Scroll Top

RTL-Faktencheck: War den Hitler e Kommunist, wéi et ë.a. d’AfD-Politikerin Alice Weidel gesot huet?

RTL-Faktencheck: War den Hitler e Kommunist, wéi et ë.a. d'AfD-Politikerin Alice Weidel gesot huet? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

War den Hitler e Kommunist an domadder lénks an der Politik ze chiffréieren? Ëmmerhi war hie jo Matgrënner vun der NSDAP also der Nationalsozialistische Deutsche Arbeiterpartei.

Am Walkampf fir d’Bundestagswale bei eisen däitschen Noperen hat d’Spëtzekandidatin vun der AFP Alice Weidel am Interview mam Elon Musk op “X” den Hitler als Kommunist a Lénksextreme bezeechent: “Der größte Erfolg nach dieser schrecklichen Ära unserer Geschichte war es, Adolf Hitler als rechts und konservativ zu bezeichnen. Er war das genaue Gegenteil. Er war nicht konservativ. Er war dieser sozialistisch-kommunistische Typ.

Fir déi Ausso ze analyséieren, hu mer mam Historiker Professer Christoph Brüll vun der Uni Lëtzebuerg a mam Politikwëssenschaftler Michel Dormal vun der Uni Oochen dës Ausso analyséiert.

Hitler war e “kommunistesch sozialisteschen Typ”: Ausso ass net nei

Déi Ausso, seet den Historiker Christoph Brüll, datt den Hitler Kommunist gewiescht wier, ass zanter dem zweete Weltkrich ni ganz verschwonnen. Grad konservativ Politiker hunn ëmmer nees gären op dës Rhetorik zeréckgegraff, dorënner och de Franz Josef Strauß am Walkampf fir d’Bundestagswalen 1980. Den CSU-Politiker, deen deemools als Spëtzekandidat géint den Helmut Schmidt vun der SPD ugetruede war, hat den Hitler an de Goebbels als “Marxisten” bezeechent. Deemools war dat séier als “Propaganda enttarnt ginn“, esou de Christoph Brüll.

Dëst Beispill weist och, datt och an der Mëtt vun der Gesellschaft dës Ausso eng gewëss Resonanz fënnt, gëtt den Historiker ze bedenken. “Historesch ass se eendeiteg falsch an och ‘relativ einfach’ ze widderleeën.” Déi éischt Géigner nämlech, géint déi d’Nationalsozialiste virgaange sinn, waren d’Kommunisten an d’Sozialdemokraten, béid d’Haaptfeindbild vum NS-Regimm. Mat gezielter Propaganda, virun allem bei den däitsche Zaldoten, hu si probéiert duerzeleeën, datt d’Judden hannert dem Bolschewismus stéingen – eng Theorie, déi duerch d’Realgeschicht kloer widderluecht ass.

De Politikwëssenschaftler Michel Dormal gesäit dat ganz änlech: “De Kommunismus respektiv de Bolschewismus ware fir den Hitler vun Ufank un ee vun de wichtegste Feindbiller.” Och d’Wirtschaftspolitik vun der NSDAP war net kommunistesch. Si “huet op eng enk Zesummenaarbecht mat groussen Entreprise gesat, deene vill Privileegie gelooss goufen.”

RTL

An der Iddiegeschicht ginn et méi Richtungen, fir d’Thema ze widderleeën. Politiker vun der neier Rietser beruffe sech gären dobäi op e vermeintlecht Zitat vum Joseph Goebbels:  “Der Idee der NSDAP entsprechend sind wir die deutsche Linke. Nichts ist uns verhasster als der rechtsstehende nationale Besitzbürgerblock“, wat dësen awer ni gesot huet. Dat huet och schonn den Historiker Volkter Weiß an engem Interview mat “Die Zeit” den 19. Februar 2025 erkläert. Zanter de 70er an 80er Jore vum leschte Joerhonnert héiert deen dëst falscht Zitat ëmmer nees an der Neier-Rietser-Zeen. Tatsächlech koum eng liicht ofgeännert Versioun vun engem anere Nationalsozialist, dem Joachim Haupt, deen dem nationalrevolutionären – also lénke – Fligel vun der NSDAP ënner dem Ernst Röhm ugehéiert huet.

Wéi de Weiß an “Die Zeit” betount, gouf dëse Fligel schonn 1934 vun den Nationalsozialiste “brutal kalgestallt”. Hie beschreift dat och méi am Detail a sengem Buch iwwer déi nei Riets mam Titel “Das Deutsche Demokratische Reich”.

