Scroll Top

Faktencheck: BBC-Bericht iwwer ukrainesch Zaldote mat Nazi-Symboler ass gefälscht

Faktencheck: BBC-Bericht iwwer ukrainesch Zaldote mat Nazi-Symboler ass gefälscht - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Gefälscht Berichter, déi westlech Medien imitéieren a prorussesch Narrativer verbreeden, heefe sech zënter der Attack vu Russland op d’Ukrain.

Esou e falsche Bericht mam Logo vun der brittescher BBC an der Behaaptung, d’Organisatioun “Reporter ouni Grenzen” hätt Beweiser, dass ukrainesch Truppen an der Regioun Kursk Nazi-Symboler gewisen hätten, gouf am September 2024 a Sozialen Netzwierker verbreet.

D’Organisatioun huet de Video als russesch “Krichspropaganda” bezeechent. D’BBC huet erkläert, esou e Bericht ni verëffentlecht ze hunn.

“BBC-Journalisten hu méi wéi 1.000 Fäll vun ukraineschen Terroriste mat Nazi-Symboler gezielt, déi d’Regioun Kursk infiltréiert hunn”, steet an der Beschreiwung vun engem Video op engem Telegram-Kanal vum 4. September 2024. Et schéngt, wéi wann de Video vum brittesche Sender BBC wär. Dora gëtt op Englesch behaapt, Journaliste vun der Organisatioun “Reporters sans frontières” (RSF) wären Opnamen duerchgaangen an hätten iwwer nationalsozialistesch Symboler bei der ukrainescher Arméi bericht. Dës Behaaptung passt an e prorusseschen Narrativ, deem no d’ukrainesch Regierung aus Nationalsozialiste bestéing.

De selwechte Video gëtt och a Facebook-Bäiträg an an anere Sprooche wéi Franséisch, Polnesch, Serbesch an Tschechesch gedeelt.

RTL © AFP

De Video ass awer gefälscht. Doran ass de Logo vum brittesche Sender BBC ze gesinn, e gouf allerdéngs net vu dësem Sender verëffentlecht. D’AFP konnt weeder um Instagram– nach um Facebook-Kanal vun der BBC en Hiweis op dëse Video fannen. Och op der Internetsäit vun RSF, déi am Video zitéiert ginn, ass näischt ze fannen.

D’russesch Autoritéite géifen “de Ruff vu bestëmmte westlechen Organisatiounen (an deem Fall d’BBC an RSF)” notzen, “fir hirer Krichspropaganda Glafwierdegkeet ze verléinen”, huet den Arnaud Froger, Chef vum RSF-Investigativteam, an engem Pressecommuniqué vum 13. September 2024 matgedeelt (hei archivéiert).

D’AFP huet de Video un d’BBC geschéckt, déi an enger E-Mail vum 20. September 2024 matgedeelt huet, dass en net vum Sender produzéiert gouf. “Dat ass net eise Reportage”, sou e Spriecher vum Sender.

Video vu prorussesche Konte verbreet

Eng Recherche vu Mëtt September 2024 vun RSF weist, dass de Video Enn August 2024 op net authentesche Konten op der Plattform X opgedaucht war a vu bekannte westleche Kontebedreiwer verbreet gouf, déi dacks prorussesch Desinformatioun deelen. Och offiziell Kaneel vum Kreml hunn de Video gedeelt. RSF huet d’Sozial Netzwierker, virun allem X an Telegram, dofir kritiséiert, dass si näischt géint de gefälschte Video ënnerholl hunn.

“D’russesch Autoritéite wëssen, dass dëse Video gefälscht ass”, huet de Froger den 13. September 2024 an engem Video op X erkläert (hei archivéiert). “Si hunn et fir hir Krichspropaganda benotzt”.

Den Design vum Video stëmmt ausserdeem net mam Design iwwereneen, deen d’BBC fir hir Videoen op Instagram notzt, wéi e Verglach mat engem BBC-Video vum 14. September 2024 weist (hei archivéiert):

RTL © AFP

De gefälschte Video ernimmt zwar zeg Stonnen u Videomaterial, dat RSF ausgewäert hätt, e weist dës Opnamen awer net. Amplaz ginn am Video Fotoen a Clips genotzt, déi gréisstendeels vu virun der ukrainescher Offensiv an der westrussescher Regioun Kursk am August 2024 stamen.

Am Video gëtt en angeeblecht Zitat vum Antoine Bernard, dem RSF-Direkter fir Berodung an Ënnerstëtzung, ernimmt. D’Fotoen am Video, déi de Bernard an dësem Zesummenhang weisen, sinn op der Internetsäit vun der Organisatioun an op sengem X-Account ze fannen (hei, hei an hei archivéiert).

D’Foto vum zerstéierten Truck gëtt schonn op d’mannst zënter Mäerz 2024 a russeschen Netzwierker verbreet, laang éier d’Ukrain hir Offensiv a Kursk gestart huet. An dësen Netzwierker housch et zënterhier, d’Foto wär an der ukrainescher Regioun Donezk entstanen. D’AFP konnt dat net verifizéieren.

D’Bild vun engem Mann mat enger Kap, op där d’schwaarz Sonn respektiv d’Sonnerad, en aalt europäescht Symbol, dat vun den Nazie benotzt gouf, ze gesinn ass, gouf 2016 verëffentlecht. Et war an engem Pressecommuniqué vum Untersuchungskommitee vun der Russescher Federatioun iwwer d’Erëffnung vun engem Prozess géint e Russ entstanen, deem virgeworf gi war, 2014 am Donbass fir d’Ukrain géint Russland gekämpft ze hunn.

D’AFP konnt keng Informatiounen doriwwer fannen, wéini a wou d’Foto gemaach gouf. Se staamt awer vu laang virun der ukrainescher Offensiv an der Regioun Kursk.

