Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: CO2, dee vu Mënschen ausgestouss gëtt, spillt eng weesentlech Roll bei der Äerderwiermung

Faktencheck: CO2, dee vu Mënschen ausgestouss gëtt, spillt eng weesentlech Roll bei der Äerderwiermung - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Kuelendioxid verännert d’Klima op der Äerd immens staark. Politiker an den USA an Däitschland stellen den CO2-Undeel an der Atmosphär allerdéngs als minimal duer. Dat ass ierféierend.

D’Argumentatioun vum geréngen CO2-Undeel fënnt op der ganzer Welt Uklang. Dausenden Notzerinnen an Notzer hunn am Abrëll a sozialen Netzwierker Riede mat änleche Behaaptunge vun dräi Politiker gedeelt.

Ee vun hinnen ass den Doug LaMalfa, en US-amerikanesche Politiker vun der Republikanescher Partei. Hien huet déi ierféierend Ausféierung bei enger Unhéierung vun der Transport- an Infrastrukturkommissioun vum Representantenhaus, den 28. Mäerz 2023, gemaach. D’Hausse vun 0,03 op 0,04 Prozent an de leschte Jore wär minimal, wéinst dëser “winzeger Verännerung vum CO2-Gehalt” géif een zu Ëmweltmoossname “gezwongen”. Bäiträg vu senger Ried goufe op Facebook dausendfach gedeelt.

RTL © AFP

Ierféierend Rechnung

De Farle an de Kirchner stelle fir hir Behaaptung vun der “onsënneger” Klimapolitik eng Rechnung op, déi sou scho säit iwwer engem Joerzéngt am Ëmlaf ass, an ë.a. duerch d’Institut EIKE, dat de Klimawandel leegent, verbreet.

Si ginn d’Konzentratioun vun CO2 an der Loft mat 0,04 respektiv mat 0,038 un. Dovu bezeechne si nees véier Prozent als mënschgemaach a kommen esou op en CO2-Undeel vum Mënsch vun 0,0016 respektiv 0,0015 Prozent. Ausgoend vun engem däitschen Undeel un de globalen CO2-Emissiounen an Héicht vun 1,76 respektiv 3,1 Prozent komme si da sou op eng insgesamt Responsabilitéit vun Däitschland um Klimawandel vun 0,000028 respektiv 0,00004712 Prozent.

Wärend d’Zuelen iwwer d’CO2-Konzentratioun an der Atmosphär souwéi d’Emissioune vun Däitschland graff richteg sinn, loosse se awer verschidde Faktoren ausser Uecht. D’Konklusiounen doraus sinn ierféierend.

Hausse vun CO2-Undeel mat katastrophale Konsequenzen

D’Äerdatmosphär besteet tatsächlech just zu engem klengen Deel aus Kuelendioxid (CO2). 78 Prozent vun eiser Loft si Stéckstoff, 21 Prozent si Sauerstoff, de Rescht sinn Edelgasen a Spueregase wéi Kuelendioxid.

Den Undeel vun CO2 an der Loft bedréit ronn 0,04 Prozent. D’amerikanesch Wiederagence NOAA miesst säit den 1950er Joren  an enger laanger Fuerschungsrei zu Mauna Loa op Hawaii den CO2-Gehalt vun der Atmosphär. Am Abrëll 2023 louch e bei 423 ppm. Ppm steet fir “parts per million”, also Deelercher pro Millioun. 0,04 Prozent entsprieche 400 ppm.

Dat gesäit op den éischte Bléck geréng aus. De Gehalt vun Kuelendioxid ass awer trotzdeem eng wichteg Komponent vum natierlechen Zäreneffekt, erkläert den Däitsche Wiederdéngscht (DWD) op senger Internetsäit.

