Scroll Top

Faktencheck : D’Hurrikane Milton an Helene léisen eng Desinformatiounswell an den USA aus

000_36JW323-copy.jpg

Author(s): RTL Lëtzebuerg

Amerikanesch Helikopter fléien den 10. Oktober iwwert eng iwwerschwemmte Strooss zu Siesta Key, nodeem den Hurrikan Milton op Florida getraff war. / © AFP / Chandan KHANNA

D’Hurrikanen, déi an de leschte Wochen de Südoste vun den USA heemgesicht hunn, hunn eng Well un Desinformatiounen ausgeléist. Politiker wéi Internetnotzer versichen am Virfeld vun de Presidentschaftswalen de 5. November dovun ze profitéieren a loosse Konspiratiounstheorien iwwer d’Manipulatioun vum Wieder nees opliewen.

Am Internet hu sech an de leschte Woche falsch Behaaptunge geheeft, an deenen d’US-Regierung beschëllegt gouf, e “Wiederkrich” ze féieren.

Eng Rei Publikatioune gounge souguer esou wäit ze behaapten, dass dës Phenomeener an de Bundesstaaten, déi bei de Walen héchstwarscheinlech majoritär d’Republikanesch Partei wiele wäerten, “mat Absicht agesat” gi wären.

“Mir befannen eis an engem ‘Ëmstuerz’ a Saache Geoingeneering duerch Globalisten, déi d’Mënschheet ‘kontrolléiere’ wëllen”, ass op der Plattform X (fréier Twitter) ze liesen.

RTL En zerstéiert Haus den 9. Oktober zu Fort Myers, nodeem de Milton duerch d’Stad gezu war. / © AFP / Chandan KHANNA

 

Weiderer behaapten, dass dës Katastrophen och mat dem US-Fuerschungsprogramm HAARP a Verbindung stinn, dat sech mam Studéiere vun der ieweschter Atmosphärschicht beschäftegt an dofir Antennen an Alaska benotzt, wéi am vun der AFP verifizéierte Beispill am Faktencheck hei drënner.

Dës Well vu falsche Behaaptungen huet ugefaangen, nodeem d’Hurrikanen Helene, den zweetdéidlechsten Hurrikan an de leschte 50 Joer, deen op d’Festland getraff war an op d’mannst 237 Mënscheliewe gefuerdert huet, a Milton zwou Woche méi spéit, deen op d’mannst 16 Mënschen d’Liewe kascht huet, iwwer d’USA ewechgezu waren.

Fir den Ethan Porter, Professer a Fuerscher op der George Washington University, notze munch Mënschen Desinformatiounen “als bequeemt Mëttel, fir hir politesch Usiichten auszedrécken”.

De Message dohannert wär, “dass weeder der Wëssenschaft nach der Regierung ze trauen ass, dass de Klimawandel net reell ass an dass a gewësser Weis d’Demokrate fir déi unhalend Katastroph responsabel sinn.”

“Eng onheemlech Welt”

D’republikanesch Deputéiert an Ënnerstëtzerin vum Donald Trump, d’Marjorie Taylor Greene, huet souguer géintiwwer hire Follower ëmmer nees gesot, dass d’amerikanesch Wiederagence (NOAA) Programmer zouléisst, déi “d’Wieder kontrolléieren”.

Methode wéi “Cloud Seeding” (“Wollekeséinen”) kënnen zwar fir méi Reen- oder Schnéiquantitéiten a begrenzte Gebidder suergen, awer keng Hurrikane wéi Helene hierstellen

Beonrouegend Aussoe fir Fuerscher wéi de Callum Hood vun der amerikanescher Organisatioun fir d’Bekämpfung vun Online-Desinformatioun CCDH.

RTL Den US-President Jo Biden am Wäissen Haus iwwert d’Zerstéierunge vun den Hurrikane Milton an Hélène. / © AFP / Andrew CABALLERO-REYNOLDS

 

“An dat geschitt an engem Moment vun echter politescher Tensioun”, sot hie géintiwwer der AFP an huet bäigefüügt: “D’Welt vun de Sozialen Netzwierker ass haut sou ufälleg fir Haass an Desinformatioun wéi scho laang net méi. Besonnesch op X.”

