
D’Ukënnegung vum Technologieris Meta, säi Faktencheck-Programm an den USA anzestellen, huet am Januar 2025 fir hefteg Kritik vun Desinformatiounsexperte gesuergt. Si ware virdrun, dass dat de Risiko matsechbrénge géif, falschen Narrativen d’Dier grouss opzemaachen.
De Mark Zuckerberg, Grënner, President a Chief Executive Officer (CEO) vu Meta, hat de 7. Januar 2025 ugekënnegt, dass d’Entreprise hir extern Fakteniwwerpréifer an de Vereenegte Staaten “lassgi” wëll. Dës wäitreechend Ännerung vun der Firmepolitik gouf vu Fachleit als Versuch gewäert, den designéierten US-President Donald Trump ze zëssen.
“Dat ass e grousse Réckschratt fir d’Content-Moderatioun, an dat an enger Zäit, an där sech Desinformatioun a schiedlech Contenue méi séier wéi jee entwéckelen”, sou de Ross Burley, Matgrënner vum gemengnëtzege Centre for Information Resilience zu London.
D’Iwwerpréiwe vu Fakten an Desinformatiounsfuerschung sinn an dësem staark polariséierte politesche Klima an de Vereenegte Staaten zënter Laangem e gliddegt Eisen.
Konservativ US-Bierger soen, se wären en Instrument, fir d’Meenungsfräiheet anzeschränken a riets Contenuen ze zenséieren.
Dem Trump seng Republikanesch Partei a seng Alliéiert, de Milliardär Elon Musk – Chef a Proprietär vun der Social-Media-Entreprise X – hu scho laang änlech Reklamatioune geäussert.
“Wärend Beméiunge fir de Schutz vun der fräier Meenungsäusserung onerlässlech sinn, besteet d’Gefor, dass duerch d’Ofschafe vun de Faktenchecken ouni eng glafwierdeg Alternativ schiedlechen Narrativer d’Dier grouss opgemaach gëtt”, sot de Burley.
Als Alternativ huet de Zuckerberg ugekënnegt, dass d’Plattforme vu Meta, Facebook an Instagram, an den USA “Community Notes wéi och op X” benotze géifen.
“Community Notes” sinn e Crowd-Sourcing-Moderatiounstool, deen X als Méiglechkeet fir Notzerinnen an Notzer promouvéiert huet, a Bäiträg Plaz fir Kontext an Erklärunge ze schafen. Fachleit hunn awer ëmmer nees d’Wierksamkeet vum Tool bei der Bekämpfung vu Falschmeldungen a Fro gestallt.
“Sech aus der sozialer Verantwortung stielen”
“Fir eng ondicht Plaz op senger Toilette ze reparéieren, géif ee jo och en Installateur an net einfach iergendeng Persoun ruffen… fir d’Verbreede vu Feelinformatiounen op hire Plattformen ze verhënneren, wëll sech Meta elo awer net méi op Fakteniwwerpréiwer verloossen, mee dat einfach iergendengem iwwerloossen”, sou de Michael Wagner vun der School of Journalism and Mass Communication op der University of Wisconsin-Madison géintiwwer der AFP.
“Mënschen einfach ze bieden, gratis déi falsch Behaaptungen ze iwwerwaachen, déi op de milliardeschwéiere Social-Media-Plattforme vu Meta gepost ginn, bedeit, sech aus der sozialer Verantwortung ze stielen.”
D’Ukënnegung vu Meta bedeit e finanzielle Réckschlag fir extern Faktenchecker, déi an den USA schaffen.
© AFP
De Programm vu Meta an extern Subside ware laut enger Ëmfro vum International Fact-Checking Network (IFCN) aus dem Joer 2023 ënner 137 Organisatiounen an Dosende Länner déi “wichtegst Recettëquell” fir global Faktenchecker.
D’Entscheedung géif och “Social-Media-Notzerinnen an -Notzer schueden, déi no geneeën, zouverlässegen Informatioune sichen, fir Entscheedungen iwwer hiert deeglecht Liewen an hir Interaktiounen ze treffen”, sot d’IFCN-Direktesch Angie Holan.
“Et ass bedauerlech, dass dës Entscheedung op externe politeschen Drock vun enger neier Regierung an hiren Ënnerstëtzer zeréckzeféieren ass”, huet d’Holan bäigefüügt.
D’Ukënnegung vu Meta ass beim Trump senge konservativen Ënnerstëtzung op grouss Zoustëmmung getraff. Si soten, de Schratt wär “warscheinlech” eng Reaktioun op seng Menacë géint d’Entreprise an de Zuckerberg gewiescht.
D’republikanesch Senatorin Marsha Blackburn huet op X gepost, dass de Schratt vu Meta “en Trick wär, fir enger Reguléierung ze entgoen”.
Politesche Calcul amplaz faktebaséiert Iwwerpréiwen
Den Aaron Sharockman,Gerant vun der amerikanescher Faktencheckorganisatioun PolitiFact, huet d’Behaaptung zeréckgewisen, dass d’Iwwerpréiwe vu Fakten en Instrument fir d’Ënnerdrécke vun der fräier Meenungsäusserung wär.
D’Roll vun den amerikanesche Faktenchecker bestéing doran, “zousätzlech Aussoen an Zesummenhäng fir Bäiträg ze liwweren, déi Journalisten als Feelinformatioun astufen”, an et wär u Meta, ze decidéieren, wat fir Konsequenzen d’Notzerinnen an d’Notzer dreeën.
“Dat Schéint un der Riedefräiheet ass, dass d’Leit iwwer all vun eis publizéierte journalistesche Bäitrag anerer Meenung si kënnen”, sot de Sharockman.
“Wa Meta doriwwer veriergert ass, dass et en Instrument fir Zensur geschaaft huet, sollt et an de Spigel kucken.”
PolitiFact ass ee vun den éischte Partner, déi mat Facebook zesummegeschafft hunn, fir 2016 de Faktencheck-Programm an den USA ze starten.
D’AFP schafft am Moment a 26 Sprooche mam Fakteniwwerpréiwungsprogramm vu Facebook zesummen, bei deem Facebook fir d’Notzung vu Faktenchecke vu ronn 80 Organisatioune weltwäit op senger Plattform, op WhatsApp an op Instagram bezilt.
An dësem Programm gi Contenuen, déi als “falsch” agestuuft ginn, an den Newsfeeds erofgestuuft, soudass manner Mënsche se gesinn. Wann ee versicht, dëse Bäitrag ze deelen, gëtt him en Artikel ugewisen, an deem erkläert gëtt, firwat en ierféierend ass.
“De Programm ass op kee Fall perfekt, an et besteet keen Zweiwel dorun, dass Faktenchecker bei engem gewësse Prozentsaz vun hire Marquagë Feeler gemaach hunn”, sot den Alexios Mantzarlis, Direkter vun der Security, Trust, and Safety Initiative (SETS) op der Cornell Tech.
“Mir sollten eis awer doriwwer am Klore sinn, dass dem Zuckerberg säi Verspriechen, Fakteniwwerpréiwunge bei Meta ofzeschafen, eng taktesch Entscheedung war a keng sachlech.”
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwerwsat.