Scroll Top

Faktencheck: Ass Chimiotherapie “zu 97 %” ineffikass géint Kriibs?

Faktencheck: Ass Chimiotherapie "zu 97 %" ineffikass géint Kriibs? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Wärend de franséischen Institut national du cancer Enn September en Iwwerbléck iwwer d’Kriibserkrankungen am Land fir d’Joer 2024 erstallt huet, behaapten Internetnotzer a Sozialen Netzwierker, dass Chimiotherapien en “Taux d’échec vu 97 %” hätten. Si stäipe sech dobäi op Aussoe vun engem amerikaneschen Naturopath (Naturheeler). Dëse Prozentsaz ass awer onbegrënnt.

Wéi eng Rëtsch Onkologen an Institutiounen, déi op Kriibs spezialiséiert sinn, géintiwwer der AFP erkläert hunn, erméiglecht dëse Behandlungsprinzipp, deen op Kriibszellen ofziilt, all en effikasse Soin bei Patiente souwéi endgülteg Heelungen. Ofgesi vun der Absurditéit, Chimiotherapien als generesch Kriibsbehandlung ze betruechten, owbuwel se eng Villzuel vu Fäll ofdeckt, weisen d’Experten och op d’Mëssverständnis vun der Etüd hin, déi vum Naturheeler zitéiert gouf. Dës kënnt nämlech net zur Konklusioun, dass d’Chimiotherapie zu 97 Prozent ineffikass ass.

“Chimiotherapie huet en Taux d’échec vu 97 Prozent”, behaapten Internetnotzer a Bäiträg, déi Enn September 2024 op Facebook (1, 2) an op X gedeelt goufen.

Si behaapten, dass dës Kriibstherapie just fir kommerziell Zwecker agesat géif, an zwar vun Dokteren, déi mat der Chimiotherapie ” e risege Profit” maache géifen.

Dës Notzer widderhuelen d’Argumenter vum amerikaneschen Naturopath Peter Glidden, deen an engem Video behaapt, dass en Onkolog am amerikanesche Gesondheetssystem mat der Duerchféierung vu Chimiotherapië séier räich ka ginn.

RTL © AFP

“Den eenzege Grond, firwat Chimiotherapie agesat gëtt, ass, dass d’Dokteren domat Sue verdéngen. […] Et funktionéiert a 97 % vun de Fäll net. Wann d’Firma Ford en Auto hierstelle géif, deen a 97 % vun de Fäll explodéiert, wär se dann nach am Geschäft? Nee”, behaapt de Glidden weider an dësem Bäitrag.

Dës Zuel widdersprécht awer all Grondlag, wéi eng Rëtsch Onkologe géintiwwer der AFP betount hunn.

Den Eric Solary, Vizepresident vun der Fondation ARC fir Kriibsfuerschung (archivéierte Link), deen d’AFP den 1. Oktober 2024 befrot huet, hält dës Behaaptung fir “onverständlech”. “D’Chimiotherapie erméiglecht vollstänneg therapeutesch Äntwerten a bei enger Rei vu Patienten eng endgülteg Heelung. Souguer wann haut bei der Kriibsbehandlung nei Medikamenter, geziilt Therapien an Immuntherapien agesat ginn, bleift d’Chimiotherapie e Grondbestanddeel vun der Kriibsbehandlung, deen deeglech agesat gëtt an all Dag d’Liewe vu Patiente rett.”

De medezinneschen Onkolog Manuel Rodrigues, President vun der Société française du Cancer (archivéierte Link), gouf de selwechten Dag vun der AFP kontaktéiert an huet erkläert: Et kann een net all Kriibszorten an all Chimiotherapien an een Dëppe geheien. Et muss ee vu Kriibs zu Kriibs a souguer vu Subtypp zu Subtypp ënnerscheeden.”

Hie weist ausserdeem dorop hin, dass den am Video ernimmte Versuergungssystem definitiv net deem a Frankräich entsprécht, wou Onkologe kee finanzielle Gewënn erzilen, wa si Chimiotherapië verschreiwen: “Ob d’Chimiotherapie deier oder bëlleg ass, mécht fir de medezineschen Onkolog a souguer fir d’Klinick, déi se verschreift, keen Ënnerscheed.”

D’Chimiotherapie ass e Behandlungsprinzipp, dee vill verschidde Fäll recouvréiert

Wéi op der Internetsäit vum Centre de lutte contre le cancer Gustave Roussy (archivéierte Link) ausféierlech beschriwwe gëtt, ass d’Chimiotherapie kee Medikament, mee e “Behandlungstypp, deen e breede Spektrum u Medikamenter regruppéiert”, déi Kriibszellen eliminéiere sollen.

Jee no Zort vu Chimiotherapie kënne se also op verschiddene Weeër (oral, intravenéis) administréiert ginn a méi oder manner effikass sinn, well “verschidden Tumoren [net] op déi selwecht Chimiotherapie uspriechen.”

Wéi d’Fondation ARC fir Kriibsfuerschung op hirer Internetsäit erkläert (archivéierte Link), kann d’Chimiotherapie als “systematesch” Behandlung, déi am ganze Kierper wierkt, a ganz ënnerschiddleche Fäll agesat ginn: als “exklusiven Traitement” bei bestëmmte Kriibszorten (besonnesch Bluttkriibs), virun engem chirurgeschen Agrëff oder enger Stralentherapie, “fir den Tumor ze verklengeren”, oder no engem vun dëse béide Fäll, fir “potenziell Reschttumorzellen” ze eliminéieren …

Eng Chimiotherapie kann och an der metastasescher Phas vu Kriibs agesat ginn, fir d’Krankheet ze stabiliséieren, oder an der palliativer Phas, wann eng Heelung net méi méiglech ass, fir “d’Liewenszäit” an “d’Liewensqualitéit” ze verbesseren.

Et mécht dohier kee Sënn, generesch vun “der Chimiotherapie” ze schwätzen, wéi et de Peter Glidden mécht, well se ganz ënnerschiddlech Situatiounen ëmfaasst, huet d’Marianne Duperray (archivéierte Link), Direktesch fir Recommandatiounen a Medikamenter um franséischen Institut national du cancer, de 4. Oktober 2024 géintiwwer der AFP betount.

“Et gëtt net eng, mee eng Rei Chimiotherapien. All Medikament fir eng Chimiotherapie kritt no an op der Basis vun de Resultater vu klineschen Etüden an no enger Notzen-Risiko-Bewäertung duerch déi staatlech Agencen, déi fir eng Maartzouloossung vu Medikamenter zoustänneg sinn, eng Geneemegung an en Zougang zum Remboursement fir eng spezifesch Indicatioun […], dat heescht, notamment eng spezifesch Traitementslinn, fir déi et en erwisenen Notze gëtt. […] Dës Chimiotherapien, déi eigentlech Medikamenter sinn, kënne matenee kombinéiert ginn”, huet si erkläert.

Den Eric Solay stëmmt deem zou: “Bei der Chimiotherapie komme vill verschidde Medikamenter zum Asaz, déi jee no Kriibszort op ganz ënnerschiddlech agesat ginn an déi nees vill Patienten heele kënnen.”

“Am Géigesaz zu anere Behandlungsmethoden, déi een zënterhier entwéckelt huet, ziilt d’Chimiotherapie op Zellen of, déi sech vervillfältegen. Dohier ass d’Fro, ob sech de Kriibs séier vervillfältegt oder net, ee vun de Krittären, déi bei der Entscheedung fir eng Chimiotherapie beuecht ginn”, huet de Manuel Rodrigues erkläert.

Den Expert nennt d’Hautmelanom (archivéierte Link) als Beispill: “A munche Fäll kann et grav sinn, awer d’Chimiotherapie […] ass [bei dëser Zort vu Kriibs] net effikass, also gëtt se net verschriwwen.”

Am Géigesaz dozou sinn, wéi den Eric Solay erkläert, “e puer Kriibszorten immens sensibel fir eng Chimio”. “D’Hodgkin-Krankheet, e Kriibs, deen heiansdo immens jonk Mënsche befält, gëtt zënter Laangem a méi wéi 50 Prozent vun de Fäll duerch Chimiotherapie geheelt, déi heiansdo mat Stralentherapie kombinéiert gëtt. […] Och vill béisaarteg Lymphomer ginn zënter laanger Zäit bal exklusiv duerch Chimiotherapie geheelt. […] Et kann een och Leukemien als Beispill huelen: Wann eng Persoun un akuter Leukemie leit, stierwen dës Persounen a 95 Prozent vun de Fäll bannent e puer Deeg, wa keng Chimiotherapie gemaach gëtt.”

“D’Intensitéit vun der Chimiotherapie ass jee no Tumor a Plaz, op där e sech befënnt, ënnerschiddlech. Ëmsou méi chimiosensibel de Kriibs ass, ëmsou méi warscheinlech ass et, dass d’Chimiotherapie effikass ass”, huet d’Marianne Duperray duergeluecht.

