet

De Pharmakolog Yeadon souwéi d’Doktesch an den Dokter, déi am Zesummenhang mat der Behaaptung zitéiert ginn, hunn an der Vergaangenheet scho Falschinformatiounen iwwer medezinesche Sujete verbreet.

Den ierféierenden Artikel souwéi de Video, déi a Sozialen Netzwierker verbreet goufen, bezeechnen de Mike Yeadon als en eemolege Vizepresident vun der Entreprise Pfizer an als där hire “Fuerschungschef”. Zwar war de Yeadon e Vizepresident vum Pharmakonzern, hie war awer wëssenschaftleche Chef vun engem spezielle Fuerschungsberäich: Allergie- an Otemweefuerschung. Nodeem hie Pfizer verlooss hat, huet hien d’Biotech-Firma Ziarco gegrënnt, déi 2012 eng Fërderung vu Pfizer krut.

De Yeadon war en ugesinne Wëssenschaftler a sengem Fuerschungsberäich an huet kuerz nom Ausbroch vun der Krankheet déi séier Entwécklung vun engem Covid-19-Impfstoff gefuerdert, spéider huet hien awer ëmmer méi ongenee Aussoen am Zesummenhang mat Corona an deem senger Impfung gemaach.

Sou huet hie fälschlecherweis behaapt, dass d’Impfung Fraen onfruchtbar maache géif an dass d’Impfdosisse fir Kanner 50 Mol méi déidlech wäre wéi de Virus selwer. Enn 2020, éier déi zweet Well vun der Pandemie 2021 ugefaangen huet, huet de Yeadon eng weider Falschbehaaptung verbreet, dass d'”Pandemie am Fong eriwwer” wär, dass et keng Impfstoffer bräicht, “well vill Mënschen net fir de Virus empfänglech” wären an dass PCR-Tester falsch-positiv Resultater liwwere géifen.

D’Samantha Bailey huet ierféierend Behaaptungen iwwer d’Reegele fir PCR-Tester an Neiséiland verbreet, wärend den Thomas Cowan sot, den neie Coronavirus wär duerch 5G-Stralung entstanen.

D’kalifornesch Dokterkummer huet dem Cowan seng Erlabnis fir ze praktizéieren zäitweileg entzunn, 2021 schliisslech huet dëse seng Zouloossung a Kalifornien zeréckginn. Och d’Samantha Bailey huet an hire Videoe behaapt, si wär “Hausdoktesch”, verfüügt awer zënter Mee 2021 iwwer keng Approbatioun méi.

Fazit: Onzieleg Etüde souwéi Opname vu Viren ënner Elektronemikroskoper an Expertinnen an Experte confirméieren, dass Viren existéieren. D’Aussoe vun den dräi Dokteren, dass et keng Vire géif, sinn net richteg. Ausserdeem hu si scho méifach Falschinformatiounen iwwer medezinesch Sujete verbreet.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.