Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Weist dëse Video e Parasit an engem Oreo-Kichelchen?

Faktencheck: Weist dëse Video e Parasit an engem Oreo-Kichelchen? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Op Facebook, Instagram an nach TikTok warnen Internetuser viru presuméierte “Parasitten” an Oreo-Kichelcher. E Video, deen als reell verkaf gëtt an, an deem den Deeg vum Kichelche gewise gëtt, ass ze gesinn, wéi e sech vu selwe beweegt an u sengem schwaarze Mantel knabbert. Dës Sequenz ass awer aus dem Kontext gerappt.

“Ech hunn et iech schonn e puermol gesot: Oreo-Kichelcher si Parasitten, se enthalen eng Substanz, déi fir de mënschleche Kierper immens geféierlech ass”. A Publikatiounen op Instagram, Facebook (1, 2) an TikTok warnen am Abrëll Internetuser viru presuméierte Gesondheetsrisike bei Oreo-Kichelcher.

Si behaapten, dat mat engem Video beweisen ze kënnen, deen eng wäiss, séiss Fëllung vun der amerikanescher Mark weist, wéi se un engem vun den zwee ikonesche schwaarze Kichelcher vun der Mark Mondelez International Group knabbert.

RTL © AFP

“Oreo-Kichelcher wiere vun enger organescher Substanz befalen, déi wierklech grav Infektiounen ausléise kéint […]. Wéi Dir gesitt, beweegt sech den Deeg. De Kichelchen, deen Dir hei gesitt, koum mat enger Aart Heizkierper a Kontakt, also verhält e sech esou, wéi wann en an eisem Organismus dra wär […] dat geet duer, fir de Parasit am wäissen Deeg ze aktivéieren”, erkläert eng Stëmm am Hannergrond, déi dës Sequenz vun enger knapper Minutt kommentéiert. De Kommentar gëtt vun enger däischterer Musek begleet, déi verängschtegend wierkt.

“An e fänkt wierklech un, sech esou ze verhalen, wéi wann en intelligent wär, e fänkt un, alles ze iessen, wat ronderëm en ass. Dir kéint dovun Daarmverschloss kréien, Dir kéint eeschthaft Infektioune kréien… Sidd virsiichteg mat den Oreoen. Ech roden Iech dovun of, se ze iessen. Dat betrëfft net alleguer d’Oreo-Päck, mee e puer dovu si komplett dovu betraff”, seet dës Stëmm um Schluss.

Awer dëse Video weist keng Existenz vun engem Parasit an enger Oreo-Packung.

Eng Sich no dëse Biller weist, dass se am November 2023 eng éischte Kéier opgedaucht sinn, an zwar op de Konte vun engem Content Creator mam Numm Russel Cameron, dee sech op senger Internetsäit “DeviantArt”(Archiv) als “autodidaktesche Sculpteur” presentéiert, deen “op donkel, emotional an e bësse verstéierend Skulpture spezialiséiert ass”.

Wéi een a senge verschiddene Profiller an de Sozialen Netzwierker erausfanne kann, huet de Russel Cameron vill Inzenéierunge mat Iessen duergestallt. Dozou gehéieren zum Beispill e Video vun enger Banann (Archiv), déi sech ze beweege schéngt, oder eng Montage vun engem Pouletsstrempel – d’AFP hat Enn 2023 dozou e Faktencheck verëffentlecht.

Keng Réckruffaktioun fir dës Zort Oreo a Frankräich

Sou fënnt een op dem TikTok-Account “providingforthecommunity” vum Russel Cameron (Link archivéiert) de selwechten Oreo-Video vum 11. November 2023, mat der Bildbeschreiwung “e léiwe Cookie, dee sech vun engem Snack erniert” a mat de Schlësselwierder “oreo” oder “experimentell”.

RTL © AFP

D’Sequenz gouf dunn de 16. November op sengem YouTube-Kanal mam Titel “Wat fir e léift an appetitlecht Hausdéier” online gestalt (Link archivéiert).

Am September 2023 hat de Russel Cameron op sengem YouTube-Kanal e ganz änleche Video vun engem “animéierten” Oreo mam Titel “séisse Kannibale-Cookie” verëffentlecht (Link archivéiert). An dësem Video gouf schonn e Kichelchen a Form vun engem immens “hongeregen Hausdéier” presentéiert.

Wéi op der Regierungssäit Rappel conso, op där Konsumproduiten, déi zeréckgeruff goufen, opgelëscht sinn, ze gesinn ass, gouf a Frankräich bis den 18. Abrëll 2024 keng Warnung dës Zort Oreo betreffend verëffentlecht.

Just eng Schockelasrëpp Milka-Oreo gouf do am Februar 2024 wéinst “méiglecher Presenz vu Konschtstoffpartikelen” an enger bestëmmter Chargennummer gemellt (Link archivéiert).

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.