Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Fléie Ministere mam Privatjet op d’Klimakonferenz a wat stécht hannert deem Pin?

1ee6979bebef4129b9c3b7c57bb1a8b1

Author(s): RTL Lëtzebuerg

Deen Zesummenhang huet e User op Instagram gemaach, nodeems hien e gewëssene “Pin” bei verschidde Ministeren un der Kleedung entdeckt hat.

Wat stécht hannert de Minister-“Pins”?

Den Ausgangspunkt vun dësem Check ass eng Instagram-Story, wou dräi Fotoe gepost goufe vun enger Persoun mam Pseudonym “iam_sabo94”. Zwou Fotoen, wou op der enger de fréiere Finanzminister Pierre Gramegna an op där anerer den aktuelle Wirtschaftsminister a Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheete Franz Fayot ze gesi sinn. Alle béid hu se e Pin ugespéngelt, also eng dekorativ Broch. Zwee Mol déi selwecht!

Dräi Fotoen, eng Fro an ee Commentaire

© RTL

En drëtt Bild an der Story begleet déi zwou éischt Fotoe vu de Ministeren a gouf och vum “iam_sabo94” gepost.

Hannert dem Pseudonym “iam_sabo94” verstoppt sech eng Persoun, déi een ëmmer erëm un der Front vun den Anti-Vaccin-Maniffe gesäit.

Wou kommen d’Fotoen hier?

Déi Foto vum Wirtschaftsminister, déi den “iam_sabo94″ a senger Story benotzt huet, ass e Screenshot aus engem RTL-Reportage vum 22. Januar 2022, deen den Titel dréit”: “Méi digital a méi nohalteg”. (Kënnt Dir hei nosichen)

D’Foto vum Pierre Gramegna staamt aus den Archive vum Tageblatt. (Kënnt Dir hei nosichen)

Dëst sinn allerdéngs net déi éischten an net déi eenzeg Fotoen, wou een déi zwee Ministere mam Pin gesäit. Déi éischte Foto, wou den Här Fayot mat dësem Pin ze gesi war, gouf de 4. Februar 2020 bei der Passation de pouvoir geknipst, säin éischten Dag als Minister. (Kënnt Dir hei nosichen)

Och beim fréiere Finanzminister fënnt een aner Fotoen, wou hien de Pin ugespéngelt hat. Fotoen, déi och scho länger Zäit virum Tageblatt-Artikel gemaach a publizéiert goufen.

Chronicle.lu vum 7 Oktober 2020

Och aner Ministeren droen dëse Pin

Och beim Premierminister sou wéi bei der Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteger Entwécklung huet een dëse Pin schonn ugespéngelt gesinn.

Wat bedeit de Pin?

Beim Pin, dee verschidde Ministeren zënter Ugangs 2020 droen, an deen op dëse Fotoen ze gesinn ass, handelt et sech ëm de sougenannten “SDG Pin” vun der Uno. SDG steet fir “Sustainable Development Goals”. Dat ass d’Symbol vun den Ziler, déi all Memberlänner vun de Vereenten Natioune sech bis 2030 gesat hunn, fir eng nohalteg Entwécklung. All Faarf ass een Zil: 17 Faarwen, 17 Ziler.

© Un.org

Déi 17 Objektiver vun der UN kënnt Dir hei nosichen.

Op Nofro hi beim Wirtschaftsminister, wat et mat dësem Pin u sech huet, krute mir dës Äntwert:

De Minister Fayot deet dëse Pin un aus perséinlecher Iwwerzeegung. D’Objektiver vun der nohalteger Entwécklung sinn iwwregens de Kompass vun der Strategie vun der Lëtzebuerger Entwécklungshëllef.

Op Nofro hi beim Pressebüro vum Staatsminister op säi Pin:

De Staatsminister krut den SDG-Pin am Kader vu senger Participatioun bei der UN 2015 wärend dem Sommet vun der UN zum Développement durable zu New York, wou d’Ziler fir 2030 och offiziell festgehale goufen.

D’Droe vun dësem Pin ass de Choix vun all Minister selwer.

Mam Privatjet op d’Klimakonferenz?

Op d’Ausso hi vum Auteur, dass Offizieller vun der Regierung mam Privatjet op d’Klimakonferenze géife fléien, hu mir beim Ëmweltministère nogefrot, wéi d’Deplacementer bei de leschte Klimakonferenze waren.

D’Reegel wär, dass all d’Stied, déi ënner 5 bis 6 Stonne mam Zuch z’erreeche sinn, och mam Zuch ugefuer ginn. Op Paräis (2015) oder op Bonn (2017) huet sech d’Delegatioun mam Zuch deplacéiert. Bei Katowice (2018) a Madrid (2019) gouf RTL gesot, dass d’Deplacementer dohinner mat normale Linneflich gemaach goufen, Economy Class gouf präziséiert.

D’Deplacement op Glasgow (2021) war mam Zuch geplangt, gouf awer wéinst Problemer an England ofgesot.D’Delegatioun ass mat enger klenger Militärmaschinn op Glasgow geflunn, dee vun der belscher Defense gestallt gouf. COP21 an COP23 goufe mam Déngschtwon ugefuer.

Huet de Pin nach een anert Zil?

Wat de Pin bedeit, beäntwert den Auteur scho selwer a sengem Bäitrag. D’Intentioun hannert dem Post gëtt net kloer. Eng Verschwierung stécht allerdéngs net hannert dësem banale Pin.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.