Memes, Karikaturen an Narrativer sollen Zukunftsängschten an Däitschland schieren a riets Parteie stäerken.
Internen Ënnerlagen no ass dat d’Zil vun enger russescher Desinformatiounscampagne an de Sozialen Netzwierker, déi direkt aus dem Kreml gesteiert gëtt. Dat geet aus enger Recherche vun NDR, WDR a “Süddeutscher Zeitung” ervir. Déi fierderféierend Firma soll och den Auteur vun der sougenannter Doppelgänger-Campagne sinn.
Russesch Desinformatiounscampagnen an Däitschland ginn direkt aus dem Kreml gesteiert. Dat beleeë Recherche vun NDR, WDR an “Süddeutscher Zeitung”, déi e Méindeg verëffentlecht goufen. Dës däitsch Medien hunn intern Ënnerlage vun der Moskauer Firma “Social Design Agency” (SDA) ausgewäert. Eent vun den Ziler ass deemno d’Stäerkung vun der AfD an Ëmfroen. Op d’Gefore vun dëser Campagne huet och de Chef vum däitsche Bundesamt für Verfassungsschutz Thomas Haldenwang higewisen, wéi déi bedeelegt Medie mat him doriwwer geschwat hunn.
Russland géif “pragmatesch an thematesch flexibel” agéieren, “fir d’Potenzial vun enger Spléckung a bannegesellschaftlech Discoursen an Däitschland beschtméiglech auszenotzen”, zitéieren NDR, WDR an SZ den Haldenwang. Seng Agence géif “intensiv doru schaffen, d’destruktiv Acteuren ze identifizéieren an un der Destabiliséierung vun eiser (also der däitscher) Demokratie ze hënneren”, huet de Chef vum Verfassungsschutz betount.
De Recherchen no betruecht de Kreml Däitschland als säi favoriséiert Zil fir d’Verbreedung vun Desinformatiounen. Sou solle Falschinformatiounen an Däitschland “d’Zukunftsängschten erhéijen” a riets Parteie stäerken. D’AfD, sou heescht et an engem zitéierte russeschen Dokument, soll eng Zoustëmmung vun 20 Prozent erreechen – an zwar bei enger Institut fir Sondagen, deem seng Resultater a ganz Europa verëffentlecht ginn an dat als vertrauenswierdeg gëllt.
Narrativer thematiséieren d’Ukrain an déi däitsch Wirtschaft
Ee vun den Haaptnarrativer vun de russesche Campagnë wär d’Behaaptung, déi däitsch Ënnerstëtzung fir d’Ukrain wär schold un der “déifster wirtschaftlecher a sozialer Kris vun der jéngster Geschicht”. Et soll den Androck maachen, Däitschland stéing wirtschaftlech um Ofgrond.
SDA verbreet de Resultater vun der Recherche no an de Sozialen Netzwierker permanent Narrativer, déi der russescher Staatsféierung nëtze sollen. Dat geschitt anscheinend an enker Ofstëmmung mat der Administratioun vum President Wladimir Putin, wéi et heescht. Déi bedeelegt Medie beruffe sech op d’Auswäertung vun interne Presentatiounen, Tabellen, Lëschten, Grafiken a Protokoller vun SDA, déi hinne vun enger anonymmer Quell zougespillt gi wären.
Der Quell no wär d’Moskauer Firma gehackt ginn. “De Kreml wëll Däitschland schueden, an dësen Iwwel muss gestoppt ginn”, huet d’Quell hir Motivatioun angeeblech schrëftlech erkläert.
Gefälscht Norichtesäite sinn Deel vun der Awierkung
Vun SDA ginn nieft pro-russesche Kommentaren op Facebook, X, Telegram oder Instagram virun allem sougenannt Memes (Biller oder Texter, déi eppes witzeg oder sarkastesch duerstellen) a Karikature verbreet. Schonn zënter der Annexioun vun der ukrainescher Krim am Joer 2014 soll duerch geziilt Interventioune versicht ginn, d’Bundesrepublik aus dem westleche Bündnis erauszeléisen an Alliéierter vu Moskau am Land ze stäerken.
D’Firma SDA gëllt scho méi laang als en zentraalt Instrument vun der Propaganda an hybrider Krichsféierung a Russland. Se soll och den Auteur vun der sougenannter Doppelgänger-Campagne sinn, bei där d’Norichtesäite vu grousse Medienhaiser täuschend echt nogebaut a mat Fakenews gefëllt gi waren. SDA gouf vun der EU am Juli 2023 mat Sanktioune beluecht.
Als Parteien, déi russesch Narrativer iwwerhuelen a vertrieden, gëllen an Däitschland virun allem d’AfD an d’Bündnis Sahra Wagenknecht (BSW), awer och aner politesch a gesellschaftlech Acteuren.
Falschinformatiounen am Zesummenhang mat der Doppelgänger-Campagne huet d’AFP schonn e puermol widderluecht.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.