Wéinst der grousser Heterogenitéit bei den existéierende Kriibserkrankungen ass et dohier immens schwiereg, d’Wierksamkeet vun der Chimiotherapie am méi wäite Sënn ze quantifizéieren. Geneesou kann dëse Behandlungsprinzipp zu temporären Niewewierkunge féieren, déi “heefeg, awer net systematesch a moderéiert” sinn an ausserdeem jee no Chimiotherapie variéieren, erënnert d’Expertin.

“Dozou gehéieren Iwwelzegkeet, Erbriechen, Entzündungen am Mond (Mucite) oder Aphten, Duerchfall oder Verstopfung, temporären Hoerausfall (Alopezie), Middegkeet, Réckgang vu wäissen a roude Bluttkierpercher oder de Bluttplättercher. Verschidden Niewewierkunge kënnen duerch gëeegent Soinen a Medikamenter limitéiert oder souguer komplett vermidde ginn. Net all Chimiotherapië féieren zu Niewewierkungen; dat bedeit awer net, dass d’Behandlung ineffikass ass”, huet si erkläert.

RTL © AFP

E Prozentsaz, deen op dem Mëssverständnes vun enger Etüd mat atypescher Methodik berout

Och wann dem Peter Glidden säi Video an de leschte Wochen op Facebook an X gedeelt gouf, ass e schonn zënter Joren an de Sozialen Netzwierker am Ëmlaf. Sou war dëse Video zum Beispill schonn am Mäerz 2014 op Facebook oder am Juli 2011 op YouTube opgedaucht – wou de Video an der Tëschenzäit geläscht gouf, awer als archivéierte Link weiderhin zougänglech ass.

Wéi et an enger Beschreiwung op YouTube (mëttlerweil geläscht, awer an archivéierter Form zougänglech) fir dësen Interview heescht, stäipt sech den amerikaneschen Naturopath bei sengem Virworf, den Taux d’échec léich bei 97 Prozent, op eng australesch Etüd, déi 2004 an der Zäitschrëft “Journal of Clinical Oncology” publizéiert gouf. D’Artikelen aus dëser Editioun goufen enger Peer-Review ënnerzunn (archivéierte Link).

D’Etüd sollt de Bäitrag vun der Chimiotherapie iwwer den Iwwerliewenstaux vu Patiente mat verschiddene Kriibszorten iwwer en Zäitraum vu fënnef Joer bewäerten an huet sech dobäi op epidemiologesch Donnéeën aus den USA an Australien aus dem Joer 1998 gestäipt.

Laut de Resultater, déi vun de Fuerscher virgeluecht goufen, huet d’Chimiotherapie mat e bësse méi wéi “2 %” zu dësem Iwwerliewenstaux bäigedroen.

D’Etüd kënnt also net zur Konklusioun, dass d’Chimiotherapie “97 % vun der Zäit” versot, wéi de Peter Glidden behaapt, mee spillt hiren Afloss hiren op de 5-Joer-Iwwerliewenstaux vu Kriibs erof.

“Do ass zum engen den Artikel, dee vu schlechter Qualitéit ass, an zum aneren d’Mëssverständnis dovun, wat dora gesot gëtt. […] Eent vun de Wierder, dat [de Kontext vun der Etüd verdäitlecht], ass ‘adjuvant’, dat heescht, zum Zäitpunkt wou keng Krankheet méi noweisbar ass, entweder, nodeem d’Patienten operéiert goufen, [d’Bäifüge vun engem Traitement] mat Chimiotherapie oder net”, huet de Manuel Rodrigues erkläert.

Den Onkolog betount, dass d’Resultater vun dëser “onklorer” wëssenschaftlecher Aarbecht selwer bei korrekter Interpretatioun nuancéiert muss ginn: “D’Berechnungsmethod [vun den Auteure vun der Etüd] ass ze verzerrt, fir den Notze vun der Chimiotherapie ze berechnen, well se sech an der Literatur d’klinesch Etüden ugekuckt hunn, an dunn hu si sech d’Unzuel vun de Kriibserkrankungen an den USA an an Australien ugekuckt an d’Unzuel vun de Patiente geschat, déi dank der Chimiotherapie zousätzlech nach gelieft hunn. Dat ass also eng Schätzung mat dem naasse Fanger. […] Si vermëschen Donnéeën aus dem reelle Liewe mat Donnéeën aus klineschen Etüden.”

