Duerch déi klammend Zuel vu regierungsfrëndlechen a politesch beaflosste Faktencheck-Projeten an Europa gëtt et ëmmer méi schwiereg, Wourecht a Propaganda vuneneen ze ënnerscheeden, warnen Desinformatiounsexperten.
Suerge maachen engem virun allem déi jéngst däraarteg Entwécklungen a Russland.
An onofhängege Faktencheck-Projete gi souwuel digital Technike fir d’Recherche wéi och journalistesch Fäegkeeten agesat, fir Falschinformatiounen opzedecken. Se gëllen als wichtegt Instrument am Kampf géint Desinformatioun a gi vu grousse Plattforme wéi zum Beispill TikTok a Facebook agesat. Well d’Manipulatioun vun Informatiounen awer ëmmer méi sophistiquéiert gëtt, wiisst d’Suerg virun neien Initiativen, déi zwar wéi echt Fakteniwwerpréiwunge wierken, a Wierklechkeet awer hir eegen Agenda virundreiwen.
Op der nei gegrënnter ungarescher Faktencheck-Säit “Faktum” – ënnerstëtzt vun der regierungsfrëndlecher Zeitung “Mandiner” – ginn Artikele publizéiert, an deenen d’Regierung verdeedegt gëtt an hir Géigner kritiséiert ginn. An engem Bäitrag gëtt ënnersicht, ob d’Regierung vum rietsnationale Viktor Orbán “d’Bildungswiese wierklech verkomme léisst”, wéi d’Oppositioun behaapt. An engem anere Bäitrag gëtt gefrot, ob et ungaresch Famillje mat dem vun der Oppositioun proposéierte Steiersystem besser géing. Wéi ze erwaarde war, ass d’Äntwert a béide Fäll “nee”.
A Russland, wou schonn d’Internetsäit “War on Fakes” genotzt gëtt, fir staatlech Propaganda ze verbreeden, wéi Fachleit mengen, goufen am vergaangene Mount Pläng fir d’Ariichte vun engem Global Fact-Checking Network (GFCN) bekannt ginn.
D’international täteg Organisatioun “Reporter ouni Grenzen” (RSF) huet hir Suerg iwwer dës Pläng ausgedréckt. “Zil vun esou Initiativen ass net, ze iwwerzeegen, mee Verwirrung iwwer Fakten, jo iwwer d’Realitéit generell ze stëften”, sou d’Jeanne Cavelier, Cheffin vum RSF-Departement fir Osteuropa an Zentralasien.
Iwwerpréiwue vu Fakte brauch Glafwierdegkeet
A russesche Medie gouf de Wladimir Tabak, Chef vun der kremlnoer Netregierungsorganisatioun “ANO-Dialog”, mat de Wierder zitéiert, dass dat internationaalt Netzwierk déijéineg vereene géif, déi “eis Usiichten a Wäerter deelen”. De Wladimir Tabak steet ënner US-Sanktiounen, well hie versicht huet, déi dësjäreg US-Presidentschaftswalen ze beaflossen – ënner anerem duerch d’Ariichte vu Bot-Konten, déi drop ausgeriicht waren hunn, Desinformatioun op Social-Media-Plattformen ze verbreeden.
“Mir mussen dorop oppassen”, sot d’Jeanne Cavelier. “Russesch Fakteniwwerpréiwunge baséieren net op Fakten, mee op der Form vu ‘Wourecht’, déi d’Staatsmuecht virgëtt – däraarteg ‘Fakte’ sinn also weder onofhängeg nach geséchert”, huet d’Cavelier bäigefüügt.
