Scroll Top

Fligerkollisioun zu Washington: Rumeuren iwwer angeeblech bedeelegt Transgender-Pilotin net begrënnt

Fligerkollisioun zu Washington: Rumeuren iwwer angeeblech bedeelegt Transgender-Pilotin net begrënnt - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

Bei enger Kollisioun tëscht engem Militärhelikopter an engem Fliger iwwer dem Floss Potomoc zu Washington koumen den 29. Januar 67 Leit ëm d’Liewen.

D’Katastroph, wou d’Ursaache bis elo nach net eendeiteg gekläert sinn, huet a Sozialen Netzwierker zu Desinformatioune geféiert. Internetnotzer ware sech séier sécher, dass den Helikopter vun enger Transgender-Fra gesteiert gi war, hunn där hiren Numm genannt a Fotoe publizéiert.

D’Zaldotin, déi op de Biller ze gesinn ass, huet awer uginn, näischt mat der Kollisioun ze di gehat ze hunn. D’US-Arméi huet d’Nimm vun de Pilote bekannt ginn, déi vun deene kee mat der an de Sozialen Netzwierker gewisener Persoun iwwereneestëmmt.

“Crash zu Washington: D’Pilotin vum Black Hawk gouf als Chief Warrant Officer 2 (CW2) Jo Ellis, eng Transgender-Fra, identifizéiert. D’Jo Ellis huet 15 Joer laang an der Nationalgard vu Virginia gedéngt an huet hiren Iwwergang zur Fra wärend der Zäit als Pilotin duerchlaf. D’Jo huet a Sozialen Netzwierker radikal Aussoen iwwer den Trump gemaach”, verséchert e Bäitrag, deen zënter dem 31. Januar méi wéi 1.000 Mol op der Plattform X gedeelt gouf, an deem och e puer Fotoe vun enger blonder Fra ze gesi sinn.

Déi selwecht Behaaptunge mat de selwechte Fotoe sinn och op Facebook zirkuléiert a goufen an englescher Sprooch op XThreads, Facebook, Instagram an TikTok verbreet.

RTL © AFP

Aner Messagen, an deene behaapt gouf, d’Jo Ellis hätt de Fliger gesteiert, waren och op Polnesch am Ëmlaf a goufen an der griichescher Versioun vun engem Site mam Numm “Pravda” verbreet, e Site, deen zu enger Rëtsch Sitte gehéiert, déi an diverse Sprooche schreiwen a wéi Noriichteportaler ausgesinn. Dës Sitte verbreeden awer reegelméisseg falsch oder ierféierend Contenuen. D’AFP huet eng Rëtsch dovu schonn iwwerpréift (hei, hei oder hei).

Dem franséischen Déngscht Viginum no, dee sech op d’Noverfollge vun Desinformatiounen an digitaler Amëschung a Sozialen Netzwierker spezialiséiert huet, gehéiert “pravda.fr” zu engem “strukturéierten a koordinéierten” Netzwierk vun 193 Internetsäiten (Link hei archivéiert), déi russesch Propaganda verbreeden, déi europäesch Länner an d’USA als Zil hunn.

D’Behaaptungen iwwer déi angeeblech bedeelegt Pilotin gounge viral, nodeem den 29. Januar en Helikopter an e Fliger iwwer dem Floss Potomac an der Haaptstad vum amerikanesche Bundesstaat Virginia kollidéiert a 67 Mënschen ëm d’Liewe komm waren.

Den Dag virun der Katastroph hat den US-President Donald Trump, Chef vun der Arméi, notamment en Dekreet ënnerschriwwen, mat deem Transgender-Persounen aus der Arméi ausgeschloss gi sollten (Link hei archivéiert).

Den Dag nom Accident huet den Trump séier Programmer, déi Diversitéit an Inclusioun bei der Astellung vu Beamten fërdere sollen, fir d’Kollisioun verantwortlech gemaach. Hien huet sech och iwwer politesch Mesuren opgereegt, déi senger Meenung no vun den deemolegen demokratesche Presidenten Joe Biden a Barack Obama agefouert gi waren an d’Ufuerderungen un d’Fluchsécherheet geschwächt hätten.

RTL © AFP

Et gouf och onbegrënnt Behaaptungen, dass d’FAA (Federal Aviation Administration) e puer Deeg virum Trump sengem Retour an d’Wäisst Haus Uweisunge ginn hätt, fir d’Astelle vu Fluchkontrollere mat schwéiere Behënnerungen ze favoriséieren. Wéi an dësem engleschsproochegen AFP-Faktencheck ausféierlech duergeluecht, bestoung dës ernimmt Uweisung scho wärend senger éischter Presidentschaft.

Des Weidere sinn d’viral Behaaptungen, dass d’Transgender-Zaldotin Jjo Ellis d’Pilotin vum Helikopter war, falsch.

En Dementi vum Jo Ellis

Wann een op Facebook no Stéchwierder sicht, fënnt een e Kont mam Numm Jo Ellis, op deem d’Fotoen ze gesi sinn, déi an de Bäiträg an de Sozialen Netzwierker verbreet goufen, wou verséchert gouf, dass si de verongléckten Helikopter geflunn hätt.

RTL © AFP

Den 31. Januar, zwee Deeg nom déidleche Crash, huet dëse Kont e Video gedeelt, an deem d’Fra matgedeelt huet, dass si “um Liewen a bei gudder Gesondheet” wär (Link hei archivéiert).

