Scroll Top

Faktencheck: Angeeblecht EU-Verbuet vu Schnéimännercher ass erfonnt

Faktencheck: Angeeblecht EU-Verbuet vu Schnéimännercher ass erfonnt - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

Am Internet sinn ëmmer nees Falschinformatiounen iwwer angeeblech nei Gesetzer säitens der EU am Ëmlaf. Enn Dezember 2024 hu vill User d’Behaaptung verbreet, d’EU hätt Schnéimannverbuet decidéiert. Mat dëser Behaaptung goufen dräi angeeblech Nummere vun EU-Gesetzer opgelëscht. Déi gedeelt Nummere sinn am Internet awer net ze fannen an entspriechen och net de Virgabe vun der EU. Ausserdeem huet eng Spriecherin vun der Europäescher Kommissioun d’Behaaptung dementéiert.

“Et kleng wéi e Witz, mee et ass batteren Eescht: D’EU huet et op de Schnéimann ofgesinn”, steet an engem Facebook-Post vum 23. Dezember 2024. “Ouni Autorisatioun vun den Autoritéiten däerf Schnéi net méi vum eegene Wues ewechgeholl ginn”, heescht et dora weider. Grond wär “d’nei Veruerdnung D-8u09809”, déi den Ëmgang mat Schnéi am eegene Gaart ab 2026 reegele géif.

Mat dëser Behaaptung gouf en Artikel vun der Säit “telegra.ph” vum 23. Dezember 2024 mat der Iwwerschrëft “EU verbitt de Schnéimann am Gaart” gedeelt. Den Artikel nennt als Grënn fir dëst vermeintlecht Verbuet Klimaschutzmesuren, kulturell Risiken a Beméiunge fir d’Reduzéierung vun Offall. Als Quell fir d’Behaaptung nennt den Artikel eng “Veruerdnung D-8u09809”, eng “EU-Textillentsuergungsdirektiv 43234/19″, eng Veruerdnung 479i8/23” an Zitater aus “internen EU-Dokumenter” souwéi vun engem net mam Numm genannten “EU-Spriecher”. Bei Verstéiss kéinte Geldstrofen an Héicht vu bis zu 500 Euro dreeën, heescht et ausserdeem.

Och op de Plattformen X, Instagram, TikTok an Telegram goufen Extraiten aus dem Artikel staark verbreet. Eng Rëtsch Kommentarer ënner de Bäiträg weisen, dass déi meescht User d’Behaaptung fir authentesch halen: “Déi spanne wuel ech maachen a mengem Gaart wat ech wëll”, huet zum Beispill eng Facebook-Notzerin de 26. Dezember 2024 kommentéiert.

RTL © AFP

Aner Contenuen, déi de Bäiträg op Facebook änlech gesinn, hu weider Artikelen als Quell mat identeschem Wuertlaut verlinkt, déi schonn den 22. Dezember 2024 op den Internetsäite “Journalistenwatch” an “Opposition24” publizéiert gi waren. “Journalistenwatch” ass an der Vergaangenheet schonn dacks duerch d’Verbreedung vu Falschinformatiounen opgefall, déi d’AFP widderluecht huet.

Op der Säit “Opposition24” gouf den Artikel ënner der Rubrik “Satir” publizéiert, wat awer an den online verbreede Bäiträg net ernimmt gëtt.

RTL © AFP

Och d’Säit “Opposition24” huet scho Falschinformatioune verbreet, déi iwwerpréift goufen. Mat Hëllef vun enger erweiderter Internetsich konnt d’AFP keng seriö Quell fir e vermeintlecht Verbuet vu Schnéimänner duerch d’EU fannen.

Keng offiziell Ernimmung vun engem Schnéimannverbuet an offiziellen EU-Dokumenter

EUR-Lex ass d’offiziell Online-Datebank fir legislativ Dokumenter vun der Europäescher Unioun. D’Säit gëtt vum Büro fir Publikatioune vun der Europäescher Unioun bedriwwen an all Dag aktualiséiert. Do kann een alleguer d’ëffentlech Dokumenter, Gesetzer a Virgäng an de 24 Amtssprooche vun der EU noliesen.

Eng Sich op EUR-Lex no den den Nummeren D-8u09809, 479i8/23 a 43234/19, déi an de Bäiträg ernimmt ginn, ergouf keng Resultater. och eng Stéchwierdersich no de Begrëffer “Schnéimann” (hei archivéiert) a “Schnéimannverbuet” (hei archivéiert) huet zu kenge Resultater doriwwer geféiert, dass een an Zukunft keng Schnéimännercher méi a sengem private Gaart bauen dierft. E Resultat vun der Sich war awer, dass eng Persoun mam Familljennumm “Schneemann” an engem Urteel vum Europäesche Geriichtshaff aus dem Joer 1990 ernimmt gouf.

Déi aktuellst Ernimmung vum Stéchwuert “Schnéi” (hei archivéiert) an engem EU-Dokument op EUR-Lex staamt aus der Duerféierungsveruerdnung (EU) 2021/535 vum 31. Mäerz 2021, déi sech mat Spezifikatioune vu Gefierer befaasst. Dora ginn ënner anerem technesch Bestanddeeler opgezielt, wéi zum Beispill eng Schnéiketten, déi “op Schnéi Undriff erméiglecht”.

Angeeblech Gesetzesnummere sinn net seriö

Op AFP-Ufro huet eng Spriecherin vun der Vertriedung vun der Europäescher Kommissioun an Däitschland den 8. Januar 2025 per E-Mail geäntwert, dass et keng EU-Gesetzer géif, déi sech mat Schnéimänner a private Gäert befaasst hätten. Och géif et keng EU-intern Dokumenter, déi Schnéimänner, wéi online behaapt, als “kulturelle Risiko” bezeechne géifen.

D’Spriecherin huet ausserdeem dorop higewisen, dass d’Nummeren, déi online genannt goufen, schonn an hirem Opbau net seriö wären. Deemno gëtt et fest Virgaben, wéi EU-Gesetzer benannt ginn. Se sinn duerch Nummere gekennzeechent, déi jeeweils aus dräi Deeler bestinn: d’Ofkierzung vum Vertrag bezéiungsweis de Beräich a Klameren (zum Beispill EU, Euratom oder Änleches), dem Publikatiounsjoer (bestoend aus véier Zifferen) an der lafender Nummer, déi baséierend op enger järlecher Suite sou vill Plaze wéi néideg opweist.

Konkreet erginn dës Virgaben Nummeren, déi wéi déi uewen zitéiert Duerchféierungsveruerdnung aus dem Joer 2021 opgebaut sinn: (EU) 2021/535. D’angeeblech Gesetzesnummeren D-8u09809, 479i8/23 und 43234/19, déi online kurséieren, entspriechen dësem Muster net.

All d’Faktenchecke iwwer Sujeten, déi d’EU concernéieren, fannt Dir op der AFP-Websäit.

Fazit: Am Internet si Behaaptungen iwwer en angeeblecht Verbuet vu Schnéimännercher säitens der EU am Ëmlaf, sinn awer kompletten Onsënn. Dat ergouf eng erweidert Sich no Dokumenter an der EU-Gesetzesdatebank souwéi e kloren Dementi vun enger Spriecherin vun der EU-Kommissioun. D’Behaaptung schéngt op e satireschen Artikel zeréckzegoen, deem säi Contenu a Sozialen Netzwierker awer ouni entspriechenden Hiweis verbreet gouf.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.