Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: D’Lidd “Layla” dierf an Däitschland stroffräi gespillt ginn

Faktencheck: D'Lidd "Layla" dierf an Däitschland stroffräi gespillt ginn - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

D’Lidd vum DJ Robin an dem Schlagersänger Schürze hat am Juli 2022 fir vill Opreegung an Däitschland gesuergt. Et gouf och vun engem Verbuet geschwat, dat awer just plazeweis applizéiert gouf, wéi d’AFP erausfonnt huet.

Dausende User hunn Enn Juli 2022 d’Behaaptung iwwer e Verbuet vum Ballermann-Song “Layla” op Facebook (hei, hei, hei) gedeelt. Och op Twitter zirkuléieren änlech Behaaptungen iwwer Verbueter vum Lidd. Eng Persoun, déi sech ganz staark ëm dëse Sujet beméit, ass déi nei riets Influencerin Anabel Schunke (méi dozou hei). D’AFP huet schonn eng Rei vun hire Behaaptunge gepréift (hei, hei, hei).

D’Behaaptung: Notzerinnen an Notzer hunn op Facebook eng Foto vun engem jonke Meedche gedeelt, dat op enger Parad viru Persoune steet, déi als liicht bekleet Hënn verkleet sinn. Den Text dozou heescht: “Gott sei Dank huet de Pappa Staat zum Schutz vun eise Kanner ‘Layla’ verbueden.”

RTL Screenshot der Behauptung auf Facebook: 15.08.2022

Mëtt Juli 2022 huet eng Debatt (hei, hei) ëm de sexistesche Ballermann-Song “Layla” ugefaangen. Am Lidd gëtt eng Puff-Mataarbechterin als “schöner, jünger, geiler” a “Louder” besongen.

Kee generellt Verbuet vun “Layla”

User hunn am Kontext vun der Debatt behaapt, dass e staatlecht Verbuet fir dat Lidd ausgeschwat gouf, op Grond vum Kannerschutz.

An der Debatt huet sech och den däitsche Bundesjustizminister Marco Buschmann (FDP) zum angeebleche Verbuet geäussert. Hien huet sech den 12. Juli 2022 op Twitter géint esou ee Verbuet ausgeschwat:

D’AFP huet och beim däitsche Justizministère no engem administrative Verbuet nogefrot. E Spriecher vum Ministère huet den 11. August 2022 op AFP-Ufro erkläert, dass esou ee Verbuet just méiglech wär, wann duerch d’Lidd “d’Gefor besteet, dass duerch d’Opféierung vun engem Lidd eng Strofdot verwierklecht gëtt”. Dat wär de Fall, wann d’Lidd géint d’Verfassung verstoussen an terroristeschen, demagogeschen, gewaltverherrlechenden, pornographeschen oder beleidegende Contenu transportéiere géif, zu Strofdoten opruffen oder géint de Jugendschutz verstousse géif. Ob d’Lidd eng vun dëse Strofdoten erfëlle géif, missten onofhängeg Geriichter entscheeden, sou de Spriecher.

Am Kontext vum Jugendschutz misst d’Lidd eréischt Géigestand vun engem Indizéierungsverfare vun der Bundeszentrale für Kinder- und Jugendmedienschutz (BzKJ) ginn. Eréischt da kéint d’Ofspille vum Lidd op fir Jugendlecher a Kanner zougängleche Plazen an an de Medie generell verbuede ginn. Sou e Verfare wär dem BzKJ-Direkter Sebastian Gutknecht no net ageleet ginn, wéi hien der AFP den 11. August 2022 matgedeelt huet: “Der BzKJ läit bis elo keng entspriechend Demande oder eng Ureegung zum Titel ‘Layla’ vun den Interpreten DJ Robin a Schürze vir.”

Keng generell Verbueter a Bundeslänner

Fir d’Ëmsetzung vun engem strofrechtleche Verbuet wären dem Justizministère no allerdéngs d’Ministèrë vun de jeeweilege Bundeslänner an net de federale Justizministère verantwortlech.

D’AFP huet bei alle Bundeslänner no esou engem Verbuet gefrot: An de meeschte Bundeslänner ass e generellt Verbuet vum Ballermann-Song “Layla” vun administrativer Säit net bekannt. A 14 vu 16 Bundeslänner hunn déi jeeweileg Inneministèren e generellt Verbuet oder d’Indexatioun vum Lidd dementéiert.

