Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Disney huet kee Film iwwer d’Queen Elizabeth II. annoncéiert

Faktencheck: Disney huet kee Film iwwer d'Queen Elizabeth II. annoncéiert - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

A sozialen Netzwierker gëtt behaapt, Disney hätt en neie Film iwwer d’Queen Elizabeth II. annoncéiert. D’Foto, déi online gedeelt gëtt, staamt aus der AMC-Serie “Anne Boleyn” an d’Walt Disney Company huet bis den 13. September 2022 keng Ukënnegung an déi Richtung gemaach.

RTL Screenshot of a Facebook post taken September 13, 2022

Änlech Bäiträg, déi eng Foto vun enger schwaarzer Fra op engem Troun weisen, goufen op Facebook, Instagram an Twitter verbreet.

D’Kinnigin Elizabeth II., déi déngschteelst Monarchin an der brittescher Geschicht, ass den 8. September am Alter vu 96 Joer verstuerwen. Hiren Doud huet vill Leit zu diverse Memes am Internet inspiréiert, awer och zur Verbreedung vu Falschinformatiounen.

Genee sou si Behaaptunge vun engem neie Film iwwer d’Queen Elizabeth II., dee vun Disney produzéiert soll ginn, onzoutreffend.

Eng ëmgedréint Billersich weist, dass d’Bild an de Bäiträg aus der Serie “Anne Boleyn” vun AMC+ staamt, déi am Dezember 2021 Première gefeiert huet.

RTL Screenshot from AMC taken September 13, 2022

De selwechten Dag, un deem déi englesch Kinnigin gestuerwen ass, goufen eng ganz Rei nei Titelen op der Streaming-Plattform vun Disney eng éischte Kéier gewisen. Awer keen dovun handelt vun der Kinnigin Elizabeth an d’AFP konnt kee Beweis dofir fannen, dass d’Ënnerhalungsfirma esou ee Film ugekënnegt huet.

D’Bäiträg koumen no der Première vum Trailer zum Film “The little Mermaid”, an deem déi afroamerikanesch Schauspillerin Halle Bailey d’Haaptroll spillt. D’Besetzung vun der Figur Berry huet eng rassistesch Géigereaktioun ausgeléist.

D’AFP huet bei Disney no engem Kommentar gefrot, krut awer keng Äntwert.

Och aner falsch Behaaptungen iwwer den Doud vun der englescher Kinnigin, goufe vun AFP iwwerpréift (hei, hei an hei).

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.