Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Ass den Euro um Enn a kommen nees d’Frangen?

Faktencheck: Ass den Euro um Enn a kommen nees d'Frangen? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Gëtt d’Enn vum Euro vun den europäesche Staatscheffen aktéiert? Dat geet aus engem Extrait vun enger Fernseereportage ervir, déi zanter dem 19. September bal 3.000 Mol an afrikanesche sozialen Netzwierker gedeelt gouf. Awer dat stëmmt net, et handelt sech ëm eng Fiktioun.

Iwwer der Sequenz, déi knapp annerhallef Minutten dauert (hei archivéiert) an Enn September op Facebook publizéiert gouf, steet als Message: “D’Enn vum Euro, zeréck bei de Frang”.

“Gudden Owend an häerzlech wëllkomm zu dëser Spezialeditioun iwwer déi gëschter ugekënnegt Ofschafung vum Euro”, sou d’Moderatrice Nathalie Renoux vun der Emissioun um franséische Sender M6. Et geet mat enger Rei vu Froen iwwer “d’Enn vun der eenheetlecher Wärung” an Europa weider, déi am weidere Verlaf beäntwert solle ginn.

RTL © AFP

Och wann de Bericht op den éischte Bléck seriéis wierkt, hu sech eng Rei Internetnotzer séier skeptesch geäussert: “Mir kréien [an dësem Reportage, Um. v. d. Red.] Staatscheffe gewisen, déi net un der Muecht sinn. Virun allem an Däitschland a Spuenien”, kommentéiert ee vun hinne virsiichteg. An hien huet Recht.

De Video enthält effektiv vill Ongereimtheete par rapport zur Aktualitéit. De spuenesche Regierungschef, dee senge Landsleit d’Noriicht vum Enn vum Euro iwwerbruecht huet, ass de Mariano Rajoy (am Screenshot), deen 2018 duerch de Sozialist Pedro Sanchez ersat gouf (Foto AFP).

RTL © AFP

RTL © AFP

Doriwwer eraus gëtt an deem Reportage vu 17 Memberen an der Eurozon geschwat, wärend d’Wärung am Moment vun 20 Memberstaate vun der Europäescher Unioun benotzt gëtt (Link hei archivéiert).

D’AFP huet eng Sich op X (fréier Twitter) mat de Stéchwierder “M6 Fin Euro” duerchgeféiert. An engem Bäitrag vum 31. Januar 20212 (hei archivéiert) bericht en Internetnotzer, dass “Capital (M6) an der nächster Editioun d’Marine Le Pen op e gefälschte Reportage iwwer d’Enn vum Euro reagéiere loosse wäert”. Hien erwäänt och eng Publikatioun vum franséische Medium “Stratégies” (hei archivéiert) mam Titel “Marine Le Pen vu Capital invitéiert, op e fiktionale Reportage iwwer d’Enn vum Euro ze reagéieren”.

Eng Fiktioun aus dem Joer 2012

Eng Facebook-Recherche mat de Stéchwierder “Enn vum Euro M6” erméiglecht et, déi laang Versioun vum virale Video op der zertifiéierter Säit vun der Emissioun “Capital”, déi op M6 diffuséiert gëtt, ze fannen. Dës Emissioun beschäftegt sech mat ekonomesche Sujeten. Et handelt sech ëm eng archivéiert Editioun, déi den 19. August 2021 nees publizéiert gouf a mat dem Message verbonnen ass: “Fiktioun: Wat géif geschéien, wann den Euro verschwënnt? 2012 huet d’Redaktioun vu Capital probéiert, dës Fro ze beäntweren.”

An den Archive vun der Tëleessendung op Facebook huet d’AFP eng Rei vu sechs fiktionalen Episode ronderëm d’Fro “Wat, wa Frankräich aus dem Euro austrëtt?” fonnt, dorënner de Video, deen am Moment viral geet.

RTL © AFP

De Reportage, deen am Moment am Ëmlaf ass, ass ganz einfach eng Simulatioun ouni Bezuch zur Aktualitéit.

Den angeeblechen Austrëtt vu Frankräich aus der Eurozon war en Diskussiounstheema wärend der Presidentschaftswalcampagne 2012. Dës Positioun gouf virun allem vun der Marine Le Pen verdeedegt, der Presidentin vum Front National, deen am Joer 2018 a Rassemblement National (RN) ëmgedeeft gouf. Si war deemools Kandidatin fir dat héchst Amt a Frankräich, fir dat vum President.

An enger Meldung vun der AFP, déi Enn Oktober 2011 publizéiert gouf (hei archivéiert), huet et geheescht, et misst ee bei “nationale Wärungen” zeréckgoen an eng Ofwäertung virhuelen, wat “vläicht e puer Produite méi deier maache géif, awer et wäert méi Mënsche ginn, déi Aarbecht wäerten hunn, fir se ze kafen”.

De Bericht iwwer eng Debatt, déi vum Cercle des économistes en France (hei archivéiert) initiéiert gouf, ernimmt eng italieenesch Ekonomistin, d’Elsa Fornero, déi behaapt, dass “vill Ekonomen 2011 an Ufank 2012 soten, dass d’Warscheinlechkeet, dass den Euro bannent engem Joer verschwënnt, bei iwwer 50 Prozent léich. Ech kann de Paul Krugman dozou zitéieren”, seet si, aus dem Engleschen iwwersat.

Eng Hypothees, déi schlussendlech net agetrueden ass. Frankräich ass zënter dem Bäitrëtt am Januar 1999 ëmmer nach Member vun der Eurozon (Link hei archivéiert).

Am Juni 2023 huet de franséische Staat op senger Internetsäit, déi dem “ëffentleche Liewe” dediéiert ass, verséchert, dass “trotz dem Krich an der Ukrain, der Hausse vun den Energiepräisser an der Inflatioun den Euro déi zweetheefegst Wärung op der Welt blouf. Säin Undeel un de weltwäiten offiziellen Devisëreserven ass ëm 0,5 Prozentpunkten op 20,5 Prozent am Joer 2022 geklommen.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.