Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Ierféierend Aussoen iwwer d’Consommatioun vun Insekten

Faktencheck: Ierféierend Aussoen iwwer d'Consommatioun vun Insekten - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Insekte gëllen als Ergänzung respektiv als Ersatz fir d’Fleeschproduktioun an och als Léisung fir den Honger op der ganzer Welt. An de sozialen Netzwierker heescht et elo, dass Insekte schiedlech fir de mënschleche Kierper wären. Wat do drun ass, huet d’AFP recherchéiert.

“Insekten enthale Chitin, dat vun eisem Daarm net verschafft ka ginn”, heescht et an engem Facebook-Bäitrag vum 8. August 2022, dee méi wéi 9.700 Mol gedeelt gouf.

RTL Capture d'écran d'une publication Facebook, réalisée le 16/08/2022

“Mä Chitin ass e ganz appetitlecht Polysaccharid fir Kriibs, Parasitten, Champignonen a sou zimmlech alles, wat Krankheeten ervirruffe kann”, heescht et weider. “Chitin ass en Deel vu sengem Opbau. Et enthält och metamorphesch Steroiden, virun allem Ecdysteron. Et ass keen Narungsmëttel fir Mamendéieren. Just Vulle kënnen Insektefudder sécher verschaffen. De Verdauungssystem vu Vullen ënnerscheet sech grondleeënd vun eisem.”

“Elo wësst dir, firwat si maache wëllen, dass mir Insekten iessen”, schléisst d’Publikatioun of.

Warscheinlech ass et d’Iwwersetzung vun enger änlecher Publikatioun, déi am Juli op Englesch verëffentlecht a vun der AFP iwwerpréift gouf.

Dës Behaaptungen zirkuléieren am Wandschiet vun Theorien, déi besoen, dass “Weltelitten” d’Mënschen zwénge wëllen, Insekten ze iessen. De Weltwirtschaftsforum, deen dacks an d’Viséier vu falsche Behaaptunge geréit, huet ënner anerem d’Fërderung vun iessbaren Insekten als Mëttel fir d’Reduzéierung vum Ressourcëverbrauch an der Landwirtschaft virgeschloen.

Insekte ginn zënter Joerdausende vu Mënsche giess, och am Westen, an a verschiddene Kulture gi se och nach ëmmer consomméiert.

Obwuel et potenziell Gesondheetsrisiken am Zesummenhang mam Iesse vun Insekte gëtt, enthält den Text, deen an de sozialen Netzwierker verbreet gouf, den Experten no, déi vun der AFP befrot goufen, eng Rei vun ongeneeë Behaaptungen.

Verdauung vu Chitin

Chitin ass den zweetheefegste Biopolymer op der Äerd no Cellulos. Et kënnt an Insekteschuelen, awer och a Schuelendéieren, Champignonen, Bakterien, Hief, an Alge vir a kann als Dünger, Zousazstoff fir Liewensmëttel oder fir medezinesch Zwecker benotzt ginn.

D’Mareike Janiak, Autorin vun engem wëssenschaftlechen Artikel iwwer Chitinasen-Geener (Enzymer, déi Chitin ofbauen), deen 2018 am Journal Molecular Biology and Evolution publizéiert gouf, huet géintiwwer der AFP erkläert, dass Chitin zwar net vollstänneg verdaulech, awer net gesondheetsschiedlech wär.

“Biologen hu laang gemengt, dass Mamendéiere keen Enzym produzéieren, dee Chitin ofbaue kann, awer dat bedeit net, dass en Insekt net am Daarm verdaut kéint ginn”, huet si an enger E-Mail am August 2022 betount.

Chitin änelt der Cellulos, aus där d’Zellwand vu ville Planze besteet, déi de mënschleche Kierper awer duerch d’Feele vun engem gëeegenten Enzym net ofbaue kann.

“Mir iessen ëmmer nach Liewensmëttel wéi Zelleri, an dat ass gesond fir eis”, betount d’Madamm Janiak.

