© Christophe Hochard
Den ADR-Deputéierte Fred Keup huet RTL a sengem Face-à-Face mam Kënschtler Serge Tonnar falsch Informatioune virgehäit, wat den Undeel vun den erneierbaren Energien ugeet. Hien huet sech dobäi op den Interview mam Paul Zeimet vun der Firma Soler bezunn.
Faktencheck Erneierbar Energie / Reportage Michèle Sinner
De Fred Keup sot: “Et ass eng interessant Ausso, fir ze soen, dass d’Medien do sinn, fir ze kontrolléieren, wat d’Fakte sinn. Also ech géif dat awer relativéieren. Ech mengen, mir haten nach gëschter, ech wëll awer elo net iech hei eng Kritik maachen direkt, mä gëschter um RTL ass et iwwert d’Wandenergie gaangen an do war, ech hu souguer erausgedréckt iergendwou, et ass gesot ginn, 21 Prozent vun eisem nationalen Energieverbrauch komme vun Solar an vun a Wandenergie an an dat ass, dat ass zum Beispill definitiv, faktesch gesi, ganz falsch. Et läit bei ee bis zwee Prozent vun der Produktioun. Also dat ass, ech wëll just soen, also Dir hutt vill, vill Plazen, wou et net onbedéngt ëmmer sou gesot gëtt, wéi et ass och, och bei deene Medien.”
Dem Fred Keup verwiesselt also Verbrauch a Produktioun a vergläicht den Undeel vun den erneierbaren Energien emol mat deem engen, emol mat deem aner Wäert. Seng Ausso, datt Solar- a Wandenergie ee bis zwee Prozent vun der Produktioun ausmaachen, ass dowéinst falsch.
Den Zuelen aus dem nationalen Energie- a Klimaplang (Pnec*) no louch den Undeel vun der Wandenergie an der Fotovoltaik d’lescht Joer bei jeeweils ronn engem Drëttel vun der nationaler Produktioun vun erneierbarem Stroum.
Datt se 21 Prozent vum nationalen Energieverbrauch ofdecken, ass och falsch. Eisen Invité, deen aus der Stroumbranche kënnt, huet sech a sengen Aussoen op de Stroumverbrauch bezunn, wéi e nom Undeel am Energieverbrauch gefrot gi war. Nom Interview hat d’Redaktioun scho versicht, aner Zuelen, déi live op Antenn genannt goufen, fir eisen Internetsite ze korrigéieren. Dëst gouf antëscht op eisem Internetsite verbessert.
Wou kënnt d’Konfusioun hir?
Dësen Tableau weist déi national Produktioun vun erneierbarem Stroum an de nationale Stroumverbrauch. 2023 goufen deemno 21 Prozent vum Stroumverbrauch duerch grénge Stroum Made in Luxembourg gedeckt. / © Illustratioun Tableau 26 an Tableau 7 aus dem Pnec.
Energie- a Stroumverbrauch sinn am Pnec net dat nämlech. Zum Energieverbrauch gëtt all Energie gezielt. Ënnert anerem och den Bensinn an den Diesel aus dem Tanktourismus. D’Klimazil am Pnec ass, bis 2030 37 Prozent vun dem Energieverbrauch mat erneierbarer Energie ze decken. Fir dëst Zil z’erreechen, muss awer net all erneierbar Energie zu Lëtzebuerg selwer produzéiert ginn. Lëtzebuerg kann och Projeten an anere Länner finanzéieren, déi hei ugerechent ginn. Am Jargon heescht dat “statistesch Transferten”. Am Verglach mat dësem globalen Energieverbrauch maache Solar- a Wandenergie d’lescht den Zuelen aus dem Pnec no tëscht dräi a véier Prozent aus.
Am Pnec gëtt och Klimaziler fir eenzel Secteuren. Wat de Stroumverbrauch ugeet, also wierklech just de Stroum, ass d’Zil, bis 2030 ronn 39 Prozent mat erneierbarem Stroum ze decken. D’lescht Joer goufen schonn 21 Prozent vum nationale Stroumverbrauch mat gréngem Stroum gedeckt, deen zu Lëtzebuerg produzéiert gouf.
*Am Pnec ass déi national Klimastrategie festgeluecht. Et ass dat Dokument, an deem d’Klimaziler definéiert sinn. Dat heescht, d’Ziler fir den Energieverbrauch ze reduzéieren a fir den Undeel u fossillen Energie an deem Verbrauch duerch erneierbar Energien ze ersetzen. Dat fir d’Zäregasemissiounen ze reduzéieren.
** D’Journalistin hat sech live op Antenn verschwat, wat d’Klimazil ugeet. Mir hunn dëst am Beitrag, deen hei um Site ze lauschteren ass, korrigéiert.
Links