Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Dach, op de Chrëschtmäert zu Berlin däerf Chrëschtdagsmusek gespillt ginn

Faktencheck: Dach, op de Chrëschtmäert zu Berlin däerf Chrëschtdagsmusek gespillt ginn - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Op de Chrëschtmäert zu Berlin kann a gëtt Chrëschtdagsmusek gespillt. Dat steet am Géigesaz zu den ierféierende Behaaptungen, déi sech am Internet op Ungaresch verbreeden an déi eng Partie User fälschlecherweis mat net-chrëschtlechen Awanderer a Verbindung bréngen.

“Op dem Berliner Chrëschtmaart däerf keng Chrëschtdagsmusek gespillt ginn! Dat ass surrealistesch!”, heescht et an engem ungaresche Facebook-Post mat rosenen Emojien, deen zënter senger Publikatioun den 3. Dezember 2023 iwwer 160 Mol gedeelt gouf. Et goufen och änlech Behaaptunge gepost (hei an hei).

A ville Kommentarer ënnert dem Bäitrag gouf dës Behaaptung mat dem Islam an der Awanderung a Verbindung bruecht an implizéiert, dass d’Chrëschtdagsmusek net gespillt kéint ginn, well däitsch Autoritéiten eng grouss Zuel vun net-chrëschtlechen Awanderer net beleidege wéilten. “Et géif mech net iwwerraschen, wa se de Frae muslimesch Kleedung virschreiwe géifen”, huet en Notzer geschriwwen. “Si hunn d’Awanderer sou gär, dat ass et, wat si kréien!”, huet en anere geschriwwen. Déi ungaresch Regierung behaapt reegelméisseg – zum Beispill hei -, dass et “Pläng” géif ginn, déi europäesch Bevëlkerung an déi “chrëschtlech Kultur” am Kader vun engem “Bevëlkerungsaustausch” duerch Awanderer virun allem aus islamesche Länner ze ersetzen.

Eng Rei Notzer hunn awer richtegerweis dorop higewisen, dass d’Behaaptung ierféierend wär an dass et kee Verbuet géif ginn, mee dass sech just bestëmmt Mäert wéinst héije Lizenztaxen dogéint decidéiert hätten, Musek ze spillen. Dat gouf och an däitsche Medieberichter bestätegt.

D’Stadverwaltung vu Berlin, d’GEMA an den Organisateur vun zwee grousse Berliner Chrëschtmäert hu géintiwwer der AFP erkläert, dass sech d’Reegele fir 2023 net änneren. Chrëschtdagsmusek däerf a gëtt weiderhin op de lokale Chrëschtmäert gespillt. Eng AFP-Journalistin, déi zu Berlin lieft, huet och onofhängeg iwwerpréift, dass op engem Maart Chrëschtdagsmusek gespillt gouf.

RTL © AFP

Chrëschtmusek däerf gespillt ginn

Zu Berlin gëtt et dem offiziellen Internetsite vun der däitscher Haaptstad no (hei archivéiert) ongeféier honnert Chrëschtmäert.

Eng AFP-Journalistin zu Berlin huet den 13. Dezember 2023 den Zauber vu Chrëschtdag op dem Gendarmenmarkt besicht an huet do och festgestallt, dass op e puer Stänn op der Plaz Chrëschtmusek gespillt gouf.

Och den Hans-Dieter Laubinger, den Organisateur vum Chrëschtmaart virum Roten Rathaus a vum Köpenicker Weihnachtsmarkt zu Berlin, huet den 12. Dezember 2023 géintiwwer der AFP telefonesch confirméiert, dass d’Behaaptungen, et géif keng Musek gespillt ginn, falsch wären. De Chrëschtmaart virum Roten Rathaus gëtt op der Internetsäit vu Berlin (hei archivéiert) ënner den zéng beléiftste Chrëschtmäert geféiert. “Dat ass Onsënn. Keen huet eis verbueden, Chrëschtmusek ze spillen”, sot de Laubinger den 12. Dezember an engem Telefoninterview mat der AFP. “Et ass eleng Saach vum jeeweilegen Organisateur, Chrëschtlidder ze spillen. Ich wéisst net, wat fir eng Persoun oder Institutioun eis dat verbidde géif”, sot hien.

