
Vun den USA bis Italien, vum Vereenegte Kinnekräich bis Pakistan gi Politikerinnen ëmmer méi Affer vu Biller mat sexuellem oder pornografeschem Contenu, déi vu kënschtlecher Intelligenz (KI) genéiert ginn. E beonrouegenden Trend, deen d’Participatioun vu Fraen um ëffentleche Liewe menacéiert, erwaarde Fuerscher.
Dës Explosioun vun Deepfakes, déi ouni Zoustëmmung vun der viséierter Persoun publizéiert ginn, geet an déi géigegesate Richtung vun de weltwäite Beméiunge fir eng Reguléierung vu kënschtlecher Intelligenz, soen Experten, well et eng Verbreedung vu bëllege KI-Tools gëtt, dorënner Applikatioune fir Fotobeaarbechtung um Handy, mat deene Fraen ausgedoe gi kënnen. Der Meenung vun de Fuerscher no ginn dës intim Biller als Waff agesat, déi dorop ofzielen, de Ruff vu Fraen an der Ëffentlechkeet ze schiedegen, hir Karriär a Gefor ze bréngen, d’Vertraue vun der Ëffentlechkeet ze ënnergruewen an d’national Sécherheet ze menacéieren, andeem Erpressung a Belästegung ëmmer méi zouhuelen.
An den USA huet den American Sunlight Project (ASP), eng Fuerschungsgrupp fir Desinformatioun, méi wéi 35.000 Virkommesse vun Deepfakes, déi 26 Membere vum US-Kongress, dovu 25 Fraen, op pornografesche Säiten duerstellen, ermëttelt.
Eng “donkel a verstéierend Realitéit” fir d’Fuerscher, deenen hir Etüd, déi am vergaangene Mount publizéiert gouf, weist, dass ee Sechstel vun de weibleche Kongressmemberen Affer vun esou KI-generéierte Biller ginn ass.
“Weiblech Kongressmembere ginn an alarméierendem Ausmooss vun dëse KI-generéierte pornografeschen Deepfakes an d’Viséier geholl”, warnt d’Nina Jankowicz, Cheffin vum ASP.
“Et geet net just ëm d’Technologie, mee och ëm en Ugrëff op mächteg Fraen an d’Demokratie u sech”, huet si betount.
Den ASP huet den Numm vun de weibleche Kongressmemberen, déi vun de genannte Biller viséiert sinn, net publizéiert, fir weideren Interêt an Nofuerschungen ze vermeiden, huet awer uginn, de Cabinet vun de Concernéierten informéiert ze hunn.
“Dëse Krich féieren”
D’stellvertriedend brittesch Premierministesch Angela Rayner ass eng vun op d’mannst 30 brittesche politesche Perséinlechkeeten, déi vun enger pornografescher Deepfake-Säit an d’Viséier geholl ginn, wéi aus enger am Juli 2024 publizéierter Enquête vum brittesche Fernseesender “Channel 4” ervirgeet.
De Site, deen immens vill Visiteuren unzitt an deem säin Numm net vum Sender genannt gouf, fir Reklamm ze vermeiden, notzt KI, fir zum Beispill eng Dose vun dëse Politikerinne “blousszestellen”, andeem se echt Fotoen a gefälscht Biller transforméiert, op deene si plakeg ze gesi sinn.
Frae gi mat KI-baséierten Applikatiounen an Tools an d’Viséier geholl, déi der Allgemengheet gratis zur Verfügung stinn a keng technesch Kenntnisser erfuerderen, an déi et hiren Notzer erméiglechen, Kleedung virtuell op Biller ewechzehuelen oder iwwer sexualiséiert Textangaben Deepfakes ze generéieren.
Den technologesche Fortschrëtt huet zu enger, wéi d’Fuerscher et nennen, wuessender “Handwierksindustrie” ronderëm KI-verstäerkt Pornografie geféiert, well e puer Deepfake-Ersteller bezuelt Demanden unhuelen, fir Contenuen hierzestellen, déi eng vum Client ausgewielt Persoun an Zeen setzen.
