Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: De Film “Barbie” dierf a Serbien gewise ginn

Faktencheck: De Film "Barbie" dierf a Serbien gewise ginn - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Notzerinnen an Notzer vu sozialen Netzwierker behaapten, Serbien géif wuel d’Virféierung vum neie “Barbie”-Kinofilm verbidden, well dësen eng verzerrt Kaart vun der Balkanregioun weise géif. Deem ass awer net esou.

“Verbuet vum Barbie-Film a Serbien wéinst ‘Groussalbanien-Kaart'”, heescht d’Iwwerschrëft vun engem Bild, dat online verbreet gouf.

Dozou schéngt et e presuméiert Standbild aus der erfollegräicher Produktioun vu Warner Bros. ze weisen. Dorop ass ë.a. eng Kaart vum Balkan ze gesinn, op där Nordmazedonien feelt, Griicheland geschrumpft ass an eng rout Linn Serbien duerchzitt.

RTL © AFP

“Barbie” ass a verschidde Länner tatsächlech op Widderstand gestouss. Vietnam huet de Film wéinst Zeene verbueden, an deenen eng Landkaart ze gesinn ass, déi d’Gebittsuspréch vu China am südchineesesche Mier weist.

Och déi pakistanesch Provënz Punjab huet d’Publikatioun vum Film verzögert, fir ze préiwen, wéi eng Provënzautoritéite Verstéiss géint déi sozial a kulturell Wäerter vum Land feststelle géifen, déi wéinst “Ruckelzegkeeten” agestuuft géifen.

Filmstudio dementéiert

Awer d’Behaaptung, Serbien hätt “Barbie” verbueden, ass falsch. Déi angeeblech “Groussalbanien”-Kaart kënnt am Film net vir.

“Dës Geschichte sinn net korrekt”, huet e Spriecher vu Warner Bros. der AFP de 24. Juli 2023 an enger E-Mail matgedeelt. “D’Kaart, déi Dir méiglecherweis online gesinn hutt, ass eng Fälschung.”

“Barbie” hätt de Weekend vun der Première a Serbien 265.000 US-Dollar agespillt a wär domat déi erfollegräichst Première vum Joer 2023 souwéi déi zweeterfollegräichst Première vu Warner Bros. iwwerhaapt a Serbien, sou de Member vum Pressebüro.

Kinovisiteuren a Serbien kënnen am Internet Kaarte kafen, fir de Film an enger Cineplexx-Filial, der gréisster Kinokette vum Land, souwéi am Tuckwood Cineplex an MTS Dvorana, zwee Kinoen am Zentrum vu Belgrad, der Haaptstad, unzekucken (hei, hei an hei archivéiert).

Eng AFP-Journalistin a Serbien huet fënnef Deeg no der Première, de 25. Juli 2023, Plakater mat Reklamm fir Virféierunge virum Tuckwood Cineplex entdeckt.

RTL © AFP

Lokal Medien hunn och Kriticken iwwer de Film verëffentlecht (hei, hei an hei archivéiert).

Gefälscht Landkaart

D’Kaart vu “Groussalbanien”, déi an de Bäiträg, déi am Internet gewise gëtt, ass eng manipuléiert Versioun vun engem Standbild aus der Zeen, wéinst där d'”Barbie” a Vietnam verbuede gouf. Am Standbild ass eng blo Landkaart ze gesinn.

Warner Bros. huet seng Produktioun géint d’Aschränkunge a Vietnam verdeedegt an dozou erkläert, d’Zeen géif eng “verkënnt Bontstëftzeechnung” weisen, déi “der Barbie hir Fantasie-Rees vu Barbie-Land an déi echt Welt duerstelle” soll an “net dozou geduecht” wär, “iergendeng Aart vu Statement ze setzen”.

D’Landkaart, déi effektiv gewise gëtt, ass ongeféier bei Minutt 1:00 vum offiziellen Trailer vu “Barbie” ze gesinn (hei archivéiert).

Erfonnt Schlagzeil

Déi angeeblech Schlagzeilen an de Bäiträg a sozialen Netzwierker zu engem “Barbie”-Verbuet sinn ausserdeem erfonnt. Eng entspriechend Google-Sich huet zu kengem plausibel Resultat geféiert.

D’Foto änelt dem Artikel-Layout vum brittesche Medienhaus BBC News: Text, Zäitstempel, de Link fir d’Deelen an de Bildnoweis entsprieche jeeweils dësem Stil. Mee wärend BBC News en Artikel iwwer d’Verbuet a Vietnam verëffentlecht huet, an deem déi selwecht Bildënnerschrëft zu der Haaptduerstellerin Margot Robbie benotzt gouf (hei archivéiert), gouf vun dem brittesche Medium ni doriwwer bericht, dass Serbien d’Erschénge vum Film blockéiert hätt.

An enger E-Mail huet e BBC-Spriecher de 25. Juli 2023 der AFP matgedeelt: “Mir hunn den 3. Juli d’Geschicht mam Titel ‘Barbie-Film gëtt a Vietnam wéinst Kaart vu Südchineeseschem Mier verbueden’ verëffentlecht.” Weider heescht et: “Den Artikel iwwer d’Verbuet vum Barbie-Film a Serbien baséiert net op eiser Geschicht an ass offensichtlech gefälscht.”

RTL © AFP

D’AFP huet schonn an der Vergaangenheet verschidde Behaaptungen iwwer d’BBC widderluecht: hei, hei an hei.

Fazit: Et gëtt kee Verbuet vum “Barbie”-Film a Serbien opgrond vun enger angeeblecher Kaart vu “Groussalbanien”. De Kinofilm huet den éischte Weekend no der Première vill Visiteuren a de serbesche Kinoe gezielt. D’Behaaptung gräift a Wierklechkeet e Verbuet a Vietnam op a benotzt e manipuléiert Standbild aus dem Film.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.