Scroll Top

Faktencheck: Den Hurrikan Helene ass net “aus dem Näischt opgedaucht”, wéi am Internet behaapt

Faktencheck: Den Hurrikan Helene ass net "aus dem Näischt opgedaucht", wéi am Internet behaapt - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

© AFP

Den Hurrikan Helene huet Enn September 2024 zu schlëmmen Iwwerschwemmungen am Südoste vun den USA gefouert. Am Internet gouf behaapt, de Stuerm wär – kuerz éier e Florida erreecht hat – einfach aus dem Näischt opgedaucht an duerch kënschtlech Wiederbeaflossung entstanen.

Meteorologinnen a Meteorologen hunn dat awer zeréckgewisen. Si soten, si hätten d’Beweegungsrichtung vum Hurrikan wärend Deeg observéiert, éier e Land erreecht huet. D’Radarbiller, déi an de Sozialen Netzwierker gedeelt goufen, wären ausserdeem kee Beweis fir eng Beaflossung vum Wieder, hu si verséchert.

“Komesch, wéi den ‘Hurrikan Helene’ dem Radar vun The Weather Channel no fërmlech aus dem Näischt opgedaucht”, heescht et an engem Bäitrag vum Stew Peters vum 25. September 2024. De Peters ass e konservative Kommentator aus den USA, dee schonn eng Rei Konspiratiounstheorien zu enger Villzuel vu Sujeteverbreet huet.

Dëse Bäitrag enthält e Screenshot vun de Radarbiller vum Hurrikan aus der Applikatioun vun “The Weather Channel” vum 25. September 2024.

RTL © AFP

Déi nämmlecht Behaaptung war och op Facebook am Ëmlaf – hei gi fréier Konspiratiounstheorië vu Leegner vum Klimawandel iwwer d’Beaflossung vum Wieder an Naturkatastrophen, déi d’AFP schonn eng Kéier widderluecht hat, nees opgegraff.

Duerch de schlëmmen Hurrikan waren de 27. September 2024 Millioune Stéit am Südoste vun den USA vun der Stroumversuergung ofgeschnidden. De gigantesche Wierbelstuerm, deen d’Küst vu Florida passéiert huet, huet enger Rei Mënschen d’Liewe kascht.

D’Gemenge laanscht d’Küst waren awer virum Hurrikan gewarnt ginn, well amerikanesch Meteorologinnen a Meteorologen den Hurrikan schonn Deeg viru senger Arrivée a Florida de 26. September 2024 mat Satellitte suivéiert haten.

The Weather Company – zu där och “The Weather Channel” an déi dozougehéiereg Applikatioun gehéieren – hat uginn, dass hir “Meteorologinnen a Meteorologen d’Beweegungsrichtung vum Hurrikan wärend Deeg suivéiert hunn, fir d’Mënschen ze informéieren a sou ze schützen”. Dat léisst sech liicht mat der Berichterstattung op der Internetsäit vun “The Weather Channel” noverfollegen.

Der “The Weather Company” no wär de visuellen Effekt vum plëtzlechen Optriede vum Hurrikan am online gedeelte Video dorop zeréckzeféieren, dass am Affichage vun der Applikatioun ënnerschiddlech Datesätz benotzt ginn. Dësen Androck kéint entstoen, well d’Date souwuel tatsächlech observéiert a schonn erfaasst Radardonnéeën enthale géifen, wéi och Donnéeë fir Prognosen, sou “The Weather Company” de 27. September 2024 géintiwwer der AFP.

“Well am Ufank vum Video-Loop schonn observéiert Donnéeën duergestallt ginn, wärend dem Video awer eng Wiederprognos virausgesot gëtt, kënnen e puer Zäitspréng an Ëmbréch optrieden.”

D’Grenze vum Radar

De Marshall Shepherd, Direkter vum Programm fir Atmosphärwëssenschaften op der University of Georgia, sot, d’Bäiträg géifen “einfach d’Onwëssenheet” weisen.

