Scroll Top

Be Online Smart

„Be Online Smart“ ass eng Campagne vum European Digital Media Observatory (EDMO) a sengem Netzwierk vu 14 nationale Plattformen. Si soll d’Bewosstsinn dofir schäerfen, wéi Algorithmen eis Online-Erfarunge prägen – vun den Norichten, déi mir liesen, bis zu de Videoen, déi mir kucken. Recommandatiounssystemer hëllefen eis, Contenuen ze entdecken, déi eis gefalen, mee si kënnen och aschränken, wat mir gesinn, Desinformatioun verstäerken a Virurteeler verfestegen. Wa mir verstinn, wéi Algorithme funktionéieren a wéi si eis Online-Liewe beaflossen, kënne mir méi informéiert Entscheedungen treffen, Falschinformatiounen erkennen a besser informéiert bleiwen.

D’Roll vu Recommandatiounsalgorithmen beim Zougang zu Informatiounen, Wëssen a Contenuen an der Online-Welt.

Vill Tools – Internetsitten, Sichmaschinnen, sozial Netzwierker – benotzen Algorithmen, fir d’Informatiounen ze organiséieren, déi si eis affichéieren.

Wat ass en Algorithmus?

En Algorithmus ass eng Rei vun Uweisungen oder Reegelen, déi e Computer benotzt, fir eng Aufgab auszeféieren, e Problem ze léisen oder eng Entscheedung ze treffen.

Algorithme ginn online a ville verschiddene Kontexter benotzt a kënne jee no Aufgab relativ einfach sinn – beispillsweis d’Sortéiere vun enger Lëscht vun Nimm an alphabetescher Reiefolleg – oder immens komplex.

D’sozial Medien a Sichmaschinne benotze Recommandatiounsalgorithmen, fir ze decidéieren, wéi eng Bäiträg oder Sichresultater all eenzelem Notzer ugewise ginn.

Musek-Streaming-Servicer benotzen se, fir unhand vun der Musek, déi eng bestëmmte Persoun lauschtert, oder unhand vun Informatiounen doriwwer, wou (Standuert a benotzten Apparat) a wéi (verbruechten Zäit) si lauschtert, virauszesoen, wéi eng Musek hir gefale kéint. Fernsee- a Film-Streaming-Servicer benotzen se op änlech Aart a Weis.

Firwat ass et wichteg ze wëssen, wéi se funktionéieren?

Et ass wichteg, e bëssen e Verständnis dovun ze hunn, wéi Algorithmen (an déijéineg, déi se entwéckelen) Är Erfarungen an der Online-Welt esouwéi Är Perceptioun vun der Offline-Welt an Är Interaktioun mat dëser beaflossen. Algorithme gi benotzt, fir Entscheedungen iwwer déi Contenuen ze treffen, déi Dir op verschiddenen Internetsitte gesitt, a si hunn e groussen Afloss op d’Wëssen an d’Informatiounen, mat deenen Dir a Kontakt kommt.

Vill sozial Netzwierker an aner Internetsitte verdéngen hir Sue mat Reklammen. Fir méi Geld ze verdéngen, wëllen si Är Opmierksamkeet op sech lénken, andeems se Iech op hiren Internetsitten oder Apps halen an dofir suergen, dass Dir nees zeréckkommt.

Dofir zilen hir Algorithmen oft dorop of, Iech Contenuen ze weisen, vun deenen si mengen, dass Dir se wëllt gesinn, esouwéi Contenuen, vun deenen si mengen, dass Dir se deele wëllt.

Algorithmen: Frënd a Feind

  • Algorithmen droen dozou bäi, Är Erfarungen an der digitaler Welt ze verbesseren

Algorithme kënne sécherstellen, dass Dir online relevant an interessant Contenue gesitt. An engem sozialen Netzwierk kënnen dës beispillsweis Updates vun Ären enkste Frënn sinn, amplaz vu Persounen, déi Dir net esou gutt kennt. An engem Noriichtenaggregator kéinten dës Artikele vun den Noriichtenagencë sinn, deenen Dir am meeschte vertraut, amplaz vun deenen, déi Dir net esou oft liest. A bei engem Musek- oder Fernsee-Streamingservice kéint Dir esou Lidder oder Fernseeserien entdecken, déi Iech gefalen, mee déi Dir soss ni fonnt hätt.

  • Mee si kënnen och dozou bäidroen, Falschinformatiounen ze verbreeden 

…an dofir suergen, dass dës sech ganz séier op „viral“ Aart a Weis verbreeden.

Desinformatioune léisen oft staark emotional Reaktiounen aus a brénge Mënschen dozou, se an engem Moment vun Indignatioun, Opreegung oder Schock ze deelen. Algorithme kënnen dozou mëssbraucht ginn, esou Contenuen ze verstäerken, well si se als Contenuen interpretéieren, déi d’Leit gäre wëlle gesinn.

  • An Iech an enger „Blos“ ze halen

Wat d’Algorithme fir Iech eraussichen, ass net dat nämmlecht, wat all déi aner gesinn, vu Sichresultater op Google, bis hin zu Recommandatioune fir den nächste Video op YouTube. Dat heescht, dass Dir online méiglecherweis net dat ganzt Bild gesitt – et ass esou, wéi wann Dir an enger Informatiounsblos gefaange sidd.

Wat kënnt Dir also maachen?

  • Gleeft net alles, just well et vill gedeelt gëtt.
  • Liest déi ganz Geschicht, amplaz just kuerz iwwer d’Schlagzeilen an de soziale Medien ze liesen
  • Denkt dorun, dass Algorithmen oft esou programméiert sinn, dass se Iech Contenue weisen, déi Dir gesi wëllt.
  • Hannerfrot den Algorithmus: Iwwerleet, wat duergestallt gëtt a wat ausgelooss gëtt.
  • Sicht no e puer Quellen a léiert, wéi engen dass dir vertraue kënnt.
  • Informéiert Iech doriwwer, wéi Algorithme funktionéieren (an net funktionéieren)

E puer Virschléi:

Visuals vun der Campagne