“CO2 ass e klenge Bestanddeel vun der Atmosphär. Trotzdeem huet en e groussen Afloss op d’Temperatur vum Planéit”, huet de Spezialist fir d’Atmosphär Andrew Watson vun der University of Exeter fir en änleche Faktencheck géintiwwer der AFP erkläert.

De Klimafuerscher Stefan Rahmstorf huet déi falsch Konklusioun, déi ëmmer nees opdaucht, am Joer 2019 online esou kommentéiert: “Déi kleng Zuel 0,04 Prozent soll suggeréieren, dass och d’Wierkung vun CO2 op de Klima geréng misst sinn. Wien dëser Logik nogeet, drénkt sécher och gär en Zyankali-Cocktail. De Wëssenschaftler, déi behaapten, schonn 3 mg/kg Kierpergewiicht (also 0,0003 Prozent) Zyankali wären déidlech, ass bestëmmt net ze trauen!”

D’Marie Luise Beck vum Deutschen Klima Konsortium huet dat an enger E-Mail vum 12 Mee änlech kommentéiert. “Déi absolutt Quantitéit vun CO2 ‘verféiert’ zu der intuitiver Konklusioun, esou eng kleng Quantitéit kéint näischt ausmaachen.” Obwuel d’Konzentratioun niddreg wär, wär se trotzdeem entscheedend: “D’Natur ass voll vu Prozesser, an deene Spuerenstoffer Steierungsfunktiounen iwwerhuelen.” Vitaminne kéinte beispillsweis schonn duerch geréng Ënner- oder Iwwerdoséierung am mënschleche Kierper Schued uriichten.

D’Berechnungen an de Videoen huet si als eng “Mëschung aus korrekte Fakten, logesche Feeler a falsche Réckschlëss” bezeechent. D’Erwiermung wär “fir déi mënschlech Zivilisatiounen eppes komplett Neies.”

Am Laf vun der Zäit ass de Wäert nämlech massiv geklommen. Wärend de LaMalfa dës Hausse als minimal duerstellt, ass d’Verännerung enorm. D’CO2-Konzentratioun erreecht stänneg nei Rekordwäerter. En plus sinn d’Konsequenzen doraus massiv.

RTL © AFP

De Gas ass dowéinst esou schiedlech, well en den Zäreneffekt ukuerbelt. Ouni d’Äerdatmosphär, déi eise Planéit wéi eng Zort Schutzschëld ëmgëtt, wär et vill méi kal. Gase wéi CO2 verhënneren, dass d’Sonnenenergie erëm an de Weltall entweecht. Méiatomeg Molekülle wéi Kuelendioxid reflektéiere waarm Stralung anescht a paken d’Äerd an eng Zort Decken an. Dat féiert ausserdeem zu Effekter, déi sech selwer verstäerken. Gëtt et méi waarm, entsteet méi Waasserdamp, deen nees den Zäreneffekt verstäerkt.

Duerch z.B. d’Verbrenne vu fossillen Energien oder Deforestatioun kënnt duerch de Mënsch ëmmer méi CO2 an d’Atmosphär. Dat däitscht Umweltbundesamt beschreift dat als “duerch d’Wëssenschaft onzweiwelhaft nogewisen”. Dës kleng Verännerung mécht e groussen Ënnerscheed fir d’Liewen op der Äerd aus.

An engem Bericht vun der Weltorganisatioun fir Meteorologie aus dem Joer 2021 heescht et, dass d’Zuel u Wiederkatastrophen an de leschte 50 Joer ëm fat Fënneffacht geklommen ass. Zeréckzeféiere wär dat op de Klimawandel, d’Zouhuele vun extreeme Wiederphenomener an déi verbessert Berichterstattung. Eng Analys vu “Carbon Brief” vum August 2022 huet iwwer 500 extreem Wiederphenomener ënnersicht a festgestallt, dass de vum Mënsch ausgeléiste Klimawandel iwwer 70 Prozent dovu méi warscheinlech oder méi grav gemaach huet. Duerch d’Ofholze vu Bëscher oder d’Verbrenne vu fossille Brennstoffer dréit de Mënsch zur Hausse vun extreeme Wiedere bäi.