Obwuel verschidden Deeler vum Geméis net verdaulech sinn, sinn déi onléislech Ballaststoffer, déi doran enthale sinn, vu Virdeel.

“Eisen Daarm entzitt de Planzen Närstoffer a spullt onverdaulech Ballaststoffer eraus, sou dass d’Narung duerch eise Verdauungstrakt zirkuléiert an e gesonde Stullgang entsteet”, füügt si dobäi. “E Mangel un onléisleche Ballaststoffer kann zum Beispill zu Verstopfunge féieren.”

D’Aarbechte vun der Madamm Janiak hu gewisen, dass Primaten – d’Mamendéieren, zu deenen och de Mënsch zielt – geneesou wéi Mais a Fliedermais, déi Insekten iessen, vun engem spezifeschen Enzym profitéiere kënnen, deen et hinnen erméiglecht, de Chitin aus den Exosklette vun den Insekten ze verdauen, wouduerch si wichteg Närstoffer kréien.

“Laang Zäit hu mir gemengt, dass Chitin fir Mamendéiere wéi Cellulos ass: eng onléislech Faser, déi den Daarm passéiert, wärend dem Rescht vum Insekt Energie an Närstoffer entzu ginn. Mä d’Entdeckung vum Enzym +acidic mammalian chitinase+ am Mo vu Mais a Fliedermais huet dës Hypothees a Fro gestallt a suggeréiert, dass eng Rei vu Mamendéieren tatsächlech Chitin verdaue kënnen”, seet d’Mareike Janiak.

“Mënschen hunn, wéi vill aner Primaten, e funktionéierend Geen fir dëst Enzym, deemno ass et méiglech, dass mir Chitin tatsächlech am Daarm verschaffe kënnen. Awer souguer wa mir et net kéinten, géif Chitin einfach duerch eise Kierper goen, genee wéi Cellulos an Zelleri an anere Geméiszorten”, huet si verséchert.

An enger Iwwerpréiwung vun der Literatur, déi 2021 am Journal of Functional foods publizéiert gouf, heescht et, dass “Chitin 90,6 % vun de gesamte Ballaststoffer enthält an als funktionelle Bestanddeel vu Liewensmëttel definéiert ka ginn, dee Liewensmëttel besonnesch Virdeeler verschaaft, andeem et ënner anerem zur Gesondheet vum Déckdaarm, vun de Koronararteerien an zur Reduzéierung vum Cholesterol bäidréit.”

Ecdysteron

Der Publikatioun no enthalen Insekte “metamorphesch Steroiden, besonnesch Ecdysteron.” Edysteroide sinn d’Steroidhormoner vun den Arthropoden, déi d’Häutung, d’Metamorphos an d’Reproduktioun reguléieren. Ecdysteron ka fir d’Verbesserung vun der sportlecher Leeschtung agesat ginn, a Fuerschungen hu gewisen, dass et de Wuesstem vu Kriibszellen hemmt.

Fir den Dominique Bureau, Professer am Departement fir Déierebiowëssenschaft op der Universitéit vu Guelph a Kanada, ass et ierféierend ze soen, dass dës Moleküllen zwangsleefeg schiedlech sinn, well “quasi all Geweebe vun oder Fudder fir Déieren Quantitéiten u Steroidhormoner enthält.”

“D’Mëllech, d’Fleesch, d’Liewer, asw. enthalen Hormoner. Planzlech Liewensmëttel, wéi vill Uelegplanzen a Leguminosen, wäerte Virleefer vu Steroidhormoner (z.B. Phytoöstrogeene wéi Isoflavone a Sojaprodukter) enthalen”, huet hien der AFP an enger E-Mail am August 2022 matgedeelt.

De René Lafont, Professer um Institut de biologie Paris-Seine op der Universitéit Sorbonne, argumentéiert, dass “dës Moleküllen zwar a klenge Quantitéiten an Insekte virkommen”, se awer “a vill gréissere Quantitéiten a Planzen (Phytoecdysteroiden) – vun deene mir verschiddener consomméieren (Spinat, Quinoa) a fir déi an dësem Fall eng méi héich Konzentratioun un Ecdysteroiden virläit.”