De Laubinger sot, dass hien op senge Chrëschtmäert weiderhi lizenzéiert Chrëschtmusek spille géif. Wéi e puer aner Forainen huet och hie sech awer decidéiert, d’Käschte fir d’Lizenztaxen ze senken. Hie sot, hien hätt keng grouss Bün méi wéi virun e puer Joer, mee hie géif just nach Musek op der Äispist spillen, déi sech op dem Chrëschtmaart befënnt.

Wéi a villen anere Länner muss een och an Däitschland fir déi kommerziell Notzung vu lizenzéierter Musek eng Lizenztax bezuelen (hei archivéiert). An Däitschland ass eng staatlech beopsiichtegt Gesellschaft – déi sougenannt GEMA (Gesellschaft für musikalische Aufführungs- und mechanische Vervielfältigungsrechte) – fir d’Verwaltung vun den Taxe fir verschidden Notzunge vu lizenzflichteger Musek, wéi zum Beispill d’Ofspille vu Musek bei ëffentleche Veranstaltungen, zoustänneg (hei archivéiert).

D’GEMA huet géintiwwer der AFP erkläert, dass et kee Verbuet vu Chrëschtmusek gëtt. “D’GEMA kann a wëll Musek net verbidden”, sou d’Ursula Goebel, d’Direktesch fir Kommunikatioun vun der GEMA, an enger E-Mail un d’AFP vum 7. Dezember 2023. “D’GEMA huet den Tariff, no deem d’Musek op Chrëschtmäert lizenzéiert gëtt, am leschte Joer net verännert. An natierlech wënsche mir eis, dass Musek an dësem Land gespillt gëtt”, huet si weider geschriwwen.

D’AFP huet sech och un d’Berliner Senatsverwaltung fir Wirtschaft, Energie a Betriber, déi fir déi lokal Chrëschtmäert zoustänneg ass, gewant (hei archivéiert). Se huet confirméiert, dass Musek op Chrëschtmäert ouni Aschränkung gespillt ka ginn.

De Spriecher vun der Senatsverwaltung, de Matthias Kuder, huet der AFP an enger E-Mail vum 6. Dezember 2023 geschriwwen, dass d’Behaaptungen iwwer e Verbuet vu Chrëschtlidder op Chrëschtmäert “falsch” wären. “Et stëmmt, dass an Däitschland beim Ofspille vu Musek bei ëffentleche Veranstaltunge GEMA-Reegele beuecht musse ginn an Taxen ufale kënnen, awer dat ass näischt Neies. A scho guer net e Verbuet”, huet hie geschriwwen.

Berichter iwwer méiglecherweis méi héich Lizenztaxen

Op der Websäit vun der GEMA gëtt erkläert (hei archivéiert), dass Museksstécker, deenen hir Auteure viru méi wéi 70 Joer verstuerwe sinn (hei archivéiert), wéi zum Beispll “Stille Nacht” oder “We Wish You A Merry Christmas”, live gespillt kënne ginn, ouni dass dofir Taxe bezuelt musse ginn, awer verschidde Reproduktioune vun dëse Stécker duerch e Kënschtler awer als lizenzéiert Musek gëlle kënnen.

D’Organisatioun erkläert, dass zum Beispill d’Wierker vu Mozart oder Beethoven vu Museker gespillt kënne ginn, ouni dass Taxen ufalen, dass awer eng bestëmmt Opnam duerch en Ensembel awer Géigestand vu Lizenztaxe ka sinn.

Bei moderne Stécker, déi oft mat Chrëschtdag a Verbindung bruecht ginn (wéi “Last Christmas” oder “All I Want For Christmas Is You”), musse souguer fir eng Live-Versioun Tantiemen bezuelt ginn, déi unhand vu verschiddene Krittäre berechent ginn (hei archivéiert), zum Beispill un der Aart vun der Manifestatioun, hirer Dauer an der Héicht vum Entréespräis.

Enn November 2023 hunn eng Rei däitsch Medien iwwer Chrëschtmäert an Däitschland bericht, déi wéinst de Lizenztaxe méiglecherweis op esou Chrëschtmusek verzichte géifen.

