Scroll Top

Eis Approche

Desinformatioun permanent iwwerwaachen

Mir ginn haut mat Informatiounen iwwerschwemmt. An et ass net ëmmer einfach ze wëssen, wat richteg oder falsch ass. Heefeg a geféierlech dubiéis Informatiounen gi vu Fakteniwwerpréiwer analyséiert a verifizéiert, awer d’Iwwerschwemmung vu falsche Messagë mécht et onméiglech, sech alleng op Fakteniwwerpréiwung ze verloossen.

Wa mir Desinformatioun bekämpfe wëllen, musse mir eis och op d’Mediekompetenz konzentréieren: d’Fäegkeet, op all d’Medien a Kommunikatiounsformen zouzegräifen, se ze bewäerten, ze analyséieren, op där Basus ze kreéieren an ze handelen.

Dowéinst wëll EDMO BELUX an der Mediekompetenz d’Akteuren um Terrain (Enseignanten, Jugendaarbechter, Bibliothekären, …) dobäi ënnerstëtzen, dës an hirer eegener Praxis besser ëmzesetzen an ze stäerken.

Zu dësem Zweck:

  • huet EDMO BELUX en Toolkit fir FakteniwwerprĂ©iwung kreĂ©iert: Eng Rei vu LĂ©iervideoen, dĂ©i en IwwerblĂ©ck iwwer verschidde grondleeĂ«nd Methoden vun der FakteniwwerprĂ©iwung ginn. An der haiteger Online-Welt ass et essentiell, dass jidderee weess, wĂ©i een d’AuthentizitĂ©it vu Biller, Videoen a Social-Media-Posts iwwerprĂ©iwe kann.
  • EDMO BELUX wäert an der Belsch an zu LĂ«tzebuerg dat existĂ©ierend Schoul- a Formatiounsmaterial sammelen an analysĂ©ieren. DĂ©i villverspriechenst Praktike ginn op dĂ«ser Websäit virgestallt.
  • EDMO BELUX wäert och verschidde lokal an international Formatiounen organisĂ©ieren.
  • EDMO BELUX wäert Mediekompetenzkampagnen duerchfĂ©ieren, fir d’Reflexer vun der Ă‹ffentlechkeet vis-Ă -vis vun Desinformatioun ze stäerken.