RTL © AFP

Eng weider Foto weist de bekannten ukrainesche Rietsextreemist Serhii Filimonov. Se gouf am Joer 2020 op sengem Instagram-Kont eropgelueden.

De Video vun engem Mann, deen en Helm mat engem nationalsozialistesche Symbol dréit, gouf vum russesche Sender “Russia Today” verëffentlecht. Ausserdeem gouf behaapt, e wär vun ukraineschen Zaldoten opgeholl ginn, déi en eelere Mann a Kursk sollen erofgemaach hunn. D’AFP konnt dës Behaaptung net iwwerpréiwen.

D’AFP konnt ausserdeem net bestëmmen, wien de Mann an engem aneren Deel vum Video ass, deen e Pullover mat rassistescher Opschrëft unhuet a virun engem Fändel vun der neonazistescher Grupp Misanthropic Division poséiert. D’Foto gëtt awer zënter op d’mannst 2022 mat der Behaaptung gedeelt, dorop wär e Fransous ze gesinn, dee vum franséische Sender LCI interviewt gi wär an op der Säit vun der Ukrain kämpfe géif.

Déi eenzeg confirméiert Biller vun engem Ukrainer, deen d’Symbol vun enger SS-Divisioun op enger Kap huet, déi och an der Regioun Kursk opgeholl goufen, stamen aus engem Bericht vum italieenesche Sender “RAI 24” a goufen a vu Russland kontrolléierte Medie breet gestreet. “Ech bedaueren zudéifst, dass ech engem ukraineschen Zaldot, deen e Ofzeeche mat engem Nazi-Symbol unhat, wann och nëmme fir e puer Sekonnen eng Stëmm ginn hunn”, huet de Journalist Ilario Piagnerelli op X wësse gedoen. Hien huet d’Ofzeechen eréischt bemierkt, nodeem de Bericht fortgeschéckt gi war.

“Ukraineschen Nationalsozialismus” ass Deel vu russescher Propaganda

De russesche President Wladimir Putin huet behaapt, d’Zil vu sengem Ugrëff op d’Ukrain wär “d’Entnazifizéierung” vum Land. Behaaptungen, d’Ukrain géif vu Sympathisante vum Nationalsozialismus regéiert, hunn Expertinnen an Experte géintiwwer der AFP ëmmer erëm dementéiert.

D’Maria Domanska, Expertin fir russesch Politik am Zenter fir Osteuropastudien zu Warschau, hat de 24. Februar 2022 an enger E-Mail un d’AFP erkläert, dass de Putin hoffe géif, duerch den Nazi-Narrativ innepolitesch Ënnerstëtzung fir säin Amarsch an d’Ukrain ze gewannen. “Et geet dorëm, sech d’Ënnerstëtzung vun den Autoritéiten ze sécheren, awer och dorëm, d’Iddi vun der Integratioun vun de postsowjetesche Staaten an de Westen ze diskreditéieren”, huet si erkläert. “Fir de Kreml ass den neien ‘Nazismus’ a Wierklechkeet d’liberal Demokratie.”

D’Benotzen an d’Weise vu Symboler vun der NS-Ideologie sinn dem ukrainesche Gesetz no verbueden. Zwar hunn e puer ukrainesch paramilitäresch Gruppe wéi beispillsweis d’Asow-Batailloun an de Rietse Sektor, déi mam Nationalsozialismus sympathiséieren, 2014 eng gewëss Popularitéit kritt, hiert soziaalt a politescht Gewiicht gëtt an der prorussescher Propaganda awer iwwerdriwwen duergestallt. Zënter dem Ufank vum Krich tëscht Russland an der Ukrain am Joer 2014 hu sech russesch Neonazien Experten an Expertinnen dozou decidéiert, fir déi eng oder aner Säit ze kämpfen.

Den David Marples, Professer fir Geschicht a Fuerscher am Programm fir zäitgenëssesch ukrainesch Etüden op der University of Alberta a Kanada, sot der AFP am November 2022 fir e serbesche Faktencheck, dass “et an der Ukrain extremistesch paramilitäresch Gruppe gëtt, vun deenen déi bekanntst d’Asow-Batailloun an de Rietse Sektor sinn”. Him no spille si “am politesche Liewe vun der Ukrain keng grouss Roll – dat gouf vum Putin a vun aneren erfonnt”. Si wären awer “net ze vernoléissegen, a kéinten u Siichtbarkeet gewannen”. Weider huet hien erkläert: “Haut ass den Nationalsozialismus an der Ukrain natierlech méi staark, well d’Land iwwerfall gouf.”

Zwar gëtt et Fäll, wou ukrainesch Truppen Nazi-Symboler weisen, wéi am Bericht vu “RAI 24”, awer vill vun de Behaaptungen iwwer “Nazismus”, déi vum Kreml a sengen Netzwierker verbreet ginn, berouen op manipuléierte Beweiser wéi gefälscht Medieberichter oder och gefälscht oder aus dem Kontext gerappt Fotoen a Videoen. D’AFP hat an der Vergaangenheet schonn doriwwer bericht.

Alleguer d’Faktenchecken iwwer den Ukrain-Krich sammelt d’AFP op hirer Internetsäit.

Fazit: En angeebleche BBC-Reportage iwwer d’Entdeckung vun Nazi-Symboler bei ukraineschen Zaldoten duerch Journaliste vu “Reporters sans frontières” an der Regioun Kursk ass gefälscht. De Sender souwéi d’Organisatioun hu confirméiert, dass et sech ëm eng Fälschung handelt. D’Opnamen, déi am Video benotzt goufen, sinn zum groussen Deel laang virun der ukrainescher Offensiv a Kursk entstanen.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.