Sozialist ass net gläich Sozialist

D’NSDAP huet ënnert de Begrëffer “Sozialismus” an “Aarbechterpartei” eppes Grondsätzleches Aneres verstanen, wéi et déi klassesch sozialistesch a marxistesch Parteie maachen, esou den Christoph Brüll. Dat ass och de Kärpunkt: Schonn an den 1920er Joren hu Goebbels an Hitler dës Begrëffer fir hir Zwecker ëmdefinéiert, mat dem Zil, d’Aarbechterklass als Wielerschicht unzezéien. D’Partei wollt domat en Ënnerscheed zu de rietsnationalen a konservative Parteien setzen, déi éischter op en elitistesche Publikum aus waren.

De “Sozialismus” vun der NSDAP hat näischt mat enger egalitärer Gesellschaft ze dinn,”wéi se theoretesch de Sozialisten a Marxisten virgeschwieft huet, mä et goung natierlech drëm, déi ethnesch an antisemittesch Iddi vun der Vëlkergemeinschaft ze propagéieren“. Mam Begrëff vum Sozialismus wollten d’Nationalsozialisten, wann aus dem Bléck vun der Iddiegeschicht kuckt, einfach déi grouss Mass an der Populatioun uschwätzen. D’Mass vun der Populatioun wier awer Kollektivismus, sou d’Argumenter vun der neier Rietser, an dat géif suggeréieren, datt den Nationalsozialismus marxistesch Zich hat. “Dat ass awer grondfalsch“, erkläert den Historiker, wann een déi “Ëmdeitung net versteet, datt Sozialismus an Aarbechterpartei u sech just eng Offer un d’Aarbechterklass ass, fir un der Vëlkergemeinschaft deelzehuelen.

Et huet also näischt mat der “eigentlecher Iddi vu Marxismus a Sozialismus am strenge Sënn ze dinn“, gëtt de Christoph Brüll ze bedenken. D’NSDAP war weder eng Aarbechterpartei, nach wollt si jeemools eng sinn. Si huet d’Aarbechter instrumentaliséiert, fir un d’Muecht ze kommen. Och wann d’Partei ënner hirer Herrschaft e soziaalt Klamme versprach huet, war hir Haaptwielerschaft déi “verängschtegt Mëttelschicht“.

Hitler war net lénks, mä och net konservativ

Wa mer de Bléck aus der Politikwëssenschaft op dës Zäit an op d’Positioun vun der NSDAP geheien,  kann ee soen, datt dës net lénks anzestufe war, ma si war och keng konservativ Partei. Wéi schonn de Christoph Brüll erkläert huet, confirméiert och de Politikwëssenschaftler Michel Dormal, datt d’Nazien d’Grondprinzippie vun der lénker a kommunistescher Ideologie net gedeelt hunn, “wéi zum Beispill d’Iddi vun der Gläichheet tëscht de Mënschen, d’Prioritéit vum Klassekampf oder den opklärereschen Universalismus.” Am Géigendeel: D’NSDAP huet dës Wäerter aktiv bekämpft.

Aus politikwëssenschaftlecher Siicht war si och net konservativ. Konservativ bedeit, dat Bestoend ze erhalen. D’Nazien hu sech awer fir eng radikal Erneierung agesat, fir eng vëlkesch “Widdergebuert”, esou de Michel Dormal. Dofir wollt een déi komplett politesch Strukturen ëmbauen. “Willkürleche Führerwëllen, Massebeweegung a paramilitäreschen Terror waren eppes ganz aneschters wéi dat aalt Preisescht Beamtentum, dat zwar autoritär, awer berechebar a stabilitéitsorientéiert war.

De Politikwëssenschaftler ass doranner kloer: “Dat ass net konservativ.” Trotzdeem waren d’Nazie ganz kloer “riets”. “Et gëtt eben och eng riets-revolutionär Politik.”

Hitler a Stalin: Brüder im Geiste?

RTL © AFP

Sécher ginn et Gemeinsamkeeten tëscht dem Hitler-Regime an Däitschland an dem Stalin-Regime a Russland, seet den Historiker Christoph Brüll an nennt de “Führerkult” an déi charismatesch Herrschaft als Beispiller. Béides ware jo Diktaturen, déi probéiert hunn, déi ganz Populatioun ze beaflossen. An der aktueller Fuerschung läit de Fokus awer éischter op den Ënnerscheeder tëscht dësen zwou Forme vun der Diktatur. Kloer ass och: A béide Regimmer huet d’Militariséierung eng zentral Roll gespillt an d’Ziler solle souwuel an der Sowjetunioun wéi och an Nazidäitschland esou séier wéi méiglech ëmgesat ginn.

Ideologesch gesi waren d’Viraussetzunge vum Stalin an Hitler awer ganz verschidden.

Esou baséiert de Kommunismus “op d’mannst theoretesch op der Inclusioun vun der ganzer Gesellschaft, wärend bei den Nationalsozialisten d’Volleksgemeinschaft ontrennbar vun der Exklusioun vun der Gesellschaft war.” An Däitschland goufen ënner anerem déi Mënschen, déi als Judden definéiert goufen, souwéi d’Sinti a Roma komplett aus der Gesellschaft ausgeschloss. “Dee Vergläich kann ee maachen, et muss een awer och gesinn, datt d’Viraussetzungen an d’Ausgangsbedingunge komplett anerer waren“.

