Scroll Top

Faktencheck: Dem Friedrich Merz seng 180-Grad-Kéier bei der Scholdebrems ass net strofbar

Faktencheck: Dem Friedrich Merz seng 180-Grad-Kéier bei der Scholdebrems ass net strofbar - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

Nodeems d’Scholdebrems an Däitschland méi labber gemaach gouf, gëtt dem Friedrich Merz Wielertäuschung virgeheit. A sozialen Netzwierker gouf an dësem Zesummenhang behaapt, mat politescher senger 180-Grad-Kéier hätt hie sech souguer wéinst Wielertäuschung strofbar gemaach. Dat ass awer falsch.

Den entspriechende Paragraf am Code pénal géing sech op de Walvirgang selwer bezéien, hu Juriste géintiwwer der AFP erkläert. Politesch Richtungswiessel no Wale wären do net concernéiert.

“De Friedrich Merz misst fir seng Wielertäuschung eigentlech an de Prisong!”, stoung beispillsweis an engem Facebook-Bäitrag vum 16. Mäerz 2025. Am Bäitrag gouf op de Paragraf 108a am Code pénal (däitsch: Strafgesetzbuch, StGB) verwisen. D’Behaaptung gouf an änlecher Form och op TikTokTelegram, YouTube an X gedeelt. A verschiddene Bäiträg, beispillsweis op Telegram, gëtt just d’Fro gestallt “Huet sech de Merz mat Wielertäuschung strofbar gemaach?”, wouduerch awer och eng Strofdot suggeréiert gëtt.

Ganz vill Reechwäit kruten ausserdeem e Facebook-Post vum AfD-Europadeputéierte Petr Bystron souwéi en X-Bäitrag vum AfD-Politiker Christian Abel. Den Abel war bei de Biergerschaftswalen zu Hamburg am Mäerz 2025 ugetrueden, huet awer kee Mandat kritt. D’Noriichtesäit “Deutschland-Kurier”, déi der AFD no steet, huet ausserdeem iwwer eng Plainte vun engem Affekot géint de Merz wéinst Wielertäuschung bericht. Eng Plainte eleng ass awer kee Beleeg fir eng Strofdot, wéi och “Correctiv” gemellt huet. Falschinformatioune vum “Deutschland-Kurier” huet d’AFP schonn an der Vergaangenheet widderluecht.

RTL © AFP

Hannergrond vun dëser Behaaptung ass d’politesch 180-Grad-Kéier vum Friedrich Merz (CDU) an der Scholdepolitik. Hat de Walgewënner virun de Bundestagswalen am Februar 2025 nach erkläert, hie géif un der Scholdebrems festhalen, huet den CDU-Kanzlerkandidat kuerz Zäit méi spéit Drock gemaach, fir dass d’Scholdebrems schnellstméiglech vum Bundestag méi labber gemaach géif. Mëtt Mäerz 2025 gouf schlussendlech eng Gesetzesännerung an enger extraordinärer Sëtzung vum Däitsche Bundestag decidéiert, där de Merz a seng CDU bis op e puer Ofwäichler zougestëmmt hunn. Doduerch ginn Ausname vun der Scholdebrems erméiglecht. Mat enger “Scholdebrems verflicht sech e Staat, nei Scholde just nach bis zu enger bestëmmter Héicht ze maachen”, beschreift d’Bundeszentrale für politische Bildung dëst Instrument op hirer Internetsäit.

“Depensë fir Verdeedegung a bestëmmt sécherheetspolitesch Depensen ab enger bestëmmter Héicht sollen an Zukunft net méi als Scholden nom Prinzip vum Grondgesetz ugerechent ginn”, huet den Däitsche Bundestag iwwer d’Resultat vun der Ofstëmmung geschriwwen. “Doriwwer eraus soll am Grondgesetz d’Ariichte vun engem Sonderverméigen an Héicht vu 500 Milliarden Euro ‘fir zousätzlech Investitiounen an d’Infrastruktur a fir zousätzlech Investitioune fir d’Erreeche vun der Klimaneutralitéit bis 2045’ erméiglecht ginn.” Och Kreditter sollen an dësem Zesummenhang vun der Scholdebrems ausgeholl ginn.

De Merz hat seng Meenungsännerung mat Ëmstänn, déi sech an der Tëschenzäit verännert hätten, begrënnt. Nom Eklat am Wäissen Haus vum 28. Februar 2025 tëscht dem amerikanesche President Donald Trump an dem ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj géife sech Däitschland an Europa an enger besuergneserreegender Sécherheetslag befannen, där mat méi héije Verdeedegungsausgabe sou séier wéi méiglech Rechnung gedroe gi misst, sou dem Merz seng Opfaassung vun der Situatioun.

