Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: D’Attentat op e Concertssall bei Moskau huet online eng Well vun Desinformatioun ausgeléist

Faktencheck: D'Attentat op e Concertssall bei Moskau huet online eng Well vun Desinformatioun ausgeléist - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Bei engem Attentat an engem Concertssall an engem Viruert vu Moskau sinn e Freideg, 22. Mäerz, op d’mannst 139 Mënschen ëm d’Liewe komm.

E puer vun dësen hu versicht, d’Theorie vun enger Responsabilitéit vun der Ukrain ze ënnermaueren. D’AFP huet eng Rei dovun iwwerpréift.

Den Owend vum 22. Mäerz, géint 20.15 Auer zu Moskau (17.15 Auer GMT) hunn e puer arméiert Persounen d’Crocus City Hall, e Concertssall zu Kranogorsk am nordwestlechen Ausgang vun der russescher Haaptstad, gestiermt (Link hei archivéiert).

D’Täter hätten “automatesch Schosswaffe” benotzt an d’Gebai mat enger “entzündlecher Flëssegkeet” ugefaangen, huet d’Enquêtëkommissioun den 23. Mäerz matgedeelt. Rettungsdéngschter, déi vun der Agence Interfax zitéiert goufen, hu bericht, dass d’Ugräifer “am Agank vum Concertssall op d’Sécherheetspersonal geschoss hunn”.

Dem offizielle Bilan no, deen den Owend vum 25. Mäerz publizéiert gouf, huet d’Attentat op d’mannst 139 Doudeger an 182 Blesséierter gefuerdert.

D’Attack huet och zu Desinformatiounen an de sozialen Netzwierker geféiert, andeem al Biller, déi aus dem Kontext gerappt sinn, a manipuléiert Videoe benotzt goufen. D’AFP huet e puer dovunner iwwerpréift.

  • Nee, dës Fotoe sinn net vun den Ugräifer vum Attentat op e Concertssall an der Géigend vu Moskau

Véier Biller vun ukrainesche Päss goufe vill gedeelt, mat Kommentaren, dass et sech ëm d’Identitéitsdokumenter vun de véier Attentäter handele géif, fir d’Behaaptung, dass d’Ukrain fir d’Attack responsabel ass, ze confirméieren.

Awer dës Biller ginn zënter Joren am Internet gedeelt an hu keng Verbindung zum Attentat op d’Crocus City Hall.

Dozou den Artikel vun der AFP.

  • Nee, dëse Video weist keng ukrainesch Responsabel, déi d’Verantwortung vun der Ukrain fir de mäerdereschen Attentat op e Concertssall iwwerhuelen 

E Video, an deem de Generalsekretär vum Sécherheets- a Verdeedegungsrot vun der Ukrain, den Oleksej Danilow, behaapt, d’Ukrain wär fir d’Attentat responsabel, a sech gläichzäiteg iwwer d’Affer lëschteg mécht, huet am Internet och vill Uklang fonnt.

Awer et ass eng Montage, déi zwee Videoe virun dem Attentat mat engem Toun vermëscht, dee vläicht vu Kënschtlecher Intelligenz generéiert gouf.

Dëse manipuléierte Video kombinéiert en Interview mam Chef vum ukrainesche Geheimdéngscht an eng Ried vum Oleksej Danilov virun der Attack a gouf mat Kënschtlecher Intelligenz hiergestallt.

Dozou den Artikel vun der AFP.

  • Dëse Video vum Wladimir Putin, an deem hien d’Roll vu Frankräich bei der Attack uprangert, gouf manipuléiert

E Video, an deem de russesche President Wladimir Putin behaapt, Frankräich wär an d’Attack involvéiert, gouf och an de sozialen Netzwierker opgegraff.

Awer dëse Video gouf manipuléiert: Et handelt sech ëm eng Ried vum Juni 2023, an där de Wladimir Putin sengen Truppen dofir Merci seet, dass si den Opstand, dee vun der paramilitärescher Wagner-Grupp initiéiert gouf, verhënnert haten.

De russesche President sengersäits huet a sengen Discourse vum 26. Mäerz déi méiglech Roll vu Frankräich bei der Attack op d’Crocus City Hall net ernimmt.

Dozou den Artikel vun der AFP.

  • Dëse Video vu Mënschen, déi e russesche Fändel virum Eiffeltuerm droen, huet näischt mat der Attack op d’Crocus City Hall ze dinn 

E Video vu Mënschen, déi e russesche Fändel virum Eiffeltuerm droen, gouf och nom Attentat verbreet, ënner anerem mat Beschreiwungen, déi undeiten, dass et sech ëm eng Demonstratioun zur Ënnerstëtzung fir d’Affer vum Attentat gehandelt huet.

Awer de Video ass net rezent: E gouf schonn 2022 publizéiert an huet dohier näischt mat der jéngster Attack ze dinn.

Dozou den Artikel vun der AFP.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.