
Déi schottesch Uertschaft Paisley huet op hirer Kierch aus dem 12. Joerhonnert e Waasserspäizert, deen engem Xenomorph extreem änelt.
Ëmmer nees fënnt een an de soziale Medien, vun Instagram (hei), iwwer X (hei) bis Reddit (hei) d’Foto vun dëser Figur an et ginn eng jett Videoen op Youtube (ë.a. hei), déi sech domadder beschäftegen. Dobäi handelt et sech ëm e Waasserspäizert, Gargoyle op Englesch, deen un der Kathedral vu Paisley fixéiert ass.
Wisou ginn et op ale Kierchen a Kathedrale Gargoyles?
Den däitschen Numm vum Gargolye, Wasserspeier, gëtt der Figur schonn eng zimmlech praktesch Definitioun. Fréier, wéi et nach keng Offlossréier gouf, huet d’Waasser jo iergendwéi misste vun den Diech vun de grousse Gebaier kommen. Dowéinst huet een da Lächer gemaach, fir d’Waasser oflafen ze loossen. Fir datt d’Waasser aus de Lächer awer net einfach esou laanscht d’Fassad erofleeft, huet een hei e Rouer aus Blech oder Steen fixéiert, fir d’Waasser am grousse Bou vum Gemaier ewech eroflafen ze loossen. Op de Kierchen huet een déi Réier da gären hannert Figure verstoppt, fir datt et méi propper ausgesäit.
An der gotescher Bauweis, déi een a ville Kierche queesch duerch Europa erëmfënnt, hate vill Gargoyles dann d’Form vun Dämonen, Déieren, Fabelwiesen oder Wiesen aus der Hell. Dës Figure sollen d’Kierch virum Béise schützen. D’Iddi dohannert ass, datt dat Béist quasi e Spigel virgehale kritt a wann et esou eppes Grujeleges gesäit, et erëm geet. (Déi ganz Definitioun op Domradio.de vun der Diözes Köln).
E Xenomorph als Gargoyle? Zoufall, Viranung oder gewollt?
Komme mer zeréck bei de Fall vun der Kathedral a Schottland. Déi Biller, déi een am Internet ëmmer erëm gesäit, vun enger Figur aus den Alien-Filmer, déi hei als Waasserspäizert hänkt, sinn echt. Awer si si bei wäitem net esou al, wéi d’Kathedral, déi aus dem 12 Joerhonnert ass.
View this post on Instagram
Wéi een op verschiddene Säite liese kann ass et keen Zoufall, datt d’Figur esou ausgesäit, wéi se ausgesäit. 1991 nämlech huet d’Paisley Abbey misste restauréiert ginn an 12 vun den 13 Waasserspäizerte waren esou duerch d’Waasser beschiedegt, datt se hu missten ausgetosch ginn. Dat kann een um Site vu Paisley Heritage liesen, wou een och op den Numm vun der Persoun trëfft, déi den Alien-Gargoyle designt huet: Den David Lindsay.
D’Aarbechte goufe vun enger Firma, déi op d’Aarbechte mat Natursteen spezialiséiert ass, duerchgefouert. Fir déi 12 Gargoyles z’ersetzen, goufen 20 Skizze virgeluecht. D’Skizze waren all verschidden, sinn individuell zesummegestallt a gréissten Deels um 20. Joerhonnert inspiréiert, wéi den David Lindsay an engem Gaaschtbäitrag op “Stirling City Heritage Trust” geschriwwen huet. De Lindsay seet, datt hien e grousse Fan vum Ridley Scott sengem Film vun 1979 war an datt hie sech dowéinst och um Xenomorph, dee vum Schwäizer Artist H.R. Giger entworf gouf, inspiréiert huet. Hie selwer war méi wéi erstaunt, datt seng Figur ënnert den 12 war, déi de Client an Optrag ginn hat.
An esou koum et, datt op enger Kathedral a Schottland eng Figur hänkt, déi där vun engem Xenomorph aus den Alien-Filmer staark änelt. Si ass awer net just eng Referenz op d’Pop-Culture, mä erfëllt och ganz normal hiren Zweck: Si späizt Waasser, wann et sech ze vill um Daach vun der Kathedral gesammelt huet.