E Constat, deen och den Joseph Uscinski vun der University of Miami deelt, deen dorop higewisen huet, dass “gewielt Kongressmembere” falsch Virstellungen als Realitéit verkafen.

De Klimawandel, deen d’Mierer erwiermt, mécht eng séier Intensivéierung [vun der Diskussioun, Um. v. d. Red.] méi warscheinlech an erhéicht de Risiko vu méi staarken Hurrikanen, warnen d’Wëssenschaftler.

Dës Wiederphenomeener kënnen elo net just un de Küsten, mee och am Banneland Schied uriichten, sot den Jayantha Obeysekera vun der Florida International University géintiwwer der AFP.

“En Hurrikan, deen duerch Biergregioune mat vill Fiichtegkeet zitt (…) ass eng schlecht Kombinatioun”, huet hie bäigefüügt an huet d’Beispill vun der Stad Asheville an North Carolina genannt, dem Staat, dee vum Hurrikan Helene mat iwwer 100 Doudegen am stäerkste betraff war.

Virum Hannergrond vun der staarker Spléckung an den USA, wat de Sujet Klimawandel betrëfft, huet d’Wëssenschaftlerin Katharine Hayhoe betount, dass dës falsch Rumeuren e falscht Gefill vu “Sécherheet” an “Trouscht” fir Mënsche vermëttelen, déi versichen, “eng Welt ze verstoen, déi séier immens onheemlech gëtt”.

Anerersäits kënnen dës Falschmeldungen en Aktiounsplang fir d’Bekämpfung vun der globaler Erwiermung um Terrain weider an d’Längt zéien oder souguer verhënneren.

“Dat féiert eis genee an déi entgéintgesat Richtung, an déi mir eigentlech goe sollten”, huet si preziséiert.

Video mat ongewéinlecher Wollekeformatioun huet kee Lien mam Hurrikan Milton

RTL

 

Den Hurrikan Milton huet op sengem Wee duerch Florida den 10. Oktober 2024 grav Schied an Iwwerschwemmungen ugeriicht an op d’mannst 11 Doudesaffer gefuerdert, zwou Wochen nodeem den nach méi schlëmmen Hurrikan Helene passéiert war. Éier en op Land getraff war, hunn eng Rei Internetnotzer e Video gedeelt, deen un der Küst gefilmt gouf an op deem Wolleken an enger ongewéinlecher Form ze gesi waren.

Si hu behaapt, dëst wär e Beweis dofir, dass de Fuerschungsprojet HAARP vun der amerikanescher Wiederagence NOAA “voll aktivéiert” wär an d’Klima beaflosse géing.

D’Sequenz staamt awer a Wierklechkeet aus dem Joer 2021 a weist eng Wollekeformatioun mam Numm Asperatus. Ausserdeem ass den HAARP zwar zënter Jore Géigestand vu Konspiratiounstheorien, déi e beschëllegen, d’Klima manipuléieren ze wëllen, mee extreem Wiederphenomeener wéi Hurrikane kënnen haut nach ëmmer net kontrolléiert ginn, wéi eng Rëtsch Experte betount hunn.

Den Hurrikan Milton hat um Owend vum 9. Oktober 2024 d’Westküst vu Florida als Hurrikan vun der Kategorie 3 – d’Skala geet bis 5 – erreecht an huet den Informatioune vun den Autoritéiten no op d’mannst 11 Doudesaffer gefuerdert (Link hei archivéiert). En huet ausserdeem Millioune vu Stéit ouni Zougang zu Stroum hannerlooss. Den US-President Joe Biden hat gewarnt, dass de Milton de “schlëmmste Stuerm” si kéint, dee Florida “zënter engem Joerhonnert” trëfft, obwuel ee sech a Florida mat esou Stierm auskennt.

Zwou Woche virdrun hat den Hurrikan Helene, deen duerch dat selwecht Gebitt gezu war, am Südoste vun den USA fir op d’mannst 236 Doudesaffer gesuergt, dovun op d’mannst 15 a Florida.

E puer Stonnen éier de Milton op Land getraff war, hunn Internetnotzer e Video vun ongewéinleche Wollekeformatiounen iwwer engem wäisse Sandstrand gedeelt.

“HAARP gouf a Florida voll aktivéiert. Zil ass et, Trump-Supporter virum Waldag ze verdreiwen”, gouf an e puer Bäiträg behaapt, déi de Clip op der Plattform X (12) an op Facebook gedeelt hunn.