“Dës Verbindunge si fir de Mënsch net toxesch an hu souguer interessant anabol an antidiabeetesch Eegenschaften”, huet hien am August 2022 an enger E-Mail un d’AFP betount.

D’Behaaptung, dass Insekte “kee Fudder fir Mamendéiere” wären, wär “kategoresch falsch”, mengt d’Mareike Janiak.

Mamendéiere wéi den Ameisebier, d’Spëtzmaus oder d’Gürteltier friessen all Insekten, e puer erniere sech souguer ausschliisslech dovun, erkläert si.

Ausserdeem “friesse vill Primaten Insekten, dorënner vill kleng Afen (Kapuzinerafen, Doudekappafen, Tamarinnen, …), d’Koboldmakien, mä och Schimpansen, déi eiser Spezies am nooste stinn.”

Ernierung a Gesondheetsrisiken

Eng Etüd, déi am Joer 2020 am NFS Journal publizéiert gouf, koum zur Konklusioun, dass d’Qualitéit vum Närwäert vun iessbaren Insekte “gläichwäerteg an heiansdo souguer besser wéi déi vun animalesche Liewensmëttel ass.”

“Dat an d’Tatsaach, dass iessbar Insekten am Verglach zum Notzdéier e méi séiere Wuesstemstaux hunn, eng héich Effizienz bei der Ëmwandlung an Narungsmëttel opweisen a manner Ressourcë fir d’Opzille brauchen, besonnesch fir déi aarm Landbevëlkerung an Entwécklungslänner”, heescht et an der Etüd.

Se konstatéiert awer, dass d’Consommatioun vun Insekten zwar a Länner, an deenen d’Entomophagie – d’Consommatioun vun Insekten duerch de Mënsch – praktizéiert gëtt, als onbedenklech ugesi ka ginn, dat awer “an de meeschten Industrielänner net de Fall ass, an deene sech déi meescht Verbraucher ëm hir Sécherheet suergen an deemno zécken, se an hir Ernärung opzehuelen.”

“Déi wëssenschaftlech Literatur iwwer déi gesondheetlech Aspekter vun iessbaren Insekten ass begrenzt. Deemno si weider Fuerschungsaarbechten erfuerderlech, fir d’Risiken, déi mam Konsum vun Insekte verbonne sinn, ze verstoen, fir d’Gesondheet vun de Verbraucher ze schützen”, heescht et an der Etüd.

D’Consomatioun vun Insekte gëtt als eng Méiglechkeet presentéiert, d’Versuergung mat Narungsmëttel am Kontext vun der globaler Erwiermung nohalteg ze verbesseren. An engem kierzlech publizéierte Rapport vun der Ernärungs- a Landwirtschaftsorganisatioun vun de Vereenten Natiounen (FAO) gëtt awer dorop higewisen, dass Efforten ënnerholl musse ginn, fir bei der Produktioun an der Consommatioun vun iessbaren Insekte gutt sanitär Konditiounen ze garantéieren.

De Rapport weist dorop hin, dass de Risiko bei wëllen a réi consomméierten Insekte méi héich ka sinn an dass Mënschen, déi allergesch géint Schuelendéiere sinn, bestëmmt Insekten net iesse sollten.

An engem Artikel vum berüümte Guide Michelin fir Restaurante gëtt recommandéiert, sech iwwer d’Hierkonft vun den Insekten ze informéieren a se virum Iesse wéi bei all anere Liewensmëttel gutt ze kachen.

Déi kanadesch Agence fir Liewensmëtteliwwerwaachung gëtt un, dass se iessbar Insekten op Pestiziden, Schwéiermetaller, Krankheetserreeger an aner potenziell Gesondheetsrisiken iwwerwaacht.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.