Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

RTL-Faktencheck: Wéi zouverlässeg si Wiederprevisioune wierklech?

RTL-Faktencheck: Wéi zouverlässeg si Wiederprevisioune wierklech? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

© RTL-Grafik

Et kennt een et: Verléisst ee sech op d’Wiederprevisioune kënnt et anescht, a gleeft een hinnen net, steet een awer nawell dacks am Reen. Mee wéi zouverlässeg si Wiederprevisiounen hautdesdaags wierklech, a wéi eng Faktore spillen eng Roll?

Schonn eng Woch virdru gouf Alarm geschloen: en Dënschdeg d’lescht Woch sinn zu Lëtzebuerg Temperaturen ëm déi 39 Grad erreecht ginn. Sechs Deeg virdrun den 13. Juli hat den Ëmweltministère iwwerdeems zesumme mam Waasserwirtschaftsamt eng Phase de Vigilence fir Dréchent ausgeruff. Doranner war ënner anerem ze liesen, datt iwwert déi kommend zwou Wochen Temperature vun iwwer 30 Grad an eng Absence vu Reen ze erwaarde wieren.

RTL-Faktencheck: Wéi zouverlässeg si Wiederprevisiounen?

Mä wéi laang am viraus kann een eigentlech zouverlässeg Wiederprevisioune maachen? Kann ee pauschal soen, datt et ee waarme Summer, bezéiungsweis een naasse Wanter wäert ginn? An ass et zum Beispill méi einfach, eng Hëtztwell virauszesoen, wéi Donnerwiederen an Iwwerschwemmungen?

Dës an aner Froen hu mir dem MeteoLux-Meteorolog Luca Mathias gestallt. Virop gesot: Konkret Äntwerte ginn et net op all Froen.

Wéi vill Deeg am viraus sinn zouverlässeg Wiederprevisioune méiglech?

Datt eng Wiederprognos fir den nächsten Dag eng Trefferquot vun zum Beispill 90 Prozent, an déi fir den iwwernächsten Dag eng vu beispillsweis 75 Prozent hätt, kann een net esou global soen. D’Treffsécherheet ka souwuel vun de Wiederparameter – zum Beispill Temperatur, Nidderschlag oder Wand – wéi och vun der Wiederlag ofhänken, erkläert de Meteorolog Luca Mathias.

“Heiansdo huet ee stabil Grousswiederlage mat Héichdrockgebitter, déi engem eng immens fiabel Previsioun bis zum 5. oder esouguer 7. Dag erlabe kënnen. Am Kontrast dozou huet een awer och emol mat Wiederlagen ze kämpfen, déi engem et scho schwéier maachen, fir déi nächst zwee bis dräi Deeg eng fiabel Previsioun erauszefilteren.”

Allgemeng hätt ee bei eis an der Regioun bei de Previsiounen awer eng “relativ gutt an akzeptabel Zouverlässegkeet” bis zum drëtten Dag, woubäi d’Viraussoen doriwwer eraus mat der Zäit ëmmer méi onzouverlässeg ginn.

Op der Meteo-Säit vun RTL.lu ass dowéinst och eng detailléiert Wiederprevisioun iwwer dräi Deeg ze gesinn, awer just eng méi generell Vue op déi nächst fënnef Deeg, wéi de Meteorolog Fabian Ruhnau vu Kachelmannwetter erkläert. D’Donnée vun den diversen Wiederstatiounen, déi Kachelmannwetter zu Lëtzebuerg bedreift, fléissen och an d’Wiederprevisioune vun RTL mat an.

Si verschidde Wiederphenomener méi einfach virauszesoe wéi anerer?

Och heirop kann een dem MeteoLux-Expert no keng pauschal Äntwert ginn. Fir déi am Verglach relativ kleng Surface vu Lëtzebuerg ass et allgemeng awer méi einfach, groussflächeg Wiederphenomener virauszesoen – zum Beispill eng Hëtztwell – , wéi méi lokal Wiederphenomener wéi Stuerm, Wand oder och Knëppelsteng. Mä och dës Previsiounen hunn hir Limitten.