Och aus politesch-wëssenschaftlecher Siicht kann een déi zwou Ideologien an dësem Kontext vergläichen. Den Antisemitismus war a béide Lagere present: op der rietser Säit rassistesch a biologesch motivéiert, op der lénker Säit mat anere Grënn verbonnen. Hei war et éischter “a Verbindung mat enger verkierzter Kapitalismuskritik. De Kapitalismus gëtt mam ‘Finanzkapital’ gläichgesat, an d’Finanzkapital gëtt mat enger klenger, konspirativer Grupp vu räiche Bankleit, déi Profit iwwer alles stellt, identifizéiert.” De Michel Dormal confirméiert, datt et partiell Gemeinsamkeeten tëscht rietsextremem a lénksextremem Antisemitismus gëtt, “mä dat läit dorunner, datt et sech a béide Fäll eben ëm Antisemitismus handelt.” De Politikwëssenschaftler gëtt ze bedenken, datt u sech keng politesch Beweegung dogéint immun ass, “och wann dat vu verschiddene Leit gäre gegleeft gëtt“.

Et kann een also soen, datt dat, wat den Hitler an de Stalin vereent huet, war den Opbau vun enger Diktatur. Beim Verglach vun dësen zwee Regimmer fënnt ee “sécher Gemeinsamkeeten, wéi de Perséinlechkeetskult“, esou de Christoph Brüll. Gläichzäiteg géif et awer och grouss Ënnerscheeder ginn, besonnesch wat d’Roll an den Asaz vu Gewalt ugeet. Och wa Gewalt op béide Säite present war, “weise sech d’Ënnerscheeder an der konkreter Ausübung.

Hitler e Kommunist? Ënner Historiker keng eescht gefouert Diskussioun!

Wuel gouf et Gespréichsronnen, bei deene sech mam Thema befaasst gouf, ob den Hitler e Kommunist soll gewiescht sinn, “ënner Historiker gëtt dat awer net eescht diskutéiert“, esou de Professer Christoph Brüll. Net ze verleegnen ass, datt et am Nationalsozialismus – wéi och am Kommunismus – eng breet Massemobiliséierung an d’Méiglechkeet fir sozialen Opstig gouf. Iddiegeschichtlech awer ass kloer: Den Haaptfeind vun den Nazie war d’Lénks.

Dat ënnersträichen eng Rëtsch Aussoe vum Goebbels a vum Hitler selwer. Béid hätte sech – am klassesche Sënn vun der Iddiegeschicht – ni als “lénks”, respektiv “kommunistesch, marxistesch oder sozialdemokratesch” verstanen.

NS-Zäit gëtt vu ville Säiten ideologesch “ëmgedeit”

RTL © Photo by KAY NIETFELD / dpa-POOL / dpa Picture-Alliance via AFP

Esou gesäit dat och de Politikwëssenschaftler Michel Dormal. Hie weist drop hin, datt et ëmmer erëm Versich gëtt, den Nationalsozialismus ideologesch ëmzeinterpretéieren, fir eegen Ziler ze ënnerstëtzen. Déi Liberalkonservativ notze se beispillsweis als Argument géint “d’Herrschaft vum Pöbel“, wärend d’Gauche den Nationalsozialismus als “Mask vun der aler Bourgeoisie“, déi einfach hir demokratesch Fassad ofleet, versteet.

Am Fall vun der Alice Weidel ass et fir d’éischt mol e klore Versuch, sech op relativ bëlleg Aart vum Verdacht vum Nationalsozialismus ze distanzéieren“, seet de Michel Dormal. D’AfD befënnt sech hei an enger spezieller Konstellatioun, well et “zwou Stréimunge bannent der Partei” gëtt. D’Alice Weidel steet fir eng westdäitsch, strikt neoliberal Linn, “déi sech bei US-Tech-Milliardären aschleimt an duerch hir komesch Interpretatioun vun der Geschicht Gemeinsamkeete mat Leit wéi dem Elon Musk konstruéiert.”

Am Osten dogéint ass d’Iddi vun der “Volleksgemeinschaft” méi verbreet, eng Visioun, déi méi no um nationalsozialisteschen Original läit. “Dës verzerrt Geschichtsdeitung vun der Weidel ass also och en Deel vum interne Sträit an der AfD doriwwer, wéi eng Form vu rietser Politik si wëlle representéieren.

Hutt Dir Froen oder Ureegunge fir aner Themen? Da mellt Iech ënnert dëser E-Mail-Adress bei der RTL-Faktencheckredaktioun: [email protected]

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.