
D’Zuele vun der Police weisen et – zu Lëtzebuerg ginn et ëmmer méi Fäll vu Bedruch. Virop Online fanne Krimineller hir Affer.
D’Initiativ Bee Secure setzt sech fir méi Sécherheet am Internet an. De Service kläert net nëmmen driwwer op, wéi een am Netz net an d’Fal vun Onéierlechen tappt, ma steet och berodend zur Säit, wann et bis geschitt ass. Mir hu mam Igor Loran vu Bee Secure iwwer den Darknet geschwat an hu bei der Police nogefrot, wéi grouss d’Chancë sinn, seng Suen no enger Arnaque nach erëm ze kréien.
Wann Dir méi iwwert déi heefegst Arnaquen zu Lëtzebuerg wëllt gewuer ginn, a wéi ee sech virun Online-Kriminelle schütze kann, da liest hei deen éischten Deel an eiser Serie “Bei Bee Secure nogefrot”.
Den Darknet – eng Handelsplattform fir perséinlech Donnéeën
Den Igor Loran ënnerscheet tëscht “Clean web” – also der Internet-Surface, déi een einfach esou zum Beispill iwwer Sichmaschinne fanne kann, an dem “Darkweb”, dee vill méi déif geet. Do kënne Krimineller zum Beispill grouss Datesäz mat perséinlechen Donnéeë kafen, an dës fir hir Arnaquen ausnotzen. “Do zerwéiere sech d’Betrüger och ganz gären, wëll se wëllen hir Bedruchsmasche scho geziilt gestalten”, seet den Igor Loran. Déi Donnéeë kënnen iwwer Phising-Emaile geklaut gi sinn, ma et muss een emol net zwangsleefeg op esou eppes erafalen, fir datt engem seng Donnéeën am Darkweb zirkuléieren.
Och zum Beispill iwwer Dateleaks vun Online-Plattformen, wéi et se ënner anerem scho bei Facebook, Instagram oder TikTok gouf, kënnen Donnéeën an den Darkweb geroden. Email-Adressen, Numm, Adress, Matricule, Bankinformatiounen – alles ka sech hei erëmfannen. All dës Donnéeë ginn da vun de Kriminelle gesammelt a gebündelt am Darkweb verkaaft.
Ob Är perséinlech Donnéeë scho verluergaange sinn, kënnt Dir ënnert anerem iwwert de Site haveibeenpwned.com erausfannen. Do kann een nosichen, ob déi eegen E-Mail schonn Deel vun engem Dateleak war. “Ass et Gréng, ass dat nawell keng 100-Prozenteg Sécherheet. A Rout ass och keng 100-prozenteg Alarmstuf”, ergänzt den Igor Loran vu Bee Secure awer. Trotzdeem sollt ee bei Rout direkt verschidde Mesuren ergräifen – Passwuert änneren, Zwee-Faktor-Authentifikatioun ariichten, oder d’E-Mail-Adress villäicht souguer desaktivéieren.
Iwweregens – och dat stäerkste Passwuert bréngt näischt, wann een et Onéierlechen um sëlwere Plateau presentéiert, andeems ee sech zum Beispill iwwert enger Phishing-Mail aloggt. Dowéinst ass et och wichteg, fir fir all Plattform een anert Passwuert ze hunn.
Ginn Arnaquë méi heefeg? Wat soen d’Zuelen?
Et ass net just ee Gefill – d’Zuel vun de Bedruchsfäll, déi der Police gemellt ginn, geet tatsächlech erop. Virun allem am Beräich vum Online-Bedruch gëtt et eng Hausse ze verzeechnen. An de Statistike vun der Police goufen am éischte Corona-Joer 2020 “just” 1.475 Fäll vu Bedruch (souwuel Online, wéi och iwwer aner Weeër) gezielt, wärend et 2024 scho 6.382 Fäll waren – eng Hausse vu ronn 333 Prozent iwwer just véier Joer. D’Police schwätzt an hirem Rapport vun enger “impressionanter Well” u Fäll am Joer 2024. D’Zuel vun aneren Delikter, wéi zum Beispill Abus de Confiance oder och Identitéitsklau, sinn dogéint verhältnesméisseg stabel bliwwen.
An den Zuele vu Bee Secure stécht virun allem d’Joer 2021 ervir. 357 Uriff wéinst Internetkriminalitéit sinn dat Joer erakomm, am Verglach zu nach 205 Fäll am Joer virdrun. Och 2025 versprécht, an där Hisiicht nees chargéiert ze ginn. Eleng tëscht Januar a Mee 2025 si bei Bee Secure schonn 166 Uriff wéinst Cyberkriminalitéit agaangen.
