Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Opreegung ëm Facebook-Post: Bedeit d’Heescheverbuet, dass Liichtmëssdag an d’Waasser fält?

Opreegung ëm Facebook-Post: Bedeit d'Heescheverbuet, dass Liichtmëssdag an d'Waasser fält? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

© RTL Archiv

Den Alex Heyar, Sänger vun der Lëtzebuerger Rockband Moof, huet mat engem Post op Facebook wuel den Nerv getraff. E gouf vill gedeelt an deels gegleeft…

Wéi den Alex Heyar eis géigeniwwer sot, ass säi Post – “Net vergiessen Liichtmëssdag ab dësem Joer VERBUEDEN 😂” – selbstverständlech als Witz geduecht gewiescht. Ënnert anerem hat hien en änleche Post gemaach, wou et ëm e “Verbuet” vum Afferstack an der Kierch gaangen ass, wat natierlech och just ironesch gemengt war.

Dat Ganzt ass natierlech eng Kritik um Heescheverbuet selwer, esou den Alex Heyar: “Du koum mer d’Iddi, dass Kanner jo och scho bal heeschen, wa se liichte ginn, an domat wollt ech erëm op dat Heescherte-Gesetz opmierksam maachen. Leider huet net jiddereen dat verstanen, dass déi eng Leit dat da géife schlëmm fannen, kann ech verstoen, ech muss awer och soen, dass ech schockéiert sinn iwwer verschidden Aussoen an dass ee gesäit, ewéi Leit op esou eppes reagéieren.”

Effektiv ass et nämlech esou, dass net nëmmen d’Diskussioun ëm d’Heescheverbuet nees opkomm ass, ma eng Partie Elteren haten hir Zweiwel kritt, op Liichte goen an d’Heescheverbuet sech eventuell iwwerschneide kéinten, eppes, dat natierlech net de Fall ass. Streng geholl geet d’Liichte jo op eng keltesch Traditioun zeréck, d’Bauere sinn hei a Form vun enger Pressessioun duerch d’Stroosse gezunn, fir d’Felder ze rengegen. Vun “heesche goen” kann also scho reng historesch keng rieds sinn, vun de Kanner déi hautdesdaags mat hire Lampione vun Haus zu Haus ginn, guer net ze schwätzen.

Den Alex Heyar betount dann och, ganz onironesch dës Kéier, dass hie sech freet, wann d’Kanner den 2. Februar nees bei hie mat hire Lampione schellen a sange kommen. Hie bedauert souguer e wéineg, dass dat traditionellt liichte goe sengem Gefill no mat der Zäit spierbar géif noloossen.

Nogefrot bei der Police, krute mer dann och sécher confirméiert, dass d’Liichte goen natierlech net verbueden ass, och net do, wou d’Heescheverbuet gëllt. An deem Sënn gëtt d’Police dann och nach eemol d’Rotschléi un d’Chauffeuren, den 2. Februar besonnesch virsiichteg ze fueren, dat speziell an den Uertschaften, well d’Kanner do owes ënnerwee sinn. Dofir ass et och wichteg fir d’Elteren, hir Kanner sou gutt et geet “visibel” erauszeschécken. Hei hëllefen hell/faarweg Kleedung oder eng Warnwest, déi Luucht reflektéiert an sou d’Chauffeure besonnesch gutt op d’Kanner opmierksam mécht.

*Och bei der Stater Gemeng hat mer en Dënschdeg de Moie fir eng kuerz Stellungnam natierlech gefrot. Hei koum bis ewell nach keng Äntwert.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.