Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Kommentar vum Trump iwwer Elon Musk net echt

Faktencheck: Kommentar vum Trump iwwer Elon Musk net echt - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Op sozialen Netzwierker behaapten Notzer, de fréieren US-President Donald Trump hätt mam Elon Musk an engem Bäitrag op Truth Social de Geck gemaach an dem Besëtzer vun Twitter erkläert, hie géif net op deem seng Plattform zeréckkomme bis “du mech Daddy nenns”.

“Den Elon huet de rouden Teppech ausgerullt a biedelt mech un, op Twitter – dat schif gaangen ass – zeréckzekommen, mee Truth ass eppes Spezielles!”, heescht et am Text, dee wéi e Screenshot vum Trump sengem Post op Truth Social ausgesäit. Vun där Plattform, déi hien am Februar 2022 initiéiert huet an déi hien zënter Abrëll notzt.

RTL Screenshot of a tweet taken November 23, 2022

D’Bild huet sech den 21. November op Twitter, Facebook, Instagram an anere Plattforme verbreet, nodeems de Musk, de milliardeschwéieren Entrepreneur, deen Twitter am Oktober opkaaft huet, den 19. November matgedeelt hat: “D’Vollek huet geschwat. Den Trump gëtt nees fräigeschalt.”

De Musk hat den Dag virdrun eng Ëmfro op Twitter gestart, an där hie gefrot huet, ob den Trump nees op der Plattform zougelooss sollt ginn, vun där hien am Januar 2021 no der Attack vu senge Supporteren op d’US-Kapitol ausgeschloss gouf. Deemools hate Supportere probéiert, dem Trump seng Néierlag géint den Joe Biden am Joer 2020 réckgängeg ze maachen.

Den Trump, dee viru kuerzem erkläert huet, hie géif 2024 nees fir d’Amt vum US-President kandidéieren, huet dem Musk seng Ëmfro op Twitter op senger Plattform Truth Social wëllkomm geheescht, huet awer dobäi gesot: “Maacht Iech keng Suergen, mir ginn néierens. Truth Social ass eppes Spezielles!”

Seng Säit Truth Social – an archivéiert Opnamen dovun – weisen, dass hien zënterhier net méi iwwer de Musk oder Twitter geschriwwen huet, am Géigesaz zu de Behaaptungen am Internet. Déi presuméiert Ausso “nenn mech Daddy”, déi de Musk attackéiere soll, schéngt erfonnt ze sinn.

Den 21. November huet den Trump am Gamnze just véier Saache gepost. Op deem Dag soll hien de presuméierte Bäitrag iwwer de Musk mam Zäitstempel vun “enger Stonn”, wéi iwwer CrowdTangle, e Social-Media-Insight-Tool, erauszefannen ass, publizéiert hunn.

An engem Bäitrag huet den Trump e Pro-Trump-Hype-Video gedeelt. An engem anere kritiséiert hie republikanesch Kandidaten a Colorado an New Hampshire, déi bei den Tëschewale verluer hunn. Hien huet och zwee Bäiträg verëffentlecht, an deenen hie Links zu Artikelen iwwer amerikanesch Kabelsender-Rankings an Zuschauerzuele vu senger Ried zur Ukënnegung vu senger Campagne fir d’Presidentiellen 2024 gedeelt hat.

D’AFP huet dem Trump säi Büro a Save America PAC wéinst dem presuméierte Musk-Bäitrag kontaktéiert, awer et koum näischt no.

Eng Sich no Stéchwierder um Truth-Social-Kanal vum fréiere President no Sätz wéi “Den Elon huet de rouden Teppech ausgerullt”, “Hie kësst mir d’Féiss” a “Nenn mech Daddy” hat keen Erfolleg.

Online-Sich hunn och keng glafwierdeg Artikelen iwwer esou e Bäitrag vum Trump erginn. En Artikel vun Occupy Democrats, enger liberaler Interessegrupp, gouf antëscht geläscht. Den Artikel ass elo op hirer Websäit als “zeréckgezunn” gelëscht.

Den Trump huet am Juli op Truth Social iwwer de Musk geschriwwen: “Wéi den Elon Musk an d’Wäisst Haus koum a mech ëm Hëllef bei all senge subventionéierte Projete gefrot huet… Ech hätt soe kënnen, ‘géi op d’Knéie an biedel’, an hien hätt et gemaach.”

Den 19. November huet den Trump an engem Videomessage bei enger Versammlung vun der Republican Jewish Coalition zu Las Vegas geschwat a sot, hie géif dem Musk säi Kaf vun Twitter ënnerstëtzen an: “Ech hu Charaktere gär. Hien ass e gudde Mann an ech neigen dozou, Charaktere gär ze hunn, mee hien ass schlau.”

Betreffend e méigleche Retour op Twitter war den Trump zeréckhalend, huet fir seng Plattform Reklamm gemaach a sot: “Ech kucken net duerno, well ech kee Grond dofir gesinn.”

An engem Bericht, deen am Mee bei der US Securities and Exchange Commission agereecht gouf, heescht et: “De President Trump ass generell verflicht, all Social-Media-Bäitrag op Truth Social ze verëffentlechen an dierf de selwechte Bäitrag sechs Stonne laang net an engem aneren Netzwierk publizéieren”, obwuel et weider heescht, dass “hien zu all Moment e Bäitrag vun engem perséinleche Kont am Zesummenhang mat politesche Messagen, politesche Spendenaktiounen oder Ofstëmmungsbeméiungen op all Social-Media-Säit verëffentleche kann.”

Den Trump hat viru sengem Ausschloss op Twitter 88,8 Millioune Follower. Den 23. November hat hie 4,64 Millioune Follower op Truth Social.

D’AFP huet an der Vergaangenheet schonn eng Rei gefälscht Bäiträg vum Donald Trump op Truth Social opgedeckt.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.