Scroll Top

RTL-Faktencheck: Sechs weesentlech Froen iwwer d’Lëtzebuerger Rentereform

RTL-Faktencheck: Sechs weesentlech Froen iwwer d'Lëtzebuerger Rentereform - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

D’Rentereform fir de Privatsecteur, déi zu Lëtzebuerg diskutéiert gëtt, geet an déi lescht Ronn. Sechs Froen, déi sech stellen, fir ze bestëmmen, wat mat dem System geschéie soll, dee warscheinlech geschwënn defizitär ass.

1. Ginn d’Lëtzebuerger ze fréi an d’Pensioun?

Mat engem gesetzleche Rentenantrëttsalter vu 65 Joer ass Lëtzebuerg fir d’Aarbechter weeder dat generéist nach dat usprochvollst Land an Europa. Awer d’Groussherzogtum schreift eng Karriär vu 40 Joer vir, fir Usproch op seng voll Uspréch ze hunn. Dat ass manner wéi an anere Länner (tëscht 41 an 43 Joer a Frankräich, 45 Joer an Däitschland, 45 Joer an der Belsch).

Der IGSS no ware Lëtzebuerger, déi tëscht 2011 an 2023 an d’Pensioun goungen, am Duerchschnëtt 61 Joer an 3 Méint al. Dräi vu véier waren an der Prepensioun an ee vu véier goung mat 65 Joer an d’Pensioun.

D’Gesondheetsministesch Martine Deprez huet an enger Debatt an der Chamber verséchert, dass d’Regierung de gesetzleche Rentenantrëttsalter vu 65 Joer net untaaschte géif. Dogéint ginn et ëmmer méi Stëmmen, déi d’Lëtzebuerger dozou brénge wëllen, hir professionell  Lafbunn ze verlängeren. Entweeder mat Gewalt (duerch d’Erhéije vun den erfuerderleche Joren oder duerch d’Verréckele vum Startalter fir d’Fréipensionéierung) oder duerch Ureizer, méi laang ze schaffen (z.B. iwwer eng Decote oder e Bonus).

An hirer Ufank Abrëll virgestallter Aarbecht huet d’Fondation Idea dorun erënnert, dass Lëtzebuerg déi längst Pensioun an Europa garantéiert: 25 Joer. Well d’Liewenserwaardung klëmmt, schléit si dohier vir, de Rentenantrëttsalter an d’Dauer vun der Cotisatioun un dës Liewenserwaardung unzepassen, fir dass d’Pensioun net méi laang dauert.

2. Sinn d’Pensiounen zu Lëtzebuerg ze héich?

Enn 2023 louchen d’Pensiounen am Duerchschnëtt bei 2.398,30 Euro, alleguer déi méiglech Formen dovunner zesummegerechent (Alterspensioun, Preretraite, Pension de survie, Invalidepensioun, …). D’Pensioune vun de Pensionnairen, déi just zu Lëtzebuerg geschafft hunn, belafe sech op 3.570 Euro, wärend d’Pensioune vu Pensionnairen, déi och am Ausland geschafft hunn, belafe sech just op 1.614,50 Euro(d.h. d’Leit kréien och aus dem Ausland eng Pensioun ausbezuelt, fir déi Lëtzebuergesch z’ergänzen) 

RTL Montant des retraites au Luxembourg en 2022 selon l’IGSS.

Der Internetsäit “Toute l’Europe” no haten d’Lëtzebuerger Pensionnairen am Joer 2020 en ëm 10 Prozent méi héicht Akommes wéi Aarbechter. En eenzegaartege Fall an Europa.

Allerdéngs mat groussen Ënnerscheeder: D’Mindestrent schützt net virum Aarmutsrisiko (gëtt am nächste Punkt thematiséiert), wärend déi héchst Pensioun mat enger Uewergrenz vun ongeféier 10.600 Euro fënnefmol méi héich ass, awer just vun enger ganz limitéierter Unzuel vu Persoune bezu gëtt.

3. Geet d’Mindestrent zu Lëtzebuerg net duer?

RTL © THOMAS TRUTSCHEL / Photothek Media Lab / dpa Picture-Alliance via AFP

D’Mindestrent pro Mount fir 40 Joer beleeft sech den 1. Januar 2025 op 2.293,55 Euro brutto. Der Chambre des Salariés no ass dat manner wéi de Seuil fir den Aarmutsrisiko. “Schonn 2022 gollt jiddereen, deen iwwer en Nettoakommes vu manner wéi 2.452 Euro de Mount verfüügt hat, als aarmutsgefäerdet”, huet si kierzlech rappelléiert. “Dat bedeit, dass vill Pensionnairen trotz enger kompletter Lafbunn mat engem Bruttoakommes liewen, deen ënner dem Nettoakommes läit, dat fir e mënschewierdegt Liewen ouni Prekaritéit erfuerderlech ass.”

D’Chambre des Salariés seet och, dass “18 Prozent vun de Residenten eng Pensioun vu manner wéi 2.000 Euro de Mount brutto bezéien”. D’Mindestrent gëtt iwwregens haaptsächlech vu Frae bezunn, wat en “Ecart salarial an der Pensioun” verstäerkt, deen den Ecart, dee scho wärend dem Aarbechtsliewe bestoung, verlängert.

Och liesenswäert- Faites le test : avez-vous une bonne retraite au Luxembourg ?

4. Sinn d’Prognose vun der IGSS ze “pessimistesch”?

D’Regierung handelt op der Grondlag vum IGSS-Bilan: Wann näischt ënnerholl gëtt, wäerten déi u fréier Aarbechter bezuelt Pensioune méi kaschte wéi duerch d’erhuewe Cotisatiounen erakommen.

