Scroll Top

RTL-Faktencheck: Gouf et leschte Weekend eng déidlech Messerattack op der Place de Paris?

RTL-Faktencheck: Gouf et leschte Weekend eng déidlech Messerattack op der Place de Paris? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

Ënnert engem Facebook-Post vun RTL Infos huet e User behaapt, dass et um leschte Weekend eng déidlech Messerattack op der Place de Paris an der Stad gouf an datt d’Press net doriwwer bericht hätt.

Mir sinn den Aussoen nogaangen.

Wat ass geschitt?

RTL.lu hat schonn den 13. Abrëll iwwer en Tëschefall am Garer Quartier geschriwwen. Deem Artikel no war et zu engem Asaz komm, bei deem eng Persoun verletzt gouf an d’Police an d’Ambulanz op der Plaz waren.

Op Nofro huet e Spriecher vun der Police eis confirméiert:

“D’Affer gouf an d’Clinique bruecht a war uspriechbar an et bestoung keng Liewensgefor. Et war awer op der Plaz Blutt ze gesinn, esou, dass dohier eventuell d’Ausso vum Kommentator op Facebook kënnt.”

RTL

D’Ausso, dass et eng déidlech Messerattack war, entsprécht net de Faiten. De Fall gouf och net vun der Press ignoréiert. RTL.lu huet de Moien drop iwwert den Asaz informéiert.

D’Behaaptung vum Facebook-User ass deemno net richteg: Et gouf zwar e gewalttätege Virfall, mee net mat déidleche Suitten.

Hutt Dir Froen oder Ureegunge fir aner Themen? Da mellt Iech ënnert dëser E-Mail-Adress bei der RTL-Faktencheckredaktioun: [email protected]

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.