Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

RTL-Faktencheck: Falsch Politiker maache Reklamm op YouTube

RTL-Faktencheck: Falsch Politiker maache Reklamm op YouTube - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Ugangs der Woch si Reklammen op YouTube gelaf, an deenen et esou ausgesinn huet, wéi wann de Premier an den Ausseminister dozou opruffen, a skurril Projeten ze investéieren.

Direkt am Ufank stelle mer kloer, dass et natierlech gefälschte Reklamme sinn a weder de Premier Luc Frieden nach de Xavier Bettel fir dës Inhalter responsabel sinn.

Op Nofro krut RTL en Dënschdeg vum Staatsministère matgedeelt, dass een déi néideg Schrëtt ënnerholl hätt. Schrëftlech krute mer gesot: “De Ministère d’Etat huet eng Denonciatioun beim Procureur d’Etat gemaach.” Bis um Donneschdeg 10 Auer wier beim Parquet nach näischt erakomm, esou hire Spriecher.

Ëm wat geet et genee?

En RTL-User hat eis e Méindeg e Screenshot vun enger Reklamm op YouTube geschéckt, wou een de Luc Frieden gesinn huet, an e Video vun enger Reklamm, wou een de Xavier Bettel op Däitsch schwätzen héieren huet.

An dem Video, wou een de Luc Frieden gesäit, héiert een eng Persoun op Däitsch schwätzen, et mierkt ee relativ séier, dass hei eppes net stëmmt.
Anescht ass et bei dësem Video, wou een de Xavier Bettel gesäit.

Source: Screen record vun engem RTL-User

Et héiert sech esou un, wéi wann de Xavier Bettel eppes géif op Däitsch soen. Et sinn awer Sätz, déi den DP-Minister esou ni gesot huet. Am Video gesäit een och op den éischte Bléck, dass seng Lëpse sech net zum passenden Text beweegen.

Wisou ass dëst problematesch?

Hei kéint een elo natierlech direkt e puer Saache schreiwen. An dësem Fall gëtt deene Meeschte ganz séier bewosst, dass eng net stëmmt an, dass et e Fake ass. Dës Beispiller weisen awer, wat haut schonn a virun allem och an Zukunft mat kënschtlecher Intelligenz méiglech ass. Wou d’Lëtzebuerger Sprooch den Ament nach eng Barrière fir esou Arnaquen ass, wäert och dës an Zukunft verschwannen a fir de User gëtt et ëmmer méi schwéier ze erkennen, wat Realitéit ass a wat Fiktioun.

Wéi fonctionéiert et, fir eng Stëmm ze imitéieren?

Mat Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz kann eng Stëmm gekloont ginn. Dat heescht konkret, e Programm kritt Audio-Dateie vun der Persoun, déi soll imitéiert ginn. Mat dem sougenannten Text-to-Speech kann dann enger Persoun alles an de Mond geluecht ginn, och Sätz oder Aussoen, déi dës ni esou gemaach huet.
Microsoft huet Vall-E entwéckelt. Dëse Programm brauch nëmmen e puer Sätz vun enger Persoun, fir dës schonn ze imitéieren. Wat d’kënschtlech Intelligenz méi Audio lauschtere kann, se méi trainéiere kann, wat se besser gëtt.

RTL © AFP

Wat seet YouTube zu de Reklammen?

YouTube ass mëttlerweil Deel vu Google. Op Nofro krut RTL vun engem Spriecher vu Google erkläert, dass esou Inhalter géint d’Reegele verstoussen an, dass alles gemaach géif ginn, fir Desinformatioun ze verhënneren. Esou Inhalter géifen duerch technesch Hëllefsmëttel detektéiert a geläscht ginn, wéi och duerch Mënschen, déi wa Saache gemellt ginn, se analyséieren an noutfalls erofhuelen.

Am zweete Quartal vun 2023 hätt YouTube 78.000 Videoe geläscht, wéinst Falschinformatiounen. Weider 963.000 Inhalter wiere geläscht ginn, well et Spam war oder iwwert esou Videoe versicht gi wier, Leit eranzeleeën.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.