D’AFP huet sech schonn an anere Faktenchecke (hei, hei, hei, hei) mat der Behaaptung vum geréngen CO2-Undeel beschäftegt. Och supposéiert positiv Aspekter vun CO2, z.B. fir de Wuesstem vu Planzen, huet d’AFP scho méi genee ënner d’Lupp geholl.

Äerderwiermung ass vum Mënsch gemaach

Am zweete Schratt vun der Rechnung ginn d’Politiker den Undeel vum Mënsch um CO2-Ausstouss mat véier Prozent un. Dass e groussen Deel vum CO2 am Kreeslaf vum Kuelestoff natierlech ass, ass zwar richteg, allerdéngs gëtt et tëscht dem natierlechen a mënschlechen Ausstouss en Ënnerscheed. Dat däitscht Umweltbundesamt erkläert op senger Internetsäit, dass den natierleche Kreeslaf vum Kuelestoff vun Null op Null opgoe géif. D’Emissioune vum Mënsch bilde par conter eng zousätzlech Quell, déi e kontinuéierlecht Klamme vun der CO2-Konzentratioun ausléisen an de Kreeslaf aus dem Gläichgewiicht bréngen. Den Agrëff vum Mënsch hannerléisst also Spueren, wärend déi grouss Quantitéite vum CO2, déi vun Natur aus ausgestouss ginn, ë.a. vu Bëscher an Ozeaner erëm absorbéiert kënne ginn.

Den Andrew Watson huet fir eng änlech Rechnung erkläert, dass dës “total komesch” wär, Et géif just den CO2-Floss an d’Atmosphär betruecht, den Nettozouwuess géif duerch mënschlech Emissiounen allerdéngs net beuecht.

Dass mënschlecht Handele weesentlech ass, ass an enger Villzuel vu wëssenschaftlechen Etüde festgehalen. Am Fazit vun engem Rapport vum Weltklimarot (IPCC), deen 2021 erauskoum, heescht et: “Et ass eendeiteg, dass den Afloss vum Mënsch d’Atmosphär, den Ozean an d’Landflächen erwiermt huet.” Rapporte vum IPCC gëllen als Zesummefaassung vum aktuelle Stand vun der Wëssenschaft zu deem Sujet.

Eng Opstellung vum “Office of Planning and Research”, engem Fuerschungsinstitut vun der kalifornescher Regierung, lëscht ronn 200 Wëssenschaftsorganisatiounen op der ganzer Welt op, déi och d’Opfaassung deelen, dass de Klimawandel vum Mënsch gemaach ass. Och d’Suitte vun der Äerderwiermung si fir de Mënsch ze spieren.

An enger E-Mail vum 11. August 2021 huet den Aiko Voigt vum Institut für Meteorologie und Geophysik vun der Universitéit Wien fir en anere Faktencheck zesummegefaasst: “Den observéierte Klimawandel vun de leschte Joerzéngten ass ouni Zweiwel dem Mënsch zouzerechnen.”

RTL © AFP

Däitschland ass fir Klimawandel matverantwortlech

Déi genee Emissioune vun alle Länner ze berechnen ass komplizéiert. Verschidden Estimatiounen ënnerleien dohier enger gewësser Schwankungsbreet. Am grousse Ganze leie se dobäi awer bei den Zuelen, déi och de Kirchner an de Farle nennen.

D’EU-Datebank EDGAR, déi Zäregase schätzt, gëtt den Undeel vun Däitschland mat 1,76 Prozent vun de weltwäiten Emissiounen am Joer 2021 un. Pro Kapp sinn et mat 8,06 Prozent däitlech méi. (Lëtzebuerg huet am Joer 2021 duerchschnëttlech 13,82 Tonnen CO2 pro Awunner ausgestouss, Um. v. d. Red.)