RTL © AFP

D’Jo Ellis beschreift sech doran als “Pilotin vun engem Black Hawk [e Militärhelikopter, Um. v. d. Red.] vun der Nationalgard bei der Arméi vu Virginia” a verséchert: “Ech verstinn, dass e puer Leit mécht mam Accident zu Washington DC a Verbindung bruecht hunn, wat awer net stëmmt”.

An engem weidere Message, deen iwwer dëse Kont verbreet gouf, ginn dës Behaaptungen als “beleidegend” fir d’Affer bezeechent an et dozou opgeruff, all d’Konten, déi dës falsch Behaaptunge verbreet hunn, ze “mellen” (Link hei archivéiert).

RTL © AFP

Den 28. Januar gouf der Internetsäit Smerconish.com en Artikel publizéiert, an deem d’Jo Ellis op hir Zäit als Transgender-Zaldotin an der US-Arméi, besonnesch am Irak, zeréckgekuckt an d’Absicht vum neien US-President ugeprangert huet, Transgender-Persounen aus der Arméi erauszegeheien (Link hei archivéiert).

Verschidden engleschsproocheg Konten, déi d’Falschinformatioun fir d’éischt verbreet haten, hunn vum 31. Januar un Noriichte verbreet, an deene si virun der Falschmeldung warnen, wéi zum Beispill dësen Notzer. Den 3. Februar waren awer zeg Dausend gedeelt Bäitrag ëmmer nach op X a Facebook ze fannen.

Dräi Zaldoten u Bord vum verongléckten Helikopter

Den 31. Januar huet den amerikanesche Verdeedegungsministère eng éischt Kéier d’Nimm vun zwee vun den dräi Helikopterpilote confirméiert, nodeem an den Deeg virdrun eng Rëtsch Informatiounen iwwer hir Identitéit vu Politiker oder hire Familljen un d’Ëffentlechkeet koumen.

“Den 28-järege Chef-Sergent Austin O’Hara vu Lilburn, Georgia, gëllt bis zu senger Identifizéierung als verstuerwen. D’stierflech Iwwerreschter vum Chef-Adjutant Klass 2 Andrew Loyd Eaves, 39 Joer, vu Great Mills (Maryland) goufen nach net fonnt. Op Wonsch vun der Famill gëtt den Numm vum drëtten Zaldot bis op Weideres net bekannt ginn. Dëse Pilot ass och DUSTWUN [seng stierflech Iwwerreschter goufen nach net fonnt, Um. v. d. Red.]”, heescht et am Communiqué (Link hei archivéiert).

Den 30. Januar hat och de Gouverneur vum Bundesstaat Georgia Brian Kemp op X “de Familljen a Frënn vum Ryan O’Hara a Sam Lilley”, engem Pilot vum American-Airlines-Fliger, säi Bäileed ausgeschwat (Link hei archivéiert).

Lokal Medien hate festgestallt, dass de Ryan O’Hara de Chef vun der Besatzung vum UH-60-Helikopter gewiescht war (Link hei archivéiert).

Eng Rëtsch aner amerikanesch Medien, wéi d’New York Times, hate gemellt, dass den drëtten Zaldot u Bord vum Helikopter eng Fra war. Dat huet d’Arméi den 1. Februar an engem Communiqué confirméiert, an deem si “an Ofstëmmung mat der Famill” weider Informatiounen iwwer d’Zaldotin publizéiert huet.

Et handelt sech ëm “Kapitänin Rebecca M. Lobach vun Durham, North Carolina”, déi “vu Juli 2019 bis Januar 2025 als Loftwaffenoffizéier (15A) an der regulärer Arméi gedéngt huet” (Link hei archivéiert).

Zesumme mat dëser Noriicht gouf eng Foto vun der Zaldotin verschéckt, déi eng Fra mat laange brongen Hoer weist.

RTL © AFP

Enquêtë lafen nach

D’Ongléck an der Loft vum 29. Januar, zënter 2009 den déidlechsten Accident an den USA, war geschitt, wéi sech de Fliger vu Wichita, Kansas, am spéiden Owend um Ronald Reagan National Airport lande wollt (Link hei archivéiert).

American Airlines huet matgedeelt, dass 60 Passagéier a véier Membere vum Equipage u Bord vum Fliger waren. Kee vun de 67 bedeelegte Leit (64 am Fliger an dräi Zaldoten am Helikopter) hunn d’Ongléck den Angabe vun den Autoritéiten iwwerlieft.

Bis den 2. Februar den Angabe vun de lokalen Autoritéiten no 55 Läichen aus dem Potomac gebuerge ginn (Link hei archivéiert).

U Bord vum Fliger ware Sportler an Trainer aus der Elite vum Äiskonschtlafen, dorënner d’eemoleg russesch Weltmeeschter an der Koppel Evgenia Shichkova a Vadim Naumov.

Enquête, fir ze erklären, wat geschitt ass, sinn amgaangen: D’Amerikanesch Agence fir Verkéierssécherheet (NTSB), déi onofhängeg vun der Regierung aktiv ass, hofft ënner anerem, bannent 30 Deeg e virleefege Bericht publizéieren ze kënnen. Déi komplett Enquête kéint ee Joer daueren.

RTL © AFP

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.