Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: De schwierege Kampf ëm d’Wouerecht am Ukrain-Krich

Faktencheck: De schwierege Kampf ëm d'Wouerecht am Ukrain-Krich - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Ënnerhalen d’USA no un der russescher Grenz an der Ukrain Laboe fir Biowaffen? Ass d’Ukrain kee richtege Staat, mee en “anti-russesche Projet” vum Westen? A russesche Medien an op Online-Plattforme gëtt et dem EU-Aussebeoptraagte Josep Borrell no e reegelrechten “Informatiouns-Krich”, an dat net eréischt zanter dem Amarsch vu russeschen Truppen an d’Ukrain vu virun engem Joer. Eng europäesch Aarbechtsgrupp ënner dem Borrell senger Féierung soll an Zukunft fir Opklärung suergen.

“D’Invasioun ass en Héichpunkt vun der jorelaanger Manipulatioun vun Informatiounen an der Amëschung vu Russland, déi als Zil huet, d’Souveränitéit an territorial Integritéit vun der Ukrain ze ënnergruewen”, heescht et am deem Rapport. Scho säit der Annexioun vun der ukrainescher Hallefinsel Krim am Joer 2014 géif Russland d’Ukrain mat engem “Nazi-Staat” vergläichen oder hir d’Eegestännegkeet ofschwätzen.

Den däitschen EU-Beamte Lutz Güllner vergläicht d’Desinformatioun mat enger “Kugel”, déi ee verletzt. “Awer dohannert stécht eng Waff, a mir mussen dës Waff an d’Maschinnerie, déi dohannert stécht, ënner d’Lupp huelen”, betount hien. De Güllner ass Chef vum Departement fir Strateegesch Kommunikatioun am Auswäertegen Déngscht vun der EU. An de leschte Joren hunn d’EU-Experten eegenen Aussoen no bal 15.000 Fäll vu “Pro-Kreml-Desinformatioun” opgedeckt. An engem groussen Deel dovu war d’Ukrain concernéiert.

E konkreet Beispill ass d’Fälsche vun Titelen aus der Press, déi masseg op Online-Plattforme verbreet ginn. Och däitsch Medie goufen Zilscheif vu russescher Propaganda. “Éiwegen Appetit” stoung zum Beispill op enger presuméierter Titelsäit vum Satirmagasinn “Titanic”. Dorop weist eng Karikatur den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj, dee Panzeren, Rakéite souwéi Euro- an Dollar-Billjeeë verschléngt.

Och déi franséisch Satirzeitung “Charlie Hebdo” gouf ëmmer nees vun der russescher Säit “gekloont”, wéi d’EU-Experten et nennen an och Faktenchecke vun der AFP erginn hunn.

Dës Opklärung léisst sech d’EU esou munches kaschten: Zulescht si méi wéi 11 Milliounen Euro an den Departement fir Strateegesch Kommunikatioun gefloss, wou ronn 40 Experte fir Politik oder Sprooche beschäftegt sinn. “Mir sinn net de Ministère fir Wouerecht”, betount e Mataarbechter a spillt op dem George Orwell säi Buch “1984” un, an deem de sougenannte “Ministère fir Wouerecht” selwer fir Propaganda an d’Verfälsche vun der Geschicht verantwortlech ass.

D’Aarbechtsgrupp East StratCom fir d’Ukrain publizéiert hir Erkenntnisser op der Websäit “EU vs Disinfo” an dat ë.a. op Englesch, Russesch an Ukrainesch. D’Säit gräift allerdéngs selwer zu plakative Mëttelen. En Text iwwer russesch Manipulatioun ass mat engem Bild vum Kreml zu Moskau illustréiert, aus deem Gëftschlaange schéissen. Op engem anere Bild ass e skrupellos drakuckende Putin virun engem bluttrouden Hannergrond mat Bommen a Kräizer ze gesinn.

Trotzdeem – oder vläicht grad dowéinst – huet d’Internetsäit an der Lescht dräi Millioune Visiteure gezielt, wéi de Borrell sot. “De Kampf ëm manipuléiert Informatiounen ass eng vun de Schluechte vun eiser Zäit, a mir mussen d’Schluecht gewannen”, war dem Borrell säi Fazit.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.