RTL Screenshotte vun “X” vum 11. Oktober

 

De selwechte Video gouf och op Englesch a Spuenesch gedeelt.

Dës Sequenz huet awer kee Lien mam Hurrikan Milton an et gëtt keng nogewise Verbindung tëscht der Wollekeformatioun an dem HAARP-Programm.

Ale Video

Wann een de Video mat enger ëmgekéierter Billersich a Schlësselwierder sicht, kann een en ab dem 21. Juni 2021 online fannen. (Link hei archivéiert).

Dem Notzerno, deen de Video op Facebook eropgelueden hat, gouf en zu Fort Walton Beach a Florida opgeholl. Eng Analys vun de verschiddene visuellen Elementer am Bild, wéi de Pier oder d’Kabinn vun de Rettungsschwëmmer, kann dës Indikatioun confirméieren.

RTL E Screenshot vu Facebook (lénk) a vu Google Maps (riets)

 

RTL E Screenshot vu Facebook (lénk) a vu Google Maps (riets)

 

Déi spueneschsproocheg Faktencheckekipp vun der AFP huet festgestallt, dass de Video schonn 2022 wärend dem Hurrikan Ian a Florida, deen deemools iwwer 100 Doudesaffer gefuerdert hat, benotzt gi war (Link hei archivéiert).

Deemools hat d’Cindy Fernández, Spriecherin vum Nationale Wiederdéngscht Argentinien, op Ufro vun der AFP erkläert, dass et sech beim Phenomeen, deen op dësem Video ze gesinn ass, ëm Asperitas handele géif (Link hei archivéiert). “Am A vum Hurrikan gëtt et bal keng Wolleken”, hat d’Expertin gesot.

Dem nationale brittesche Wiederdéngscht (Met Office) no sinn Asperitas, déi heiansdo och Asperatus genannt ginn, “seelen a gesinn aus wéi sech beweegend Ozeanwellen um Himmel” (Link hei archivéiert). “D’atmosphäresch Konditioune mussen instabill sinn, fir eng wellefërmeg Wollekebasis ze forméieren, wéi dat bei Asperitas ze observéieren ass, [an] obwuel d’Formatioun selwer keen Nidderschlag produzéiert, goufen Asperitas mat Donnerwiederen associéiert, déi uschléissend entstinn”, huet d’Agence preziséiert.

Den amerikanesche Wiederdéngscht huet sengersäits matgedeelt, dass Asperitas “dozou tendéieren, sech opzeléisen, ouni dass sech e Stuerm forméiert” an als relativ nei nei Wollekeformation agestuuft ginn, well se eréischt 2009 als sollch erkannt gouf – dëst ass déi éischt Ergänzung am Internationale Wollekenatlas zënter 1951 (Link hei archivéiert).

Experimenter mat gerénger Amplitude

Déi vun der AFP iwwerpréift viral Publikatiounen ernimmen den “High frequency active auroral research programm” (HAARP), deen 1990 op Initiativ vum US-Kongress gegrënnt gouf an zënter 2015 vun der University of Alaska-Fairbanks geleet gëtt (Link hei archivéiert).

De Fuerschungsprojet ass zënter enger Rei Jore Géigestand vu Konspiratiounstheorien, an deen em virgehäit gëtt, d’Klima manipuléieren an Äerdbiewen ausléisen ze kënnen. Dës falsch Behaaptunge goufe schonn e puermol vun der AFP iwwerpréift (1, 2, 3).

De Programm beschäftegt sech mat der Ionosphär, de ieweschter Schicht vun der Äerdatmosphär, déi un de Weltraum grenzt (Link hei archivéiert). Op senger Internetsäit behaapt den HAARP, de weltwäit leeschtungsfäegste Héichleeschtungs- an Héichfrequenzsender fir d’Ënnersiche vun der Ionosphär ze sinn, déi ongeféier an enger Héicht vu 60-80 Kilometer ufänkt a bis an eng Héicht vu 500 Kilometer geet.

“D’Zil vun der HAARP-Fuerschung ass et, eng grondleeënd Enquête vun de physikalesche Prozesser duerchzeféieren, déi an den héchsten Deeler vun eiser Atmosphär oflafen”, heescht et weider op der Internetsäit.

Andeem si Wellen an dësen Deel vun der Atmosphär schécken, ënnersichen d’Wëssenschaftler d’Reaktioun vun den Deelercher an der Ionosphär. De Programm notzt Radiowellen, fir d’Elektronen, déi do uewe present sinn, ze erhëtzen a sou “kleng Stéierungen auszeléisen, déi Wiesselwierkungen änelen, déi an der Natur virkommen”, awer fir d’Wëssenschaftler méi einfach ze ënnersiche sinn.

Op der offizieller Säit vum Projet gëtt erkläert, dass dësen d’Wieder net kontrolléiere kann. D’Radiowellen, déi vum HAARP-Sender fortgeschéckt ginn, ginn net vun der Troposphär oder der Stratosphär absorbéiert, den eenzelen Niveaue vun der Atmosphär, vun deenen d’Wieder op der Äerd ofhänkt. “Well et keng Wiesselwierkung gëtt, gëtt et och keng Méiglechkeet, d’Klima ze kontrolléieren”, haten eng Rëtsch Fuerscher schonn 2023 géintiwwer der AFP betount.

“Fir et absolutt kloer ze soen: Et gëtt keng vum Mënsch hiergestallt Technologie, déi e Stuerm wéi den Hurrikan Helene oder Milton ausléise kann, a keng vu Mënsch hiergestallt Technologie, déi esou e Stuerm lenken oder seng Bunn bestëmme kann”, sot d’Andra Garner, bäigeuerdent Professesch fir Ëmweltwëssenschaften op der Rowan University zu New Jersey, den 9. Oktober géintiwwer der AFP (Link hei archivéiert).

“All Behaaptung, dass iergendeng Technologie fir Wiedermanipulatioun bei Stierm wéi Helene oder Milton um Wierk ass, ass absolutte Blödsinn an eng geféierlech Ligen”, huet d’Fuerscherin nach gesot.

Amplaz, sou huet d’Expertin betount, kann “d’vum Mënsch gemaach Erwiermung” villfälteg Auswierkungen hunn, andeem se Stierm wéi Helene oder Milton an d’Situatioun versetzt, sech iwwer aussergewéinlech waarmt Ozeanwaasser séier ze verstäerken, “aussergewéinlech staark Stuermfluten ze produzéieren, déi duerch d’Hausse vum Mieresspigel nach verschlëmmert ginn, an extreem Nidderschléi auszeléisen.”

RTL

 

Enger aktueller Etüd vun der World Weather Attribution-Grupp (WWA) no waren déi staark Reefäll an hefteg Wandstéiss, déi d’Helene mat sech bruecht hat, opgrond vum Klimawandel ongeféier 10 Prozent méi intensiv (Link hei archivéiert).

D’amerikanesch Agence fir Observatioun vun den Ozeaner an der Atmosphär (NOAA) huet op hirer Homepage gemellt, dass zwar tëscht den 1960er an 1980er-Joren e puer Untersuchungen iwwer d’Beaflossung vum Verhale vun Hurrikanen duerchgeféiert goufen, dës awer spéider agestallt goufen, nodeem se sech also ineffikass erwisen haten (Link hei archivéiert).

Den Derrick Herndon, en eemolege Militärmeteorolog an Hurrikanfuerscher vun der University of Wisconsin (Link hei archivéiert), hat der AFP 2023 gesot, dass et bis elo net méiglech wär, sou massiv Phenomeener wéi Hurrikanen ze veränneren.

“En Hurrikan ass e Phenomeen vu groussem Ausmooss, dat sech iwwer Honnerte vu Kilometer erstreckt an aus Dausende vu Stierm besteet”, hat hien erkläert a bäigefüügt, dass “keng Technologie eppes an deem Ausmooss verännere kann… D’Quantitéit u Material, déi dofir néideg ass, iwwertrëfft eis Méiglechkeeten.”

D’AFP huet eng Rei ierféierend Behaaptungen iwwer den Hurrikan Milton iwwerpréift, wéi z.B. dëst NASA-Bild aus dem Joer 2015 oder dëse Video vun engem Verkéiersstau an Indien, dee fälschlecherweis sou duergestallt gouf, wéi wann en a Florida opgeholl gi wär.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.