Scroll Top

Schueberfouer: All Joer zwou Millioune Visiteuren? Si gi gezielt, esou d’Ville de Luxembourg

Schueberfouer: All Joer zwou Millioune Visiteuren? Si gi gezielt, esou d'Ville de Luxembourg - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Am Kader vum internationale Faktencheckdag hate mer eis User opgeruff, fir eis Sujeten eranzeschécken, déi si gäre vun der RTL-Faktencheck-Redaktioun iwwerpréift hätten.

Vun de villen Ufroen, déi mer kruten, hu mer eis an enger éischter Linn dofir decidéiert, ze probéieren, Sujeten, déi op de Grand-Duché bezu sinn, nozegoen. Eng vun den Ufroen huet sech mat der Schueberfouer beschäftegt:

Gëtt et all Joer 2 Millioune Visiteuren op der Schueberfouer, egal wéi laang se ass?!

Gëtt iwwerhaapt vun zwou Millioune Visiteure geschwat?

Wann een nom Bilan vun der Schueberfouer online sicht, taucht ëmmer nees eng Zuel op: “Zwou Millioune Visiteuren”. Dat esouwuel um offizielle Site vum Grand-Duché “Luxembourg.lu” (hei an hei), an der Press (hei, hei, hei an hei) an op Wikipedia, wou déi selwecht Zuel vu Visiteure scho fir 2010 (hei) an 2024 ugi gëtt (hei). Bei Wikipedia ass dann esouguer ze liesen, datt et sech bei den zwou Millioune Visiteuren ëm en “Duerchschnëtt handelt” an an der Press fënnt een déi Zuel als “Aschätzung vun den Organisateuren” schonn zanter Joren.

Wie gëtt déi Zuelen eraus?

Fir de genannte Chiffer erauszefannen, hu mer bei der Police an dem CGDIS, déi jo béid op der Schueberfouer aktiv sinn, nogefrot. Vun der Police heescht et, datt si zwar fir verschidde Manifestatiounen am Land Zuele publizéieren, dat awer éischter bei gréisseren Demonstratiounen, wou si schonn am Virfeld eng Aschätzung vun den Organisateure respektiv vun de Gemengenautoritéiten iwwer d’Zuele vun de Participanteë kréien. Fir d’Schueberfouer ass dat net de Fall. Eng änlech Reaktioun koum och vum CGDIS. Si géife keng Aschätzunge bei esou Evenementer maachen, heescht et vun do. Si hunn eis nach un d’Stad Lëtzebuerg verwisen.

Och vun der Luxembourg Confederation, also déi d’Interessie vun de Foraine vertrëtt, kënne keng Zuelen zu der Fouer genannt ginn. Déi Fro passt net an de Ressort vun der Federatioun, heescht et. Och d’Federatioun huet eis un d’VDL verwisen.

Mir haten ënner anerem d’Stater Märei kontaktéiert, fir dëser Zuel nozegoen. Ma fir den 2. Abrëll hate mer keng Réckmeldung kritt. Dofir hate mir eng éischt an net fäerdeg Versioun vun dësem Faktencheck erausginn. D’Prezisioun zu den Zuele koum zwee Deeg nom Stéchdatum. Deemno geet ee bei der Ville de Luxembourg effektiv all Joer vu bis zu zwou Millioune Visiteuren aus.

Wéi kënnt een op dee Chiffer?

Aus der Stater Märei heescht et, datt d’Visiteuren an all den Entréeë vum Fouersite wärend den offiziellen Ëffnungszäite gezielt ginn. Datt ee mat dëser Method keng honnertprozenteg kloer Zuele ka kréien, ass och bei den Autoritéite gewosst.”Vue datt an den Entréeë vill Beweegung ass an obwuel d’Passagë beschtméiglech gezielt ginn, sinn dës Zielungen net 100% präzis“, heescht et an der Äntwert vum Organisateur. Trotz dëser Marge d’erreur ginn d’Servicer vun der Stad Lëtzebuerg dovunner aus, datt all Joer tëscht annerhallef an zwou Millioune Visiteuren all Joer op d’Schueberfouer kommen.

Visiteuren oder Visitten?

Déi kuerz Äntwert, déi mer vun der Stater Gemeng kruten, erkläert wuel, datt d’Leit gezielt ginn, léist awer verschidde Froen op. Gëtt sech den Organisateur vun der Fouer eng Marge vu 500.000, well d’Zielungen eben net honnertprozenteg präzis sinn? An, nach méi wichteg, sinn  mat “Visiteuren”, vun deene si selwer an hirer Äntwert schwätzen, net éischter “Visitte” gemengt? Well mam System vun der Stater Gemeng, fir d’Leit ze zielen, schéngt et eis schwéier bis onméiglech erauszefilteren, wéi dacks eng eenzel Persoun pro Joer op d’Schueberfouer geet.

Leider konnt d’Stater Gemeng eis hei, obwuel mer méi dacksnogefrot hunn, keng weider Erklärungen oder Detailer ginn. Esou datt et eis wéinst Manktem un Informatiounen net méiglech ass, dësen Detail präzis beäntwere kënnen.

Fazit: Autoritéiten zielen d’Leit, bleiwen awer onprezis an hiren Äntwerten

D’Gemeng ass ganz kloer an hirer Ausso: “‘Zielunge sinn net 100% präzis“, wat bei de ville Beweegungen an de verschiddenen Entréeë vun der Fouer och nozevollzéien ass. Trotzdeem geet ee vun annerhallef bis zwou Millioune Visiteuren aus. Baséiert ee sech eleng op d’Zuele vun der Zielung, misst een awer éischter vu “Visitten” wéi vu “Visiteure” schwätzen, well Leit, déi méi dacks an engem Dag oder wärend der ganzer Fouerzäit op de Glacis kommen, och ëmmer nei gezielt ginn.

Ganz präzis ze soen, wéi vill Leit genee all Joer op d’Fouer kommen, ass net esou méiglech, wéi datt elo bei engem Fräizäitpark machbar ass, wou een Entrée bezilt, fir eranzekommen. Warscheinlech och dofir léisst den Organisateur sech eng Marge vu ronn 500.000 Leit bei den Zuelen, déi eis op Nofro genannt goufen.

Hutt Dir Froen oder Ureegunge fir aner Themen? Da mellt Iech ënnert dëser E-Mail-Adress bei der RTL-Faktencheckredaktioun: [email protected]

Links

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.