Scroll Top

Fokus Kënschtlech Intelligenz: 8 Tipps fir d’Erkenne vu kënschtlech generéierte Biller

Fokus Kënschtlech Intelligenz: 8 Tipps fir d'Erkenne vu kënschtlech generéierte Biller - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Mat Kënschtlecher Intelligenz hiergestallte Kreatioune sinn a Sozialen Netzwierker mëttlerweil eng Normalitéit ginn. Esou Biller, Videoen oder Audioe kënnen Internetbenotzer täuschen, andeem se hinne suggeréieren, dass si et mat authentesche Contenuen ze dinn hunn, virun allem, wann hir Hierkonft net ernimmt gëtt. Hei huet d’AFP aacht Tipps opgelëscht, fir de Falen duerch d’KI ze entgoen.

Ob Foto, Video oder Audio: Mat Kënschtlecher Intelligenz (KI) hiergestallte Contenue sinn hautdesdaags an alle Formen a Sozialen Netzwierker wäit verbreet, well déi entspriechend, ëffentlech zougänglech, Outile wéi MidJourney, DALL-E, Imagen oder nach Synthesia, ëmmer weiderentwéckelt ginn.

Dës wuessend Mass u gefälschte Bäiträg ka souwuel fir Ënnerhalungszwecker wéi och fir Desinformatioun genotzt ginn. Besonnesch, wann dës Kreatioune vun hirer ursprénglecher Intentioun detournéiert oder aus dem Kontext gerappt ginn.

Et gëtt aktuell keen honnertprozenteg zouverlässegt Instrument fir d’Erkenne vu falsche Contenuen, awer d’AFP nennt Iech aacht Mierkmoler, wéi Dir KI-generéiert Bäiträg erkenne kënnt.

1. Gitt Uecht op d’Mentioun “mat KI erstallt”

“Mat KI erstallt” oder och “KI-generéierte Contenu”: Vue dass dës Mentioune bei engem groussen Deel vun den a Sozialen Netzwierker gedeelte Bäiträg ze fanne sinn, kënnen dës en éischten Hiweis fir eng Identifizéierung liwweren.

Verschidde Plattforme wéi Instagram an TikTok fügen dës Etikett automatesch bäi, soubal se vu KI hiergestallten oder verännert Contenuen entdecken (Links hei an hei archivéiert).

D’Auteure vun dëse Bäiträg kënnen dës Prezisioun och selwer afügen, wa si se eroplueden.

RTL © AFP

Mee opgepasst: Net all kënschtlech hiergestallt Biller kréien dësen Hiweis automatesch. An ëmgekéiert ass et méiglech, dass e Bild als KI-generéiert gekennzeechent gëtt, obwuel dat net de Fall ass.

2. Iwwerpréiwe vun der Quell vum Contenu

E midden Zaldot, dee sech eng kuerz Paus gënnt, andeem hie sech op seng Waff stäipt, matzen am Vietnamkrich: Dëst Bild, dat op Facebook gedeelt gouf, ass, sou realistesch et och schéngt, mat KI hiergestallt.

Dat léisst sech unhand vun enger Rei Elementer erkennen, ugefaange mat der Bildbeschreiwung, bei där et sech ëm den Uerder (“prompt” op Englesch) un d’Kënschtlech Intelligenz handelt, fir dës Zeen hierzestellen.

RTL © AFP

Op der Facebook-Säit vun der Kënschtlerin heescht et ausserdeem, dass se KI-Konscht gär hätt a sech op digital Kreatioun spezialiséiert huet. Dat gëtt och däitlech, wann een hir aner Bäiträg duerchkuckt, déi “d’Prompts” enthalen, mat deenen all Bild hiergestallt gouf.

RTL © AFP

Dat selwecht gëllt fir dëse Video, an deem de franséische Premierminister Michel Barnier anscheinend ukënnegt, d’zoulässeg Héchstgeschwindegkeet fir Gefierer mat Verbrennungsmotor op Autobunnen op 90 Kilometer an der Stonn erofzesetzen.

De Video gouf wuel vun Internetbenotzer gedeelt, déi dovun iwwerzeegt waren, dass et sech ëm eng nei Mesure vun der Regierung handele géif, mee de Kont, vun deem d’Montage staamt, weist a sengem Bäitrag ausdrécklech dorop hin, dass et sech bei de Contenuen ëm Parodien handelt, a füügt den Hashtag “ia” (“ki”) bäi.

D’Wuert “IA” ass och an der Biografie vum Profil vum Notzer ze fannen.

RTL © AFP

RTL © AFP

3. Iwwerpréift “d’Informatioun”, déi am Vierdergrond steet

D’Beschreiwung vun dësem am September 2023 gedeelte Video behaapt, den Emmanuel Macron hätt “säi Réckzuch” annoncéiert.