An Italien fuerdert d’Premierministesch Giorgia Meloni 100.000 Euro Schuedenersatz vun zwee Männer, déi beschëllegt goufen, gefälscht Pornovideoe mat hir erstallt an op amerikanesche Pornositte publizéiert ze hunn.
“Et handelt sech ëm eng Form vu Gewalt géint Fraen”, sot d’Meloni der italieenescher Noriichtenagence ANSA no am Oktober 2024 viru Geriicht.
“Mam Opkomme vu KI, wa mir zouloossen, dass d’Gesiicht vun enger Fra iwwer de Kierper vun enger anerer Fra geluecht gëtt, wäerten eis Duechteren an esou Situatioune kommen, wat genee de Grond ass, firwat ech et fir legitim fannen, dëse Krich ze féieren”, huet si betount.
“Fraen ofschrecken”
A Pakistan hunn AFP-Journalisten en Deepfake-Video analyséiert, deen d’Kommunalpolitikerin Meena Majeed dobäi weist, wéi si an der Ëffentlechkeet e Mann kësst – en Akt, deen an dësem konservative muslimesche Land als onmoralesch gëllt.
D’Azma Bukhari, Informatiounsministesch vun der pakistanescher Provënz Punjab, sot, si géif sech “um Buedem zerstéiert” fillen, nodeem si en Deepfake-Video entdeckt hätt, deen hiert Gesiicht iwwer de plakege Kierper vun enger indescher Schauspillerin geluecht hätt.
“Mir observéieren ëmmer méi de paralyséierenden Effekt vun dëse KI-generéierte Biller a Videoen, déi dofir agesat ginn, Fraen an der Politik ze belästegen”, hat d’ONG Tech Policy Press am Joer 2024 festgestallt an virdru gewarnt, dass dat “Frae mat politeschen Ambitiounen ofschreckt”.
Op der ganzer Welt ass d’Verbreedung vun dësen Deepfakes gesetzleche Reegelen e Schratt viraus.
D’bestoend Gesetzer a Pakistan “fir d’Verhënnere vun Online-Verbrieche” beinhalte Bestëmmunge géint “Cyberbullying”, déi d’Deele vu Fotoen oder Videoen ouni Zoustëmmung vu viséierte Persounen verbidde sollen, wa se “enger Persoun op eng gewëss Manéier schuet”. D’Land verfüügt awer iwwer kee speziellt Gesetz fir d’Bekämpfe vun der Verbreedung vun Deepfakes mat sexuellem Contenu.
Obwuel d’brittesch Gesetzer d’Verbreedung vu pornografeschen Deepfakes bestrofen, huet d’Labour-Regierung versprach, d’Erstelle vun esou Deepfakes ze verbidden. Awer et gëtt nach keen Zäitplang.
E puer amerikanesch Bundesstaaten, dorënner Kalifornien a Florida, hu Gesetzer erlooss, déi d’Publikatioun vun explizitt sexuellen Deepfakes ënner Strof stellen. Ausserdeem fuerderen Aktivisten den amerikanesche Kongress op, dréngend nei Gesetzer ze votéieren, fir d’Erstellen an d’Verbreede vun dëse Contenuen ze reguléieren.
Och wann d’Affer vu pornografeschen Deepfakes bis elo Politikerinnen a Prominenter, dorënner och d’Sängerin Taylor Swift, waren, soen Experten, dass all Fraen, och baussent der medialer Opmierksamkeet, dofir ufälleg sinn.
Nodeem den ASP déi weiblech Deputéiert vum US-Kongress, déi vun Deepfakes cibléiert waren, informéiert hat, goufen d’Biller, déi vun der KI hiergestallt goufen, bal vollstänneg vun de concernéierten Internetsäite geläscht, wat d’Phenomee vun der “Privilegiendisparitéit”, wéi d’Fuerscher et nennen, erëmspigelt.
“Fraen, déi net iwwer Ressourcë verfügen, wéi se Kongressmemberen hunn, géife warscheinlech net sou séier eng Äntwert vu Säite kréien, déi pornografesch Deepfakes publizéieren, wa si selwer eng Demande op Läschung stelle géifen”, erkläert den ASP a sengem Bericht.
Dësen AFP-Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.