“Et ka bal all Mënsch ee potentiellt Affer vu Bedruchsmasche ginn”, esou den Igor Loran. Besonnesch bei ganz jonke Persounen an eelere Leit ass de Risiko awer méi héich. Déi ganz Jonk hätten deelweis nach keng Erfarung a géifen dowéinst villäicht net esou séier mësstrauesch ginn, seet den Igor Loran. Bei eelere Leit wier et dacks Iwwerfuerderung mat den neien Technologien, déi si méi ufälleg géif maachen. Fir si gëtt et speziell d’Offer Goldenme – hei ginn et ënner anerem gratis Coursen, fir sech weiderzebilden.
Wéi héich sinn d’Zommen, déi geklaut ginn? Ginn et Chancen, seng Suen erëmzekréien?
D’Zomm, mat där Krimineller sech ewechmaache kënnen, variéiert staark. “A Fäll, bei deenen déi Onéierlech un d’Sécherheetscodë vun hiren Affer gelaangen, handelt et sech meeschtens ëm Zommen tëscht 1.000 an 10.000 Euro. Bei Schock-Uriff kënnen dëst och méi héich Zomme sinn”, heescht et vun der Policespriecherin Pauline Maes. Den Igor Loran vu Bee Secure schwätzt bei Extremfäll souguer vun Zommen am sechsstellege Beräich. Esou ee Fall gouf et zum Beispill rezent a Rheinland-Pfalz, wou ee Mann mat engem Schock-Uruff méi wéi 1 Millioun Euro geklaut krut.
Wéi héich d’Warscheinlechkeet ass, datt d’Affer seng Suen nach emol erëmgesäit, hänkt dobäi och vill dovunner of, wéi séier een op de Bedruch reagéiert. Wann ee senger Bank Bescheed gëtt an d’Police direkt mat involvéiert, kann en Transfert deemno wéi nach gestoppt ginn. “Oft bemierken d’Leit allerdéngs eréischt, datt si Affer vun engem Bedruch goufen, wann d’Sue bis ofgebucht sinn, an dann ass et oft ze spéit”, esou d’Pauline Maes vun der Police.
Am Beräich vun den Arnaquë wieren d’Suen dacks séier op Konten an anere Länner transferéiert, mat deene keng Relatioune bestinn, oder wou eng Zesummenaarbecht wéinst dem Bankgeheimnis schwiereg wier. “Innerhalb vun Europa funktionéiert déi Zesummenaarbecht besser, allerdéngs ginn déi Transaktioune wéi gesot séier iwwert dës Grenzen eraus”, erkläert d’Pauline Maes. An esou Fäll kéimen dacks Mëttelsmänner – sougenannte “Money mules” – an d’Spill, déi zum Beispill hir Konten zur Verfügung stellen, fir d’Suen ze wäschen. Och dat ass natierlech strofbar, esou d’Pauline Maes. Dacks gi Jonker als “Money mules” cibléiert, an net ëmmer wësse si, datt si op dës Manéier benotzt ginn.
Wéi eng Servicer bitt Bee Secure un?Bee Secure ass eng Initiativ fir méi Online-Sécherheet zu Lëtzebuerg. Un d’Organisatioun kann ee sech mat all senge Froe ronderëm Internet- a Datesécherheet wenden – esouwuel preventiv, awer och, wann d’Kand schonn am Pëtz läit. Wien op der Bee Secure Helpline urifft, bleift komplett anonym. Och op der Stopline kann een Inhalter anonym mellen. Do, wou Bee Secure selwer net weiderhëllefe kann – zum Beispill bei rechtleche Froen – verweisen d’Experten d’Clienten un déi relevant Ulafstell. Bee Secure bitt awer och Trainingen un. Experte vu Bee Secure ginn an d’Schoulen, bidde Weiderbildungen un, an organiséieren Elterenowenter a sougenannten “Expertentrios”. Eeler Leit fannen iwwerdeems eng Ulafstell bei Goldenme, wärend Firme sech un d’House of Cybersecurity riichte kënnen.
Helpline oder Stopline – u wie riichten ech mech?Op d’Helpline kënne Kanner, Jugendlecher an Erwuessener uruffen, an och Léierpersonal ka sech hei berode loossen. Um Telefon oder iwwert ee Formular kritt een nieft perséinlecher Ënnerstëtzung och Informatiounen a Berodung ronderëm d’Thema Online-Sécherheet. Iwwer d’Stopline vu Bee Secure kann een illegale Contenu am Netz mellen, zum Beispill wann dëst sexuelle Mëssbrauch, Rassismus, Diskriminéierung oder Terrorismus betrëfft. Net dozou gehéieren allerdéngs individuell Fäll vu Beleidegung, Cybermobbing, Falschnoriichten oder Arnaquen. Hëllef zu dësen Themen kritt ee bei der Bee Secure Helpline.