Als eenzege Spriecher an dëser Sequenz erkläert de franséische Staatschef mat enger Stëmm, déi wéi seng eege kléngt, dass d’Onzefriddenheet vun de Fransouse mat senger Gouvernance, déi besonnesch duerch d’Päiffe bei der Erëffnungsfeier vun der Rugby-Weltmeeschterschaft 2023 a Frankräich zum Ausdrock bruecht gi wieren, hien dozou bruecht hätten, déi schwiereg, awer noutwenneg Entscheedung ze treffen, vu [sengem] Amt als President vun der Republik zeréckzetrieden.

RTL © AFP

Et kann ee sech virstellen, dass esou en aussergewéinlecht Evenement zwangsleefeg vun de Medien opgegraff gi wär.

Mat Hëllef vun enger einfacher Stéchwierder-Sich zu dësem Sujet léisst sech feststellen, dass esou eng Ukënnegung ni stattfonnt huet. Ausserdeem kann een unhand vu verschiddene Beschrëftungen, déi op dëse Biller ze gesi sinn (ë.a. d’Ernimmungen “30. Juni 2023” a “Le Parisien”), den Original-Video erëmfannen, wou déi trafiquéiert Stëmm dropgeluecht gouf.

Wéi d’AFP an engem Artikel vum September 2023 erkläert hat, handelt et sech ëm e Video vun der franséischer Dageszeitung, deen am Nomëtteg vum 30. Juni 2023 an den Internet gesat gouf.

E gouf wärend enger Sëtzung vun der interministerieller Krisecellule, där hire Logo iwwregens hannert dem President ze gesinn ass, opgeholl, déi als Reaktioun op d’Onrouen nom Doud vum jonken Nahel, deen de 27. Juni vun deem Joer bei enger Policekontroll zu Nanterre, enger Paräisser Banlieue, ëmbruecht gi war, an d’Liewe geruff gouf.

Den Emmanuel Macron hat doran d’urban Gewalt verurteelt an ugekënnegt, d’Mëttel vun der Police ze verstäerken, fir dëse Virgäng en Enn ze setzen. De Video hat also näischt mat engem méigleche Récktrëtt ze dinn.

4. Ze “perfekt” Biller

E Bëbee, dee Gittar spillt, e Kand, dat säi Gebuertsdag feiert oder eeler Mënschen, déi houfreg Gromperen oprafen: Dës op Facebook gedeelt Fotoe schéngen ästheetesch perfekt ze sinn a léisen op der Plattform vill begeeschtert Kommentaren aus.

Bei méi geneeëm Hikucken erkennt een awer, dass d’Haut an d’Hoer vun dëse Persounen immens glat an onnatierlech wierken.

RTL © AFP

All Bild weist ausserdeem kleng Feeler op, déi den Asaz vu KI verroden: De Puppelchen huet just véier Fangeren an op der Banderole fir de Gebuertsdag ass de Schrëftzuch “Happy Birthday” falsch geschriwwen.

RTL © AFP

Dat selwecht gëllt fir dëse virale Video, deen angeeblech weist, wéi Séileit mat engem Äisbier-Bëbee, dee si op hirer Rees getraff hunn, Zäertlechkeeten austauschen.

RTL © AFP

D’Anekdot an déi emouvant Biller spille mat den Emotioune vun den Internetbenotzer.

Se sinn awer net echt, wéi een un dem bal “perfekten” Ausgesi vum Äisbier an e puer Detailer erkenne kann, wéi zum Beispill senge Patten, déi zäitweis eng mënschlech Morphologie unhuelen.

RTL © AFP

5. Observéiert den Hannergrond vun de Biller

En opblosbare Ballon mat dem Gesiicht vum Donald Trump wärend der berüümter Thanksgiving-Parad zu New York?

Wann ee sech den Hannergrond vun dësem Bild dat a Sozialen Netzwierker d’Ronn mécht, ukuckt, kann ee verschidden Hiweiser dorop fannen, dass et mat Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz hiergestallt gouf.

RTL © AFP

Sou sinn d’Gesiichter vu verschiddene Passanten op der Strooss onvollstänneg oder verzerrt duergestallt.

De Ballon, deen den Donald Trump representéiere soll, gëtt just vun e puer Leit op onrealistesch Manéier gehalen, deenen et bal net méiglech dierft sinn, esou eng grouss Figur an der Loft ze halen.

RTL © AFP

6. Gitt Uecht op historesch Inkoherenzen

“Aweiung vum Eiffeltuerm, 1889” steet an der Bildbeschreiwung vun enger Schwaarz-Wäiss-Foto, déi op Facebook gedeelt gouf.

