
Zënter Ufank Februar 2025 gëtt d’griichesch Touristeninsel Santorini vun enger nach ni do gewieschter Serie vu seismeschen Beweegunge getraff, déi Dausende vu lokale Leit dozou bruecht huet, dës schéi Plaz an der Ägäis ze verloossen. Aus Angscht viru méigleche vulkaneschen Aktivitéiten hunn e puer Social-Media-Notzer e Bild mat glousender Lava op engem Vulkan gedeelt an hunn et fälschlecherweis mat Santorini a Verbindung bruecht.
D’AFP konnt d’Bild bis an engen Datebank vun der spuenescher Norichtenagence EFE zeréckverfollegen, wou et als Opnam vum Ätna aus dem Joer 2004 identifizéiert gouf. Griichesch Experten hunn erkläert, d’Biewen op Santorini stéingen net am Zesummenhang mat vulkaneschen Aktivitéiten.
Santorini a seng Nopeschinsele goufen Ufank Februar 2025 vun Honnerte vu Biewen heemgesicht, dorënner méi wéi 40 Äerdbiewe mat enger Stäerkt vun iwwer 4,0 bannent 72 Stonnen (hei archivéiert).
Bis de 4. Februar hate ronn 6.000 Leit d’Insel iwwer de Séi- oder Loftwee verlooss, wärend d’Schoulen zu Santorini an op den Nopeschinselen Anafi, Ios an Amorgos als Virsiichtsmoossnam bis de 7. Februar zoubleiwen.
Santorini läit op engem Vulkan, dee fir d’lescht 1950 ausgebrach ass. E Kommitee aus Experten, deen d’Situatioun iwwerwaacht, huet awer en 3. Februar 2025 matgedeelt, dass dat aktuellt Phenomeen “net mat vulkanescher Aktivitéit a Verbindung steet”, wéi d’AFP gemellt huet. De Kommitee sot, dass zënter dem 1. Februar ongeféier 200 Biewe vun der Stäerkt 3,0 enregistréiert gi wären (hei archivéiert).
Am fréie Moie vum 4. Februar gouf et e Biewe vun der Stäerkt 4,9, begleet vu weidere klenge Biewen. E puer Stonnen duerno koum e Biewe vun der Stäerkt 5,0 no.
An dësem Zesummenhang hu Facebook-Notzer a Griicheland domat ugefaangen, eng Foto ze verbreeden, déi e Vulkankrater weist, aus deem anscheinend glousend Lava fléisst. Mat der Foto gouf nach d’Behaaptung verbreet, “et ass just eng Fro vun der Zäit, bis de Vulkan op Santorini ausbrécht” (Beispiller hei, hei an hei).
Déi meescht Facebook-Posts haten an de Kommentarer e Link zu Artikelen, déi alleguer dat selwecht Bild a Meldungen iwwer déi aktuell Situatioun op Santorini gewisen hunn (Beispiller hei, hei an hei).
Weeder an den Artikelen nach an de Bäiträg gouf dorop higewisen, dass et sech ëm e Bild aus der Datebank handelt.
Eng Partie Notzer hunn d’Bäiträg kommentéiert an hu sech zimmlech besuergt iwwer méiglech vulkanesch Aktivitéite gewisen. “Si schwätze vun engem groussen Äerdbiewen, dat de Vulkan ‘erwäche’ an en Tsunami ausléise kéint”, housch et an engem Kommentar, wärend en anere geschriwwen huet: “Loosst eis alleguer bieden, dass en NET AUSBRÉCHT!!!”.
D’AFP huet d’Foto an enger Datebank vun der spuenescher Norichtenagence EFE fonnt, wou se mam Vermierk “Ätna op Sizilien, Italien, 2004” gespäichert ass.
© AFP
Foto vum Ätna aus dem Joer 2004
Eng ëmgekéiert Billersich ergouf, dass d’Foto an enger Rëtsch Artikele benotzt gouf (Beispiller hei, hei, hei an hei), woubäi déi meescht schreiwen, dass et sech op der Foto ëm den Ätna op Sizilien handelt.
Eng Google-Sich op Spuenesch mat der Formuléierung “Archivfoto, déi de mat Lava gefëllte Krater vum italieenesche Vulkan Ätna weist”, déi an der Bildbeschreiwung vun dësem Artikel steet, huet d’AFP zu engem aneren Artikel an der Zeitung “La Vanguardia” geféiert, an deem d’Rechter vum Bild “Efe / CUFARI / Propias” zougeschriwwe ginn.
Eng Sich an der EFE-Datebank mat de Stéchwierder “etna cufari” huet d’AFP zur Originalfoto “vum 12. September 2004 vum Lavakrater am Ätna op Sizilien” geféiert.
“En neie Lavastroum beweegt sech op déi verloossen Zon vum Bove-Dall zou, 13. September 2004”, heescht et an der Bildbeschreiwung.
D’Detailer vun der Originalfoto sinn am follgende Screenshot ze gesinn.
© AFP
Santorini ass eent vun de beléiftste Reesziler a Griicheland. D’Insel huet just 15.500 Awunner, huet am Joer 2023 awer 3,4 Millioune Visiteuren ugezunn, wéi d’AFP gemellt hat.
Europäesch Reesbüroen, déi vun der AFP kontaktéiert goufen, goufen un, dass am Februar 2025 just e puer auslännesch Visiteuren op Santorini waren. Si ginn ausserdeem dovun ass, dass d’Buchungen am Fréijoer 2025 zouhuele wäerten.
© AFP
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.