D’Ofleedung, dass d’Emissioune vun Däitschland domat keen Afloss op d’Klima hunn, ass awer net richteg. Den Deutsche Klima Konsortium hält online fest: “Am Verhältnis zu senger Bevëlkerungszuel emittéiert Däitschland däitlech ze vill Kuelendioxid.”

Kuckt een den Ausstouss an Däitschland pro Kapp, gehéiert Däitschland zu de gréisste Klimasënner op der Welt. Am Schnëtt verursaachen Däitscher wäit méi CO2-Emissioune wéi de Rescht vun der Weltbevëlkerung.

Den Afloss vun Däitschland hält och net op der Landesgrenz op, erkläert de Verein Deutscher Ingenieure: “Däitschland huet erhieflechen Afloss op déi weltwäit CO2-Emissiounen – direkt an indirekt.” Well et eent vun de gréissten Exportlänner ass, ginn Autoen, Maschinnen a vill aner Gidder an Däitschland hiergestallt a verursaachen dann an anere Länner Emissiounen.

Säit den 1990er Jore geet déi järlech Quantitéit un CO2, déi Däitschland duerch Verbrennung an Industrie ausstéisst, erof. Déi insgesamt Quantitéit säit 1750, sougenannt kumulativ CO2-Emissiounen, weisen awer, dass Däitschland duerchaus fir déi weltwäit Ausstéiss mat responsabel ass.

 

Natierlech entloosse Klimamoossnamen an Däitschland aner Staaten awer net aus hirer Responsabilitéit, genee wéi ëmgedréint.

Hanner Klimaskepsis stécht Strategie

D’Debatt iwwer d’Klima gëtt vu rietse Gruppen dozou genotzt, e Kulturkampf ze stiliséieren. Se beschwiere Feindbiller erop, rappen Informatiounen aus dem Zesummenhang oder stelle Klimaschutzmesuren als Menace fir de Liewensstil duer, wéi eng Analys vum Institut für strategischen Dialog (ISD) erausfonnt huet. Och d’Erzielung, dass aner Länner a méi héijem Mooss fir de weltwäiten CO2-Ausstouss responsabel wären, kënnt ëmmer nees op. D’ISD-Anlays huet och erausfonnt, dass Bäiträg vun der AfD iwwer d’Klima virun der Bundestagswal 2021 wäitaus méi gedeelt goufe wéi zu anere Sujeten.

Vill Behaaptungen zilen dorop of, de Klimawandel als ongeféierlech oder net existent duerzestellen. Nieft Strategië vu Leegnen a Verzögere setze Gruppen och op sougenannte “lukewarmerism“. Dobäi gëtt de vum Mënsch gemaache Klimawandel zwar ugeholl, allerdéngs mat Usiicht kombinéiert, dass seng Gefor iwwerdriwwen duergestallt géif.

Och d’AFP iwwerpréift ëmmer nees Falschbehaaptungen, déi d’Dramatik vun der Äerderwiermung a Fro stellen. Notzerinnen an Notzer benotze beispillsweis eenzel Wiederevenementer, fir de Gesamttrend vun der weltwäiter Äerderwiermung unzezweiwelen oder hunn de wëssenschaftleche Konsens iwwer de vum Mënsch gemaache Klimawandel niéiert. Faktenchecken zum Thema Klima sammelt d’AFP ënner dësem Link.

Fazit: D’Konzentratioun vu Kuelendioxid an der Atmosphär läit aktuell bei ronn 423 ppm, also enger Konzentratioun vun 0,0423 Prozent. Dat bedeit allerdéngs net, dass CO2 keen Afloss op d’Äerderwiermung huet. Kuelendioxid dréit opgrond vum Zäreneffekt zum Klimawandel bäi. Dass de Mënsch dofir responsabel ass, ass an der Wëssenschaft onbestridden.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.