Schonn an der Woch viru leschtem Dënschdeg, wou de Quecksëlwer plazeweis op bal 39 Grad geklommen ass, hat den Ëmweltministère an engem Schreiwes un d’Press geschriwwen: “Les prévisions météorologiques annoncent des températures au-dessus de 30°C durant les deux semaines à venir, ainsi qu’une absence de précipitations.”

Dëse Saz wier esou awer “faktesch net korrekt” gewiescht, erkläert de Mathias. D’Previsiounen hätten dat “esou ni uginn”, respektiv et hätt nach signifikant Onsécherheete fir déi zweet Woch ginn. Zwar kéint een Hëtztwellen dacks méi zouverlässeg viraussoe wéi aner extrem Wiederphenomener, an och Drécheperiode kéinte schonn emol op fënnef bis siwen Deeg virausgesot ginn, mee dëst géif eben och ëmmer staark vun der der Stabilitéit an der Komplexitéit vun der Grousswiederlag ofhänken.

RTL D’Pompjeeë läschen e Feier, dat op engem Feld tëscht Schrondweiler a Schieren ausgebrach war. (19. Juli 2022) / © Ketty a Rom Hankes

Wat déi schlëmm Iwwerschwemmungen am Juli 2021 zu Lëtzebuerg, an Däitschland, an an der Belsch ugeet, esou hätt een deemools scho ronn zwee bis dräi Deeg am Virfeld relativ zouverlässeg soe kënnen, datt eng Dauerreensituatioun op d’Land géif duerkommen. Zu den tatsächleche Quantitéiten u Reen, déi op d’Land kéinten erofprasselen, gouf et awer nach bis kuerz virdrun “zimmlech signifikant Onsécherheeten”.

“A punkto Dauerreen, deen oft mat enger quasi-stationärer Front zesummenhänkt, kënne kleng Verännerunge vun der Verlagerung vun der Front par Rapport zu der Previsioun e groussen Impakt op d’Reenquantitéite fir Lëtzebuerg hunn, well eist Land eben esou kleng ass”, erkläert de Luca Mathias.

RTL D’Héichwaasser zu Iechternach um 15. Juli 2021. / © RTL-Archiv

Et gëtt ee waarme Summer, een naasse Wanter – kann een dat pauschal viraussoen?

Bei esou Viraussoen handelt et sech net ëm klassesch Wiederprevisiounen, mee ëm saisonal Tendenzen, wéi de Meteorolog vun der nationaler Wiederagence erkläert. Dobäi ginn deemno net d’Wiederverleef simuléiert, mee et ginn Anomalië vun enger bestëmmter Period – sief et e Mount oder eng Saison – am Verglach zu enger klimatologescher Referenzperiod ënnersicht.

Besonnesch fiabel wieren dës Modeller awer net onbedéngt, och wa se engem Indikatioune kënne ginn. “Fir de Summer d’lescht Joer louchen d’Tendenze gréisstendeels dernieft, fir de Summer dëst Joer hu se bis dato eng gutt Indikatioun geliwwert”, esou de Luca Mathias. Allgemeng wiere saisonal Tendenze fir de Wanter méi zouverlässeg virauszesoen, wéi fir de Summer, well déi saisonal Wiedermodeller zum Beispill Donnerwiederen net esou gutt a Betruecht zéie kéinten.

Wéi huet sech d’Zouverlässegkeet vun de Previsiounen iwwert déi lescht Jore geännert a wéi ginn d’Prognose gemaach?