De 27. September 2024 huet hie géintiwwer der AFP erkläert, dass “Radargeräter eng begrenzt Reechwäit hunn an dass ee sech dohier och Satellittebiller ukucke sollt”. Satellittebiller hu gewisen, dass sech den Hurrikan Helene schonn de 24. September 2024 als Tropestuerm a Richtung US-Küst am Golf vum Mexiko beweegt huet. Du gouf de Stuerm ëmmer méi staark an huet sech ëm de 25. September 2024 zu engem Hurrikan entwéckelt.

RTL © AFP

“Nee, den Hurrikan Helene ass definitiv net aus dem Näischt opgedaucht. Ech hunn eng éischt Kéier de 17. September 2024 an engem Blogbäitrag iwwer den Hurrikan geschriwwen, dunn nees den 23. September 2024 an zënterhier all Dag”, sou de Brian McNoldy, responsabele wëssenschaftleche Mataarbechter fir Atmosphärwëssenschaften op der University of Miami, de 27. September 2024 géintiwwer der AFP.

“Radargeräter u Land hunn eng begrenzt Reechwäit”, sot och de McNoldy. Hien huet bäigefüügt, dass lännerspezifesch Radargeräter just en Deel vum Stuermverlaf weise kënnen. “Wann ee sech just d’Opnamen aus den USA ukuckt, kéint ee mengen, de Stuerm géif einfach aus dem Näischt opdauchen, dat ass awer natierlech net de Fall – hie war einfach ze wäit ewech a koum dunn ëmmer méi an d’Reechwäit.”

Méiglech Klimazesummenhäng

Wärend d’Atlantesch Hurrikansaison 2024 bis elo manner hefteg ausgefall ass wéi ugeholl gouf, huet den National Hurricane Center iwwer “d’historesch a katastrophal Iwwerschwemmungen”, déi vum Hurrikan Helene ausgeléist goufen, bericht an huet viru Sturzfluten zu Atlanta, der gréisster Stad vum Bundesstaat Georgia, souwéi a South Carolina an North Carolina gewarnt.

Wëssenschaftlerinnen a Wëssenschaftler kënne bestëmmt extreem Wiederphenomeener direkt mat dem vum Mënsch ausgeléiste Klimawandel a Verbindung bréngen, awer et ass nach ze fréi, fir eendeiteg Conclusiounen iwwer déi aktuell Situatioun ze zéien.

Den Hurrikan Helene gouf méi séier wéi erwaart ëmmer méi staark – wat e puer Wëssenschaftler op ongewéinlech waarm Mierestemperaturen zeréckgeféiert hunn. “No senger Entsteeung huet sech den Hurrikan Helene iwwer aussergewéinlech waarmt Mierwaasser am Golf vu Mexiko beweegt”, sot d’Andra Garner, Assistenzprofessesch op der Rowan University zu New Jersey.

Hurrikane forméieren a verstäerke sech duerch waarm Mierestemperaturen. D’Garner huet der AFP matgedeelt, dass den Hurrikan Helene iwwer Mierwaasser mat enger Temperatur vu bis zu 30 Grad Celsius gezunn ass. “Klimatesch gesi geet e Groussdeel vun der zousätzlecher Wäermt, déi duerch eis op dem Planéit entsteet, an eis Ozeaner iwwer – an dës Wäermt ass en idealen Närbuedem fir e Stuerm wéi d’Helene”, sot si de 27. September 2024 géintiwwer der AFP.

Weider Faktenchecken zum Sujet Klima sinn hei ze fannen.

Fazit: Behaaptungen, deenen no den Hurrikan Helene einfach aus dem Näischt opgedaucht wär, si falsch. Meteorologinnen a Meteorologen hunn d’Beweegungsrichtung vum Hurrikan wärend Deeg observéiert an hu confirméiert, dass d’Radarbiller, déi a Sozialen Netzwierker gedeelt goufen, kee Beweis fir eng Beaflossung vum Wieder sinn.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.