Scroll Top

Faktencheck: Dëse Video weist kee spuenesche Stand no engem Ëmweltfestival

Faktencheck: Dëse Video weist kee spuenesche Stand no engem Ëmweltfestival - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Eng Rei Plastikstuten, Gedrénksfläschen an anere Knascht verknaschten e Strand am spuenesche Malaga. A Sozialen Netzwierker gëtt dofir fälschlecherweis en Ëmweltfestival verantwortlech gemaach.

A Wierklechkeet weist de gedeelte Clip d’Konsequenze vun enger Nuecht zu San Juan – enger historescher spuenescher Feier fir de Summerufank. Mat Ëmweltschutz huet dat Fest wéineg ze dinn.

D’Zeen vum Dag: No engem Festival zum Sujet Ëmwelt an Naturschutz um Strand La Malagueta zu Malaga, Spuenien“, huet e User den 30. Juni 2024 op Facebook geschriwwen an huet dobäi e Video gedeelt. De Clip weist e Sandstrand, dee voll mat verschiddenen Zorte Knascht wéi zum Beispill eidel Plastikstuten oder -fläschen ass.

Och op de Plattformen X an Telegram gouf d’Behaaptung gedeelt. De Video mat der falscher Ausso huet sech ausserdeem an anere Sprooche wéi Franséisch, PortugiseschRussesch an Ungaresch verbreet.

RTL © AFP

Am Video si grouss Buschtawen op enger Plage ze gesinn, déi hannerzeg d’Wuert Malagueta forméieren. Duerch eng Sich op Google Maps konnt erausfonnt ginn, dass d’Opnamen op der Plage vu Malagueta, net wäit ewech vum Hafe vun der südspuenescher Stad Málaga, gemaach goufen (hei archivéiert).

Anescht wéi a Sozialen Netzwierker behaapt, gouf de Clip awer net no engem Ëmweltfestival gefilmt. Eng ëmgekéiert Billersich mat Extraiten aus dem Video huet d’AFP zu engem Instagram-Post gfouert (hei archivéiert), deen de 24. Juni 2024 vum Account “AndaLimpia” gedeelt gouf. An de Kommentare goufen d’Zeene ënner anerem als “Schan” bezeechent.

RTL © AFP

Op senger Internetsäit beschreift sech “AndaLimpia” als “gemengnëtzege Veräin, dee vun enger Grupp vu Fräiwëllege gegrënnt gouf, déi sech fir d’Ëmwelt an hire Schutz engagéieren”, an deem seng Aktivitéite sech op Málaga an Ëmgéigend konzentréieren. E Groussdeel vun den Aktioune besteet an der Organisatioun vu Sammelaktioune vu Knascht op ëffentleche Plazen, wéi zum Beispill op Plagen.

Zënter dem 24. Juni 2024 huet de Veräin eng Rëtsch Biller vun der Plage La Malagueta a Sozialen Netzwierker gedeelt an d’Quantitéit vum Knascht, deen um Buedem läit, kritiséiert.

RTL © AFP

Op Ufro vun der AFP huet “AndaLimpia” an engem Instagram-Message vum 26. Juni 2024 confirméiert, dass de gedeelte Video vum 24. Juni 2024, dem Dag no der “Fiesta de San Juan” (Nuecht vum Hellege Jean) opgeholl gouf. Dës Feier ronderëm d’Zäit vun der Summersonnenwende ass eng beléift Traditioun a villen Deeler vu Spuenien a gëtt an der Nuecht vum 23. op de 24. Juni gefeiert.

Wéi d’Internetsäit vun der Stadverwaltung erkläert, “begréisst d’Stad de Summer” den 23. Juni, der Nuecht vu San Juan. “Wärend dësem Fest ass et Traditioun, op d’Plagen ze goen, fir e Lagerfeier unzefänken a verschidden Traditiounen ze genéissen”, heescht et weider.

Op enger anerer Websäit vun der Stadverwaltung iwwer de lokalen Tourismus heescht et, d’Nuecht vu San Juan wär “eng vun de mageschsten Zäite vum Joer zu Málaga. Dausende vu Mënsche versammele sech mat Handdicher a Killboxen op de Plagë vun der Stad, fir d’Arrivée vum Summer ze feieren“.

23 Tonnen Offall

Eng Stéchwierdersich op Spuenesch no Ëmweltschutz an dem Numm vum Fest ergouf näischt, wat dorop hindeit, dass et sech an deem Video ëm Zeenen no engem Ëmweltfestival gehandelt huet – wéi a ville sozialen Netzwierker fälschlecherweis behaapt gouf.

Zu Málaga goufen d’Feierlechkeete fir San Juan op de Plagë vun der Stad organiséiert an haten hiren Héichpunkt mam Mëtternuechtschwammen, wéi de spueneschen Online-Medium “El Confidencial” gemellt huet.

Wéi all Joer koumen Dausende vun Zuschauer fir d’Nuecht vum Hellege Jean zesummen – a mat hinne koum och ganz vill Knascht. Den Donnéeë vun der Stadverwaltung vu Málaga no hunn d’Botzekippe vun der Stad an dësem Joer 23 Tonnen Offall ewechgeholl. Dat sinn 38 Prozent manner wéi am Joer 2023. D’Stadverwaltung huet matgedeelt, dass 227 Mataarbechterinnen a Mataarbechter fir d’Proppermaache bereetstoungen. De Schued un de Strandmiwwele gouf op 14.000 Euro geschat.

D’AFP iwwerpréift reegelméisseg Falschbehaaptungen am Zesummenhang mam Sujet Klima.

Fazit: All Joer gëtt a villen Deeler vu Spuenien déi sougenannt Fiesta de San Juan gefeiert, déi d’Arrivée vum Summer markéiert. De Knascht, dee bei dëse Feierlechkeeten op enger Plage hannerlooss gouf, huet awer näischt mat engem Ëmweltfestival ze dinn, wéi et am Internet fälschlecherweis heescht.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.