Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Ale Video gëtt benotzt, fir der UNO fälschlecherweis Kannerhandel virzegeheien

Faktencheck: Ale Video gëtt benotzt, fir der UNO fälschlecherweis Kannerhandel virzegeheien - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Rezent Bäiträg a sozialen Netzwierker hu behaapt, e Video géif e Mob weisen, deen d’lescht Joer am Senegal e Gefier vun de Vereenten Natiounen ugegraff huet, well en angeeblech verschleeft Kanner transportéiert hätt. D’Behaaptung ass awer falsch.

RTL © AFP

De Bäitrag gouf méi wéi 13.000 Mol gedeelt a weist e Clip vun zwou Minutten, deen e rosene Mob weist, deen e wäisst Gefier attackéiert. Am Video ass ze gesinn, wéi d’Leit d’Dier vum Gefier opbrécht, fir Kanner vu bannen ze befreien.

Eng Rëtsch aner Konten op Facebook hunn déi selwecht Behaaptung gedeelt.

Kannerhandel a Westafrika

De Büro vun de Vereenten Natioune fir Drogen- a Verbriechensbekämpfung (UNODC) sot an engem Rapport vun 2021, dass dräi vu véier Mënschen, déi a Westafrika – wou de Senegal läit – verschleeft goufen, Kanner waren (hei archivéiert).

“Ënner de 4.799 Affer, déi a 26 afrikanesche Länner südlech vun der Sahara entdeckt goufen, waren 3.336 a Westafrika, dovun 2.553 Kanner”, heescht et am Rapport.

Vill vun den Affer goufe bannent vun hire Länner verkaf, steet weider am Rapport.

D’Behaaptung, de Video géif en UN-Gefier weisen, dat fir Kannerhandel benotzt gouf, ass awer falsch.

Ale Video aus Simbabwe

No zwou Sekonnen am Video ass d’Wuert “Sincere Security” op dem Van ze gesinn. No siwe Sekonnen eng Adress – 33 Airdrie Road Eastlea – an d’Telefonsnummer ass och um Gefier ze gesinn.

Eng Stéchwierdersich no “Sincere Security Airdrie Road Eastlea” huet zu enger Kontaktsäit op der Internetsäit vun enger privater Sécherheetsentreprise geféiert.

Eng vun den Telefonsnummeren op der Websäit vun der Firma stëmmt och mat der Nummer um Liwwerwon iwwereneen.

RTL © AFP

Sincere Security Services seet op hirer Websäit, dass se 2006 gegrënnt gouf an dass se “eng vollstänneg Entitéit a simbabweschem Besëtz” ass (hei archivéiert).

Eng weider Stéchwierdersich, dës Kéier no “Sincere Security kidnapped children”, huet zu enger Versioun vum Video geféiert, dee vum simbabweschen Norichtesender ZimEye den 19. Abrëll 2019 verëffentlecht gouf (hei archivéiert).

An der Beschreiwung vum Video steet, dass de Liwwerwon am Video zu Sincere Security Services gehéiert huet.

De Sender sot a sengem Bericht, de Chauffer vum Gefier hätt déi véier Kanner vu sengem Employeur zu Bulawayo, enger Stad am Südweste vu Simbabwe, geféiert, wéi hie fir en Entféierer gehale gi wier (hei archivéiert).

An engem anere lokalen Norichtebäitrag, deen den Dag virdru verëffentlecht gouf, housch et, de Chauffer, deen als “Sécherheetsbeamte” bezeechent gëtt, géif d’Kanner bei hir Eltere bréngen (hei archivéiert).

‘Fake news’

E Spriecher vum Büro vun de Vereenten Natiounen am Senegal, de Cheikh Sakho, sot géintiwwer dem AFP-Faktencheck, dass d’Behaaptung, en UN-Gefier wär fir Kannerhandel benotzt ginn, “Fake News” wär.

“Keng vun eisen Agencë benotzt dësen Typ vu Gefier”, deen am Video ze gesinn ass, sot de Sakho.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.