RTL © AFP

Desinformatioun iwwer Kriibsbehandlung, déi a Sozialen Netzwierker ëmmer nees opdaucht

“An der medezinescher Onkologie gëtt et dräi Situatiounen. Wann ee weess, dass eng Chimiotherapie näischt bréngt, verschreift ee se net. […] A Situatiounen, an deene se onerlässlech ass, ginn d’Patiente wierklech encouragéiert, [dem Rot vum] Onkolog nozekommen. Wann den Notze just e puer Prozent méi bedréit […], gëtt et intensiv Diskussiounen [iwwer d’Pertinenz, se wouerzehuelen,] tëschent den Onkologen an de Patienten”, huet de Manuel Rodrigues zesummegefaasst.

Den Onkolog huet bäigefüügt, dass e groussen Deel vun der Kriibsfuerschung an de leschten dräi Joerzéngten dorop ofgeziilt huet, “d’prognostesch a predikativ Facteure” vun der Krankheet ze bestëmmen, fir méi liicht ze erkennen, wéini eng Behandlung sënnvoll ass.

D’Marianne Duperray huet hirersäits “de Risiko” bedauert, dee vun ierféierenden Aussoe wéi där iwwer den Taux d’échec vun der Chimiotherapie ausgeet: “Mat esou Messagë kéinten [d’Patiente] sech vun de konventionelle Behandlungen ofwenden, déi hirer Effikassitéit bei der Behandlung vu Kriibspatiente bewisen hunn.”

Am Joer 2022 kruten a Frankräich 372.348 Patienten eng Chimiotherapie, sou de Kriibspanorama 2024 vum Institut national du cancer (archivéierte Link). Dëse Panorama stellt d’Situatioun sou duer, dass bei Fraen eng “besuergneserreegend” Hausse vu Longen- a Bauchspeicheldrüsekriibs a bei Männer eng Stabiliséierung oder souguer e Réckgang vun den heefegste Kriibszorte festzestellen ass (archivéierte Link).

Virun allem opgrond vum demografesche Cocktail (Bevëlkerungswuesstem an Alterung), awer och opgrond vu Risiken am Zesummenhang mam Liewensstil, ass d’Kriibsinzidenz a Frankräich an de leschten 20 Joer däitlech geklommen, genee wéi an anere westleche Länner. Am Joer 2023 goufe 433.333 nei Fäll festgestallt. Kriibs ass déi heefegst Doudesursaach bei Männer an no Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen déi zweetheefegst bei Fraen a bedeit all Joer fir méi wéi 162.400 Fransousen den Doud.

AFP Factuel huet eng Rëtsch Artikele publizéiert, fir Desinformatiounen iwwer Kriibsbehandlunge mat alldeegleche Liewensmëttel ze konteren – besonnesch am Abrëll 2024. Zu de falschen Heelmëttel, déi an de Sozialen Netzwierker ëmmer nees opdauchen, gehéiert d’Zitroun. Verschiddener mengen, se misst waarm giess ginn, anerer huele se mat Corossol (enger tropescher Fruucht) oder souguer déifgefruer zou sech, fir géint de Kriibs ze wierken.

De Professer Sidy Ka, e Chirurg a Kriibsspezialist am Spidol Aristide Le Dantec zu Dakar, huet géintiwwer der AFP am Joer 2021 bedauert, dass vill Patienten – “bal alleguer”, déi hie behandelt huet – sech dëse Pseudobehandlungen ënnerzéien, éier si sech entschléissen, an d’Spidol ze goen, dacks an engem fortgeschratte Kriibsstadium.

Am selwechte Joer huet den Onkolog Prof. Paul Ndom, permanente Secretaire vum Comité national de lutte contre le cancer am Kamerun, dës Praxis ugeprangert: “70 Prozent vun deejéinegen, déi an d’Spidol kommen, hunn hir Zäit domat verbruecht, dës Zort vu Gedrénks ze schlécken”, huet hie beklot.

Ganz allgemeng fäerten Onkologen ugesiichts vun dësen am beschte Fall ineffikassen an am schlëmmste Fall gëftege Methoden, dass se dozou féiere kéinten, dass Kriibskranker d’Behandlung ofbriechen.

“D’Konsequenze sinn, dass Mënschen, soubal se vun der Iddi iwwerzeegt sinn, dass en alternatiivt Heelmëttel, souguer wann et eng Geméisbritt ass, de Kriibs heele kéint, et probéieren, heiansdo hir Behandlung ofbriechen an hiren Doud beschleunegen, also ass et trotzdeem geféierlech”, huet d’Romy Sauvayre, eng Soziologin, déi sech op Wëssenschaft a Glawe spezialiséiert huet, den 3. Abrëll an engem Gespréich mat der Norichtenagence AFP analyséiert.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.