Dem Politbarometer vum 21. Mäerz 2025 no, enger reegelméisseger Ëmfro zu parteipolitesche Preferenze vu Befroten an Däitschland, geheien 73 Prozent vun de Befroten dem Merz an der CDU/CSU Wielertäuschung wéinst hirer 180-Grad-Kéier vir. Och am Walprogramm vun der CDU housch et: “Mir halen un der Scholdebrems am Grondgesetz fest.” A Sozialen Netzwierker hunn Notzer doraus d’Konklusioun gezunn, dem Merz säi Verhale wär illegal gewiescht an hunn de Paragraf 108a StGB als vermeintleche Beweis ugefouert.

D’Behaaptung, dem Merz säi gebrachent Walversprieche wär no Paragraf 108a StGB strofbar, ass awer falsch.

De Code pénal kennt eng Rei vu Strofdoten, déi sech op Wale bezéien. Dozou gehéiert och de Paragraf 108a StGB, deen eng Wielertäuschung beschreift. Doran heescht et: “Wien duerch Täuschung bewierkt, dass ee sech beim Vott iwwer de Contenu vu senger Erklärung iert oder géint säi Wëllen net oder ongülteg wielt, gëtt mat enger Fräiheetsstrof bis zu zwee Joer oder mat Geldstrof bestrooft.”

Paragraf bezitt sech op Vott amplaz Walverspriechen

Politesch Aussoe gehéieren awer net dozou. “Eng Meenungsännerung, souguer e bewosst Beléie vu Wieler an der Walcampagne ass no däitschem Strofrecht net strofbar”, huet de Jens Bülte, Professer a Chef vun der Uni-Chaire fir Strofrecht, Strofprozessrecht, Wirtschafts- a Steierstrofrecht op der Universitéit Mannheim de 24. Mäerz 2025 op AFP-Ufro erkläert.

De Gerhard Seher, Professer fir Strofrecht, Strofverfarensrecht a Rechtsphilosophie op der Freien Universität Berlin, huet dat confirméiert. “108a StGB erfaasst just Täuschungen, déi dozou féieren, dass de Wieler beim onmëttelbare Vott anescht handelt, wéi hien et eigentlech wëll”, huet hien de 26. Mäerz 2025 op AFP-Nofro geschriwwen.

D’Droitsprofesseren nenne Beispiller, déi Handlungen am Sënn vun dësem Paragraf als Wielertäuschung unerkennen: Zum Beispill “e falschen akadeemeschen Titel oder eng falsch Beruffsbezeechnung” um Stëmmziedel géifen dem Bülte no dorënner falen, genee wéi wann “iergendeen duerch Täuschung an de Glawe versat gëtt, hie géif de Gemengerot wielen, obwuel d’Walen de Bundestag concernéieren”.

Ee sou ze täuschen, dass e Wieler oder eng Wielerin ongülteg wielt, obwuel hien oder si eng gülteg Stëmm ofgi wollt, gehéiert dem dem Gerhard Seher och zum Paragraf 108a. Sou huet d’AFP kuerz virun de Bundestagswalen 2025 beispillsweis e Sharepic mat der Opfuerderung, de Walziedel ze ënnerschreiwen, fir Walbedruch ze verhënneren, iwwerpréift. E weidert Beispill vun enger strofbarer Wielertäuschung wär et, engem e falsche Waldatum ze nennen, wouduerch hien oder si de Waldag verpasst, huet de Seher erkläert. D’final Entscheedung vun de Wieler selwer géif awer vun dësem Paragraf net erfaasst.

An enger Editioun vun der “Zeitschrift für Wahlorganisation und Wahlrecht” heescht et ausserdeem, am allgemenge Sproochgebrauch géif “Wielertäuschung” zwar fir gebrach Walversprieche benotzt, illegal wär dat awer net: “Dës zum Deel subjektiv empfonnt, zum Deel offensichtlech Ofwäichunge vu Walversprieche sinn héchstens politesch, net strofrechtlech ze erfaassen.” D’Ausleeung am Leipziger Kommentar iwwer de Code pénal confirméiert dës Aschätzungen.

Och wa sech de Merz soumat net strofbar gemaach huet, huet hie mat senger 180-Grad-Kéier seng Glafwierdegkeet beschiedegt, wéi hie selwer bei enger Veranstaltung vun der “Frankfurter Allgemeinen Zeitung” Enn Mäerz 2025 sot: “Ech weess, dass ech en immens héije Kredit an Usproch geholl hunn, och wat meng perséinlech Glafwierdegkeet betrëfft.”

Weider Faktenchecken iwwer Walprozesser sammelt d’AFP op hirer Internetsäit.

Fazit: Den CDU-Kanzlerkandidat Friedrich Merz huet sech net wéinst Wielertäuschung no Paragraf 108a StGB strofbar gemaach. Dëse Paragraf concernéiert d’Täuschung vun enger Persoun beim Ausübe vun hirem Vott an ëmfaasst keng politesch Kursännerunge vu gewielten Deputéierten no Walen, soten Droitsprofessere géintiwwer der AFP.

Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.