“Geschwë starten zu Berlin d’Chrëschtmäert, an op munche Plaze wäert et keng musikalesch Beriselung ginn. Grond: D’Organisateure musse fir GEMA-Taxen däitlech méi déif an d’Täsch gräifen”, huet de Rundfunk Berlin Brandenburg, RBB (hei archivéiert) geschriwwen. An deem Artikel gëtt erkläert, dass e puer Mäert méiglecherweis mat méi héijen Taxe rechne mussen, an zwar net, well se erhéicht goufen, mee wéinst der Aart a Weis, wéi d’Gesamtzomm berechent gëtt: D’Gesamtfläch vun de Mäert sollt berécksiichtegt ginn, net just d’Fläch vun der Bün, op där d’Musek gespillt gëtt.

D’Norichtesäit vun den ungaresche Staatsmedien huet dës Noricht och mat dem ierféierenden Titel zitéiert: “En trauregen Advent an Däitschland: Op dem Berliner Chrëschtmaart däerf keng Chrëschtdagsmusek gespillt ginn”. An dem Bericht vun hirado.hu ass ze liesen, dass op dem “Berliner Chrëschtmaart” – wéi wann et sech ëm eng eenzeg Manifestatioun oder eng eenzeg Plaz handele géif – “keng Chrëschtdagsmusek ze héiere” wär, a behaapt fälschlecherweis, dass dat doru léich, dass “d’Organisatioun, déi d’Museklizenze verwalt, d’Lizenztaxe verzéngfacht huet”.

Munch Mäert entscheeden, op lizenzéiert Musek ze verzichten

En Artikel vun “Deutschlandfunk Kultur” erkläert (hei archivéiert), dass d’Reegele fir d’Berechnung vun den Taxen net nei sinn an e Bundesgeriicht schonn 2011 an enger Entscheedung kloergetallt huet (hei archivéiert), dass bei Musek, déi bei ëffentleche Manifestatioune gespillt gëtt, déi gesamt Fläch vun der Veranstaltung an der Berechnung vun der Tax berécksiichtegt gi muss.

Och d’GEMA huet den 30. November 2023 e Pressecommuniqué (hei archivéiert) publizéiert, mam Titel “GEMA stellt kloer: Keng Taxenerhéijung fir Chrëschtmäert”, an deem se schreift, dass sech weeder d’Héicht vun den Taxen nach d’Aart a Weis, wéi se berechent gëtt, ännert.

D’Organisatioun sot, se wéilt just déi bestoend Reegelen duerchsetzen, nodeem d’GEMA festgestallt hätt, “dass e puer Mäert hir Flächen net korrekt ugemellt hunn” an huet bäigefüügt: “Kee Chrëschtmaart muss op Musek verzichten, just well dës Musek duerch d’GEMA lizenzéiert gëtt”.

RTL © AFP

Däitsche Medieberichter no hunn eng Rei Foraine géint d’Virschrëfte protestéiert a se als ongerecht bezeechent. “Kannermusek héiert een no 20 Meter net méi, a mir sollen Taxe fir 2000 Quadratmeter bezuelen”, sot zum Beispill den Tobias Frietzsche, den Organisateur vum Chrëschtmaart op der Domäne Dahlem (hei archivéiert) a Berlin-Zehlendorf, dem RBB.

E puer hunn decidéiert, bei hire Manifestatiounen entweeder keng oder just lizenzfräi Musek ze spillen. “Mir plange keng zentral Beschallung, mee just Bléiser a Museker, déi reng no Noute spillen, déi gemafräi sinn”, sot de Sebastian Buchmann, Chef vum Chrëschtmaart virum Schlass Charlottenburg.

Fazit: Op Berliner Chrëschtmäert däerf a gëtt Chrëschtmusek gespillt. D’Behaaptungen, déi an de Sozialen Netzwierker op Ungaresch gedeelt a vun ungaresche Staatsmedie verstäerkt goufen, si falsch. Den Hannergrond vun der Debatt ëm Chrëschtdagsmusek sinn d’Lizenztaxen, déi d’GEMA vun de Bedreiwer vun de Mäert erhieft.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.