D’Bild weist awer, wéi e puer Persounen an enger Mënschegrupp dat berüümt Bauwierk mat Smartphonë fotograféiert hunn. Heiansdo geet de gesonde Mënscheverstand duer, fir e mat Kënschtlecher Intelligenz hiergestallte Bild ze erkennen.

RTL © AFP

Dat selwecht gëllt fir d’angeeblecht Bild vum Yasuke, engem schwaarze Samurai, deen am 16. Joerhonnert a Japan gelieft soll hunn. Dat obwuel d’Fotografie eréischt am 19. Joerhonnert erfonnt gouf, wat esou eng Opnam onméiglech mécht.

RTL © AFP

Wéi de Julien Peltier, en op Samurai spezialiséierten Auteur, am Mäerz 2024 géintiwwer der AFP erkläert hat, wier et immens schwiereg, fir net ze soen onméiglech, eng Waff ze zéien, déi um Réck positionéiert ass. Dës Aart vu Kierperhaltung géif een aus Mangaen, Hollywoodfilmer an der Popkultur kennen.

“Seng aner Waff gëtt op der falscher Säit gedroen, normalerweis sollt se op der lénker Säit gedroe ginn. Ausserdeem gesäit een un hirer Form, dass se éischter un eng koreanesch oder chineesesch, kontinental Waff erënnert, well d’Kléng mécht eng Aart duebele Bou mam Grëff, deen angeeblech riicht ass. Esou Kléngen huet een a Japan gesinn, awer dat ass immens anekdotesch, et ass iwwerhaapt net representativ fir d’Form vum japanesche Schwäert”, sot den Expert nach.

7. Eng Iwwersetzung iwwerpréiwen

Den Emmanuel Macron dréckt sech op Arabesch aus? Dëse Video, dee vun enger Rei Internetbenotzer gedeelt gouf, schéngt dëst ze weisen a verséchert niewebäi, dass de franséische President ugekënnegt hätt, dass dës Sprooch vun der Spillschoul un ze ënnerriichte wär.

Et handelt sech awer ëm en Deepfake (en Audio oder Video, dee mat Hëllef vu KI verännert gouf, fir eng Persoun eppes soen ze loossen, wat si net gesot huet).

RTL © AFP

Wann ee genee lauschtert, erkennt een, dass et sech ëm eng KI-generéiert Sequenz handelt. D’Rou am Hannergrond, wärend de Staatschef ënner fräiem Himmel virun enger Grupp vu Leit schwätzt, ass e wichtegen Hiweis, genee wéi seng e bësse mechanesch Ootmung.

Et kann een d’Beweegung vu senge Lëpsen observéieren, déi heiansdo onnatierlech wierkt an net gutt mat senge Wierder synchroniséiert ass.

8. Benotzt eng ëmgekéiert Billersich

Dëst Bild vun engem Fliger, deen an der Géigend vun enger grousse Explosioun um Fluchhafe vu Beirut am Libanon flitt, huet am Hierscht 2024 am Zesummenhang mat der Serie vu Loftattacke vun der israeelescher Arméi op d’libaneesesch Haaptstad den 20. Oktober 2024 fir vill Views a Reaktioune gesuergt. D’Loftschléi hate sech géint Finanzinstituter mat Verbindungen zur Hisbollah geriicht.

RTL © AFP

Eng ëmgekéiert Billersich a Kombinatioun mat enger erweiderter Internetsich huet dëst Bild op enger ReiInstagram-Konten erëmfonnt, déi ernimmen, dass et angeeblech mat KI hiergestallt gi wier (Links hei an hei archivéiert).

Eng ëmgekéiert Billersich huet och de Virdeel, dass se änlech Fotoen ervirhieft, wéi d’AFP schonn am Mäerz 2023 erkläert hat. Dat ka wäertvoll sinn, wann een eng Foto, vun där een ausgeet, dass se vun enger KI hiergestallt gouf, mat anere Biller aus vertrauenswierdege Quelle vergläicht.

Am Kader vun enger vill beuechter Renconter tëscht dem Wladimir Putin an dem Xi Jinping war zu dësem Zäitpunkt a Sozialen Netzwierker eng Foto ouni Quellen-Angab am Ëmlaf, op där de russesche President virum chineesesche Staatschef op d’Knéie geet.

Den italieenesche Journalist David Puente huet dorop higewisen, dass sech d’Zeen op dësem Bild staark vun där op anere Medie-Biller ënnerscheet huet, déi iwwer dëst Evenement bericht haten. Dat huet Zweiwel un der Echtheet vun der viraler Foto opkomme gelooss.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.