De Bilan vun 2016 sot dës Iwwerschreidung fir d’Joer 2023 viraus. Bei der Aktualiséierung vun de Berechnungen am Joer 2018 huet sech dëse Wendepunkt op d’Joer 2024 verschiibt. De Bilan vun 2022 huet schliisslech geschat, dass d’Bäiträg ab dem Joer 2027 net méi duergoe géifen. An déi lescht, Ufank 2025 publizéiert Schätzung huet en defizitäert Joer ab 2026 ugekënnegt.

Dës reegelméisseg Modifikatioune vun de Prognose si besonnesch op de Lëtzebuerger Wuesstem, d’Demografie vum Land an d’Renditt vum Fonds de compensation (dank de Finanzmäert) zeréckzeféieren. Dës Facteuren hunn dofir gesuergt, dass de System bis elo ausgeglach blouf, hunn awer och all kuerzfristeg Schätzungen onsécher gemaach. Politiker, Gewerkschaften a Patrone si sech awer eens, dass et onverantwortlech wär, an den nächste Joren op e “wirtschaftlechen Eldorado” ze setzen.

Mëttel- bis laangfristeg schätzt d’IGSS, dass d’Pensiounsreserven an den nächsten zwee Joerzéngte vollstänneg opgebraucht wäerte sinn.

5. Sollt de Cotisatiounsplaffong ofgeschaf ginn?

RTL Luc Frieden, Martine Deprez et Serge Wilmes lors du débat de consultation sur la réforme des retraites le 19 mars 2025. / © Chambre des députés / Flickr

Am Joer 2025 erlaabt Lëtzebuerg schaffende Leit, bis zu engem bestëmmte Betrag fir hir Pensioun ze cotiséieren: fënnef mol de Mindestloun, also e bësse méi wéi 13.000 Euro pro Mount. Doriwwer eraus dréit d’Pai net méi zur Pensioun bäi.

Eng Méiglechkeet wär dohier, dëse Montant ze deplafonéieren, fir méi Recettë fir d’Pensiounsfinanzéierung ze hunn. An den Ae vun der Fondation Idea géife Groussverdénger, déi méi bezuelen, och méi héich Pensioune kréien, firwat dës Mesure zu engem Ongläichgewiicht am System féiere géif. Fir eng “positiv” Rechnung fir d’Lëtzebuerger Finanzen opzestellen, schléit Idea vir, just 3 mol 3 Prozent (amplaz 3 mol 8 Prozent) iwwer dem Plaffong ze bezuelen.

D’Gewerkschaften hunn hirersäits d’Méiglechkeet vun engem Deplafonnement vum maximale Cotisatiounsmontant an d’Spill bruecht, ouni de Groussverdénger eppes als Géigeleeschtung unzebidden. Domat géife méi Sue fir de Staat generéiert ginn, awer och eng Ongläichheet tëscht de beschtbezuelte schaffende Leit an dem Rescht vun der Bevëlkerung. Dës héichpolitesch Entscheedung läit soumat bei der Regierung.

6. Sollten d’Pensiounsreserven ugezaapt ginn?

Well Lëtzebuerg Gefor leeft, ab 2026 en Defizit a sengem Pensiounssystem ze hunn, firwat sollt een net d’riseg Reserven notzen, déi am Laf vun de Joren opgebaut goufen? D’Reserve sinn am Moment mat bal 27 Milliarden Euro gefëllt, wat méi wéi véier Joresdepensen entsprécht (wann d’Cotisatioune vun haut op muer ausbleiwe géifen).

Der IGSS no ass et awer den aktuelle Modell, dee bis an d’40er Jore komplett ausgereizt wäert sinn. Bei engem vun der Fondation Idea den 3. Abrëll organiséiertem Ronndëschgespréich huet d’UEL argumentéiert, dass d’Pensionnairen zu Lëtzebuerg dëse Schatz net verpolveren dierften: “D’Reserv muss ofgeséchert ginn. Wannechgelift, plëmmt se net”, huet de Marc Wagener, Direkter vun der UEL, seng Diskussiounspartner opgefuerdert.

Eng Positioun, där sech d’Fondation Idea ugeschloss huet a gläichzäiteg bestridden huet, eng “Pro-Patron”-Logik ze verfollegen. “D’Pensionnairë kënnen net [an d’Pensioun] goen, wa si schonn en Akommes hunn, dat 10 Prozent iwwer deem vun den Aktive läit”, huet den Direkter vun Idea, de Vincent Hein, erkläert.

D’Debatt huet och dorun erënnert, dass d’Récklag an der kapitalistescher Wirtschaft zu Lëtzebuerg och eng Akommesquell ass. Well se op de Mäert ugeluecht gëtt, fléissen hir Erträg an d’Geldstréim vum System. D’Reserven ze notzen, géif also dësen Apport u Sue beanträchtegen.

D’Oppositiounsdeputéiert Djuna Bernard (déi Gréng) huet och argumentéiert, dass d’Reserven net dofir virgesi sinn, “a vollem Ëmfang ausginn” ze ginn. Et bleift also d’Warnung vum Muriel Bouchet, fréieren Direkter vun der Fondation Idea an Ekonomist, dee verséchert, dass d’Efforten ëmsou méi grouss wäerte sinn, ëmsou méi laang Lëtzebuerg domat waart, säi System auszegläichen.

Dëst ass en initiale Faktencheck vun RTL Infos a gouf op Lëtzebuergesch iwwersat.

 

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.