
© RTL Grafik
D’Mënschen an der Gazasträif kräische wéinst dem Doud vun hire Familljememberen, nodeem Israel am Mäerz nees Attacke geflunn huet an d’brécheg Wafferou domat opgekënnegt huet. Mee d’Bild, dat op der ganzer Welt a Sozialen Netzwierker am Ëmlaf ass an eng palästinensesch Mamm weist, déi d’stierflech Iwwerreschter vun hirem Jong an den Äerm hält, gouf mat KI gemaach.
“Eng Mamm hält d’Schanke vun hirem Jong an der Gazasträif an den Hänn. No méi wéi annerhallwem Joer op der Sich no him an de Ruine vun hirem zerbommten Haus”, heescht et an engem Facebook-Post a malaysescher Sprooch, deen de 24. Mäerz 2025 publizéiert gouf.
Et weist eng Foto vun enger Fra vu ganz no, déi an enger zerstéierter Ëmgéigend e Skelett an hiren Äerm hält.
© AFP
Well Israel nees ugefaangen huet, intensiv Bombardementer a Buedemoperatiounen an der Gazasträif duerchzeféieren, nodeems et wéinst dem am Januar ausgehandelte Waffestëllstand wärend Woche relativ roueg war. E puer Deeg méi spéit hunn d’Militante vun der Hamas nees mat Rakéitenattacken ugefaangen (archivéierte Link).
D’AFP hat gemellt, dass Leit ëm hir Familljemembere gekrasch hunn, wärend Dronen iwwer hinne gekreest waren (archivéierte Link).
Den Informatioune vum vun der Hamas kontrolléierte Gesondheetsministère an der Gazasträif no goufen zënter den neien israeelesche Loftattacken, déi den 18. Mäerz ugefaangen hunn, 830 Leit am Gebitt ëmbruecht. Op israeelescher Säit goufe keng Doudesaffer gemellt.
De Krich gouf duerch d’Attack vun der Hamas op Israel de 7. Oktober 2023 ausgeléist, bei där enger AFP-Zielung no, déi op offiziellen Zuele berout, 1.218 Leit, gréisstendeels Zivilisten, ermort goufen.
Vun den 251 Geiselen, déi wärend der Attack entfouert goufen, befanne sech der 58 nach ëmmer an der Gazasträif, dorënner 34, déi den Informatioune vum israeelesche Militär no dout sinn.
D’militäresch Vergeltungsoffensiv vun Israel huet den Informatioune vum vun der Hamas kontrolléierte Gesondheetsministère no op d’mannst 50.183 Leit an der Gazasträif d’Liewe kascht, déi meescht dovun Zivilisten.
D’Bild mat der Fra, déi ëm hire Jong kräischt a seng Schanken an den Äerm hält, gouf och op anere Plazen op Facebook an op Telegram verbreet a vu User, déi gegleeft hunn, dass et sech ëm eng reell Foto handelt, gedeelt. Virun allem vu User an de palästinensesche Gebidder, am Vereenegte Kinnekräich an an de Vereenegten Arabeschen Emirater.
Mat KI hiergestallt
Bei enger Stéchwierdersich gouf eng Versioun vum Bild mat engem méi grousse Wénkel fonnt, dat den 21. Mäerz eng éischt Kéier op Instagram gedeelt gi war, zesumme mam Disclaimer: “Dës visuell Duerstellung ass e KI-generéiert Bild, dat fir Illustratiounszwecker erstallt gouf” (archivéierte Link).
D’Waasserzeechen “in.visualart” op der ieweschter lénker Säit an “designed by in.visualart” op der ënneschter lénker Säit goufen am zirkuléierende Bäitrag erausgeschnidden.
© AFP
De primären Instagram-Kont, mam Numm “in.visualart”, iwwer deen d’Bild gedeelt gouf, beschreift sech selwer als “Designer” an nennt seng Contenue “KI-Tools” a “KI-generéiert Fotoen”.
© AFP
De Shu Hu,Chef vum Labo fir maschinellt Léieren a Medieforensik op der Purdue University an den USA, huet géintiwwer der AFP erkläert, d’Bild wär mat enger Kënschtlecher Intelligenz hiergestallt ginn (archivéierte Link).
Den Hu huet op d’verschwommen Zänn vun der Fra higewisen a sot, et géif “keng offensichtlech Segmentéierung”, eent vun de Mierkmoler vu KI-generéierte Biller.
Et gëtt zwar keng idiotesécher Method, fir KI-generéiert Medien ze erkennen, awer d’Erkenne vu Waasserzeechen a visuellen Ongereimtheete kann hëllefen, well trotz de rasante Fortschrëtter an der generativer KI ëmmer nach Feeler optrieden.
© AFP
D’AFP huet nach eng Rëtsch weider Feelinformatiounen iwwer de Krich tëscht Israel an der Hamas opgedeckt.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.