An de leschten 30 Joer sinn d’Wiedermodeller, op déi sech d’Previsioune baséieren, ëmmer méi präzis a méi performant ginn. Eng Grafik vum Europäeschen Zenter fir mëttelfristeg Wiederprevisiounen (ECMWF) stellt dës Evolutioun kloer duer. Fir déi nërdlech Hemisphär ass eng 5-Deeg-Previsioun haut ongeféier esou zouverlässeg, wéi eng Previsioun iwwer just dräi Deeg am Joer 1995. Eng Previsioun iwwer siwen Deeg ass elo ongeféier esou genee, wéi et virun 20 Joer eng Virausso iwwer fënnef Deeg war.

RTL D’Treffsécherheet a Prozent vum deterministesche Modell vun der EMCF fir d’Stréimung a ronn 5,5 Km Héicht. Evolutioun iwwer Zäit. / © ECMWF

“An de leschten 30 Joer goufen immens grouss Fortschrëtter gemaach, sief et a punkto Rechekapazitéit vun de Supercomputeren, mat der Assimilatioun vu Wiederobservatioune ronderëm de Globus oder och am Allgemenge mat der Opléisung an de physikalesche Parametriséierungen innerhalb de Wiedermodeller”, erkläert de Luca Mathias.

“D’Treffsécherheet vun de Wiederprevisiounen ass vill besser ginn, och wann een dat dacks anescht héiert”, seet och de Fabian Ruhnau vu Kachelmannwetter. Viru 40 Joer wiere souguer Previsioune fir den nächsten Dag dacks nach onsécher gewiescht, haut kéint een d’Temperature fir den nächsten Dag meeschtens op 1 Grad genee viraussoen.

Den nationale Wiederdéngscht MeteoLux berechent keng eege Wiedermodeller, mee benotzt déi vun den Nopeschlänner Däitschland a Frankräich an och Holland mat. Dës hätten déi lëtzebuergesch Topographie gutt integréiert, esou datt d’Land net onbedéngt en eegene héichopléisende Wiedermodell bräicht. Och d’Modeller vun dem Europäeschen Zenter fir mëttelfristeg Wiederprevisioune gi bei de Viraussoen consideréiert.

De Wiedermodell vu Kachelmannwetter deelt de Grand-Duché iwwerdeems héichopléisend an ee Raster vun 1×1 Kilometer an. An d’Previsioune fléissen och d’Donnéeën aus Reen-Radaren, vu Satellittebiller a vun iwwer 30 Wiederstatiounen zu Lëtzebuerg mat an. D’Topographie vu Lëtzebuerg géif derfir suergen, datt et am Süden an am Norde vum Land dacks ënnerschiddlech Wiederlage ginn, esou de Fabian Ruhnau vu Kachelmannwetter. Esou wier et am Norden zum Beispill dacks e bësse méi verreent, well d’Wolleken an de Bierger vun den Ardenne géifen hänke bleiwen.

Fazit

Wéi zouverlässeg eng Wiederprevisioun wierklech ass, hänkt vun enger Rei Faktoren of. E stabilt Héichdrockgebitt ass zum Beispill méi einfach ze berechnen, wéi Stierm, bei deenen een dacks kuerz virdrun nach net genee soe kann, ob se laanscht zéien, oder wéi staark se wierklech wäerte ginn. Allgemeng si Wiederprevisiounen op dräi Deeg gesinn awer zimmlech fiabel.

En Ausbléck dorop, ob den nächste Summer besonnesch waarm oder de Wanter besonnesch kal gëtt, kënne Wiederprognosen iwwerdeems net ginn. Dëst si saisonal Tendenzen, déi awer dacks net besonnesch zouverlässeg sinn.

Allgemeng kann een awer soen, datt sech an de leschten 30 Joer op dem Gebitt vun de Wiederprevisiounen onheemlech vill gedoen huet. Mat moderne Supercomputere loosse sech haut Berechnunge maachen, vun deenen een nach an den 90er Jore just hätt kënnen dreemen.

Hutt Dir Froen oder Ureegunge fir aner Themen, mëllt Iech ënner [email protected].

Links

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.