Dat uewe schonn ernimmt sougenannt Global Fact-Checking Network (GFCN) soll op d’International Fact-Checking Network (IFCN) uspillen. Dëst vereent méi wéi 170 Organisatioune weltwäit. D’ICFN ass Deel vu “Poynter”, enger an den USA usässeger gemengnëtzeger Journalismus- a Fuerschungsorganisatioun. D’Membere vum IFCN a sengem europäesche Pendant EFCSN gi reegelméisseg vun externen Experten iwwerpréift. Se mussen e Verhalenskodex anhalen, deen d’Transparenz vu Quellen, Finanzéierung a Methodik souwéi d’Verflichtung fir politesch Iwwerparteilechkeet ëmfaasst. De Faktencheck-Déngscht vun der AFP ass souwuel Member vum IFCN wéi och vum EFCSN a schafft mat Meta an TikTok zesummen. “Fakteniwwerpréiwung brauch Glafwierdegkeet”, sot d’Clara Jiménez Cruz, Presidentin vum EFCSN a Member vum Conseil consultatif vum IFCN.
Fachleit soen, dass et weder nei wär, dass politesch Parteien oder Regierunge versichen, sech an d’Fakteniwwerpréiwung anzemëschen, nach dass dat op autoritär Regimmer limitéiert wär. An de leschte Jore gouf et vergläichbar Fäll a Griicheland, Kroatien a Spuenien.
An engem Rapport vun der Netregierungsorganisatioun “Freedom House”, déi sech an den USA befënnt, vum Oktober 2024 gi Beispiller opgeféiert, déi weisen, wéi onofhängeg Faktencheckerinnen an -checker a Fuerschender zum Sujet Desinformatioun eleng an de leschten zwielef Méint an Ägypten, Indien, Südkorea an an de Vereenegte Staaten ënner Drock gerode sinn.
Parallellwelt duerch Propaganda
D’Bestriewe vu Russland, en internationaalt Netzwierk vu gläichgesënnte Faktencheckorganisatiounen ze kreéieren, wär fir de Moment mol en “Nischeprojet”, sot den Ilja Jablokow, Dozent fir digitale Journalismus an Desinformatioun op der University Sheffield am Vereenegte Kinnekräich. Hien huet bäigefüügt, dass et “awer zu den grousse Beméiungen, d’Narrativer vum Kreml am Ausland ze verbreeden, passe géif”.
“D’Haaptzil ass d’Manipulatioun vun Informatioun, fir an enger gespléckter Gesellschaft d’Kontroll iwwer d’ëffentlech Meenung ze behalen”, sou de Jablokow. Änlech wéi d’russesch “Doppelgänger”-Internetsäiten, déi zouverlässeg Medien imitéieren, fir kremlfrëndlech Meenungen ze verbreeden, versiche Propagandistinnen a Propagandisten am Weesentlechen, eng “Parallellwelt” ze kreéieren, huet hien ergänzt. “Am Fong soe si: ‘An eiser Realitéit ass et eng Tatsaach’, an ärer Realitéit ass et Fiktioun”, huet de Jablokow um Enn gemengt.
Obwuel Faktenchecken heiansdo dofir kritiséiert ginn, dass se net déi richteg Zilgrupp erreeche géifen, wäre se trotzdeem eng vun enger Rei nëtzleche Strategien am Kampf géint Online-Falschmeldungen, sou d’Jiménez Cruz vun EFCSN. “Den Desinformatiounssystem ass permanent um lafen, an trotzdeem fält net jiddereen dorop eran”, huet si bäigefüügt.
Fir Lieserinnen a Lieser gëtt et dohier ëmmer méi schwiereg, sech an der oniwwersiichtlecher Welt vun de Fakteniwwerpréiwungen zurecht ze fannen. D’Jiménez Cruz réit dozou, no Faktenchecken ze sichen, déi ëffentlech zougänglech Informatiounen an Donnéeë benotzen an hir Beweiser Schratt fir Schratt duerleeën. “Dir sollt am Stand sinn, d’Fakteniwwerpréiwung selwer ze widderhuelen”, huet d’Jiménez Cruz resüméiert.
Dësen AFP-Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.