An Nordrhein-Westfalen ware sech den Inneministère an de Kultusministère net iwwer d’Zoustännegkeet fir d’Kommunikatioun iwwer esou ee Verbuet eens. Och den Inneministère vun Niedersachsen huet wéinst der feelender Zoustännegkeet keng eendeiteg Äntwert ginn an huet op d’Gemenge verwisen.

Déi aner Bundeslänner hunn allerdéngs eendeiteg geäntwert. A Rheinland-Pfalz huet den Inneministère den 29. Juli 2022 eng Ufro vun engem AfD-Deputéierten zu engem méigleche Verbuet vum Lidd beäntwert. Der Landesregierung wären deemno keng Fäll vun engem Verbuet a Rheinland-Pfalz bekannt. Den Inneministère verweist dobäi op déi “grouss Bedeitung” vun der Konschtfräiheet, déi am Grondgesetz an an der Landesverfassung steet. Och de Gros vun den anere Bundeslänner huet op déi feelend Rechtsgrondlag fir esou ee Verbuet verwisen, dorënner zum Beispill de Kultusministère vu Bremen an den Inneministère vu Schleswig-Holstein. D’Lidd wär och net vum BzKJ op den Index gesat ginn.

Och wann et kee generellt Verbuet vum Lidd gëtt, kéint d’Ofspille vum Lidd bei eenzele Veranstaltunge verhënnert ginn. Den Oliver Platzer, Spriecher vum bayresche Inneministère, huet den 11. August géintiwwer der AFP erkläert: “E Beispill wär, dass d’Gemeng selwer Veranstalter ass an d’Auswiel vun der Musek bestëmmt. Oder dass d’Gemeng an engem Vertrag mat engem Organisateur festleet, dass d’Lidd net gespillt dierf ginn. Dat kann och en informellen Agreement sinn.” Sou hätte sech och d’Bedreiwer vun den Zelter um Münchener Oktoberfest ënnereneen dorop verstännegt, d’Lidd net ze spillen.

E Spriecher vum Berliner Senat fir bannescht Affären huet de selwechten Dag erkläert: “Wann dëst Lidd op private Veranstaltungen oder vu privaten Organisateure verbuede gouf oder gëtt, ass dat net mat engem administrative Verbuet gläichzesetzen.”

Allerdéngs weisen nieft Berlin och aner Ministèrë vu Bundeslänner wéi zum Beispill Niedersachsen op Verbuetsméiglechkeeten hin. De Spriecher vum niedersächseschen Inneministère Philipp Wedelich sot der AFP den 11. August: “Denkbar wär virum Hannergrond vun der Diskussioun iwwert d’Lidd, dass d’Ofspillen am ëffentleche Raum zum Beispill op Volleksfester vun de Gemengen ënnersot kéint ginn. Doriwwer hu mir awer keng Iwwersiicht.” Dës géif bei den eenzele Gemenge leien.

Eenzel Stied verhënneren d’Spille vum Lidd

D’AFP huet am Internet no Medieberichter iwwer Verbueter vum Lidd an Däitschland gesicht. D’Debatt ëm e Verbuet vum Lidd ass entstanen, wéi sech d’Stad Würzburg als Matorganisateur mat anere Bedeelegte vum Kiliani-Volleksfest gëeenegt hat, d’Lidd net ze spillen (hei, hei, hei). D’Stad Würzburg hat sech ausserdeem scho virdru wéinst sexisteschen Inhalter géint d'”Donaulied” ausgeschwat.

Am Kader vun enger Ausenanersetzung vum Verwaltungsgeriicht Würzburg mat dëser Virgab, huet d’Geriicht de 15. Juli 2022 confirméiert, dass et sech bei der Virgab vun der Stad just ëm eng Ofsprooch gehandelt huet, déi sech op d’Volleksfest beschränkt huet.

Och d’Organisateure vun der Kiermes zu Düsseldorf hate sech no Medieberichter vun Enn Juli 2022 dozou entscheet, d’Lidd “Layla” net ze spillen; dat no engem Gespréich mat der Stad. Dat wär allerdéngs spéiderhi just op eng Plaz op der Kiermes beschränkt ginn. Do gouf d’Lidd allerdéngs awer an enger Instrumentalversion gespillt, zu där d’Gäscht vun der Kiermes gesongen hunn.

Fazit: Bei verschiddene Veranstaltungen, déi “Layla” net spillen, handelt et ech ëm Eenzelfäll, déi kee generellt Verbuet vum Ballermann-Lidd bedeiten. D’Lidd ka stroffräi an der Ëffentlechkeet gespillt ginn. Et steet weder um Index nach ass et generell an Däitschland verbueden.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.