
Ëmmer erëm kréie mer an de soziale Medie Videoen oder Artikele gewisen, déi gefälscht sinn. Si hunn als Zil, fir un d’Date vun de liichtgleewege User ze kommen oder hinne verschiddenst Produiten ze verkafen.
Ëmmer nees gëtt den Design vu Lëtzebuerger oder internationale Medienhaiser (ënner anerem hei, hei, hei, hei an hei) genotzt, fir falsch Reportagen oder fake Interviewen ënner d’Leit ze bréngen. Ganz dacks geet et inhaltlech an dëse “Reportagen” drëm, datt bekannt Perséinlechkeeten, Politiker oder Membere vun der groussherzoglecher Famill Reklamm fir Produiten oder Änleches maachen, well een domadder “gutt Sue” ka verdéngen.
An engem rezente “Reportage” vum “Luxemburger Wort” ass de Xavier Bettel viséiert. De Lëtzebuerger Ausseminister géif dem Text no Reklamm fir d’Plattform “Token Tact” maachen, mat där een all Dag 7.000 Euro kéint verdéngen, ouni gréisseren Opwand.
Fake Xavier Bettel (9.3.25)
© Screenshots
© Screenshots
© Screenshots
© Screenshots
© Screenshots
© Screenshots
© Screenshots© ScreenshotsLes photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
“Token Tact”: net den éischte Schwindel
Scho Mëtt vum leschte Joer gouf iwwer en änleche Wee probéiert, “Token Tact” zu Lëtzebuerg méi bekannt ze maachen. Deemools goufen der RTL-Moderatrice Mariette Zenners falsch Wierder an de Mond geluecht, fir d’Plattform, déi deem Reportage no anscheinend vum Gaston Reinesch gegrënnt gouf, ze promouvéieren (hei). Dee Video vun deemools war, wéi och de kuerzen Extrait hei drënner vum Xavier Bettel, mat Kënschtlecher Intelligenz esou beaarbecht, datt d’Stëmm an d’Mondbeweegungen op d’Persoun am Video passen, ouni awer datt dës Leit deen Text jeemools esou gesot hunn.
An engem Video, dat mat kënschtlecher Intelligenz verschafft ass, mécht de Lëtzebuerger Ausseminister Reklamm fir Produiten.
Lëtzebuerger Wort hat ni esou een Artikel online
Sicht ee beim Lëtzebuerger Wort no “Xavier Bettel” esou fënnt ee keen Artikel, deen op dat passt, wat am Post gewise gëtt. Och huet d’Wort keen Artikel, deen dësem am Usaz änelt, den 8. Mäerz, wéi et am Post implizéiert gëtt, online gesat.
E weideren Indice ass d’URL, op déi ee kënnt, wann een op den Artikel klickt. Zwar ass den Opbau vun der Säit mam Logo, mam Opbau a mat de Faarwen, deem vum Wort ganz änlech, ma als URL gëtt “briechpunkt.club” uginn. E wichtegen Indice, datt een net op enger seriöer Noriichtesäit gelant ass, well national an international seriö Noriichtenhaiser schécken hir Lieser vun de soziale Medien aus op déi eege Plattformen.
Foto ass iwwerholl vun der Demokratescher Partei
Wann een d’Haaptfoto vum Artikel duerch d’Google Billersich analyséiert, kënnt ee séier op den offizielle Facebooksite vun der DP (hei). Hei hat d’Partei vum Xavier Bettel den 22. Dezember 2021 en Opruff vum deemolege Premier am Kader vun der Coronapandemie publizéiert. “Et ass wichteg, elo virsiichteg ze sinn”, gëtt de Xavier Bettel hei zitéiert. Et ass déi selwecht Pos vum DP-Politiker an och den Hannergrond stëmmt. Eenzeg gouf den Text vun der DP ewechgemaach an duerch de Lëtzebuerger Fändel, wou am Wäissen “Token Tact” steet, ersat.
© Screenshot Facebook Demokratesch Partei
Fazit: De Xavier Bettel mécht net Reklamm fir Token Tact am Luxemburger Wort
Déi Onéierlech, déi de User den Token Tact wëllen undréinen, hunn den Design vum Wort kopéiert, fir hire Message no enger seriöer News ausgesinn ze loossen, an hunn de Xavier Bettel genotzt, deen als Politiker am ganze Land bekannt ass. Den Artikel, op deen d’Leit kommen, ass net vun enger seriéiser Source geschriwwen an déngt just, fir Leit op de Site ze zéien, dee méi wéi eng Kéier dra verlinkt ass. Schonn a méi ale “Reportagë” gouf probéiert, fir Reklamm fir “Token Tact” oder aner Produiten a Säiten ze maachen, andeem d’Fälscher e ganz änleche Wee gaange sinn.
Hutt Dir Froen oder Ureegunge fir aner Themen? Da mellt Iech ënnert dëser E-Mail-Adress bei der RTL-Faktencheckredaktioun: [email protected]
Links