Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Dëse Video weist net, dass de Krich tëscht der Hamas an Israel inzenéiert ass

Faktencheck: Dëse Video weist net, dass de Krich tëscht der Hamas an Israel inzenéiert ass - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

No der Attack vun der radikalislamistescher Hamas op Israel de 7. Oktober 2023 an dem uschléissende Beschoss vun der Gazasträif duerch déi israeelesch Arméi goufe sozial Netzwierker intensiv fir d’Dokumentatioun a Kommentéierung vum déidleche Krich genotzt. Gläichzäiteg gouf eng Well vu Feelinformatioune lassgetrëppelt. Sou gouf zum Beispill e Video op TikTok op verschiddene Plattformen an a verschiddene Sprooche mat der falscher Behaaptung gedeelt, dass de Krich tëscht der Hamas an Israel gestallt wier.

“ONBEDÉNGT KUCKEN: De Video weist, dass de Krich tëscht Palästina an Israel wéi e Film inzenéiert gëtt”, heescht et an engem däitsche Facebook-Bäitrag vum 9. Oktober 2023.

Notzerinnen an Notzer hunn de Video vu manner wéi enger Minutt gedeelt. De Clip weist eng Partie Mënschen, déi e Film ze dréie schéngen, dee vun engem jonke Mann handelt. Dëse läit um Buedem an huet ee Been ugewénkelt op d’Säit geluecht. Eng rout Flëssegkeet op sengem Kapp souwéi de Buedem aus Zillen ass ze gesinn. Direkt iwwer dem Mann gëtt eng Filmkamera vun engem grousse Kran gehalen.

RTL © AFP

Säit dem 7. Oktober 2023 goufe beim déidlechsten Ugrëff zënter der Grënnung vum Staat Israel viru 75 Joer op israeelescher Säit bis elo méi wéi 1400 Mënschen ëmbruecht. Déi radikalislamistesch Palästinenserorganisatioun Hamas hat ausserdeem ronn 150 Mënschen als Geisele geholl. Israel huet mat Vergeltungsschléi géint d’Stellunge vun der Hamas an der Gazasträif reagéiert. Palästinenseschen Informatiounen no goufe bis elo ongeféier 2750 Mënschen doutgemaach.

Sozial Netzwierker ginn am Moment vun enger Well u Falschinformatiounen iwwerschwemmt. Och d’Behaaptung mam Video ass falsch: De Krich ass net inzenéiert. Den aus dem Zesummenhang gerappte Clip weist e Bléck hannert d’Kulisse vun engem Film, deen d’Geschicht vu reellen Erliefnesser aus dem Joer 2015 erzielt.

D’AFP huet op verschidde Plattformen no der selwechter Behaaptung gesicht, déi och am aktuelle Bäitrag gedeelt gëtt, an huet eng Rei Faktenchecke fonnt, déi alleguer aus dem Joer 2022 stamen (vu France24, Reuters, Misbar a Knack) an d’Behaaptung bewäert hunn. Dësen Artikel huet der AFP nëtzlech Informatioune geliwwert, fir ze verstoen, vu wou den urspréngleche Video staamt an ëm wat et goung.

Aus dem Publikatiounsdatum vun dëse Faktenchecken, déi genee de selwechte Clip weisen, konnt d’AFP ofleeden, dass de Clip näischt mat den Ereegnesser ze dinn huet, déi zënter dem 7. Oktober 2023 tëscht der Hamas an Israel stattfannen.

Zeréckverfollege vum Video

Am gedeelte Videoclip ass d’Waasserzeeche vum Kont mam Numm @mohammadawawdeh938 ze fannen. D’AFP huet de Kont ënner dësem Numm net op TikTok fonnt. Eng Rëtsch Persounen haten de Clip awer op der Plattform gedeelt, dorënner de Kont awawdehproduction vun engem gewësse Mohammad Awawdeh.

D’AFP huet heifir op d’Faktenchecken aus dem Joer 2022 iwwer de Video zeréckgegraff. Dora sinn archivéiert Links vum Originalvideo ze fannen, déi een op de Kont awawdehproduction weiderleeden. Den TikTok-Notzer huet méiglecherweis säi Benotzernumm geännert, och wann d’AFP dat net mat Sécherheet feststelle konnt. De Clip op deem Kont staamt vum 21. Abrëll 2022 a seng Beschreiwung heescht op Arabesch: “Hanner de Kulisse vun den Dréiaarbechte fir d’Zeen, an där Siidler d’Kand Ahmed Manasra ugräifen”. De Mohammad Awawdeh huet zwee weider Videoe vun der selwechter Zeen gedeelt, déi aus verschidde Bléckwénkelen opgeholl goufen (hei an hei).

E palästinensesche Kuerzfilm

De Kontext zu engem englesche Bäitrag op X (fréier Twitter), dee vu Lieserinnen a Lieser dobäigefüügt gouf an an deem änlech Falschinformatioune gedeelt goufen, souwéi de Video vum Faktencheck vu France24 hunn der AFP gehollef, de Link zu engem YouTube-Video vum ganze Film ze fannen. De Mohammad Awawdeh war doran dem Ofspann no Kameraassistent.

De Kuerzfilm heescht “Empty Place” (op Lëtzbuergesch: Eidel Plaz) a gouf vum Palästinenser Awni Eshtaiwe gedréint, deen op Facebook och iwwer d’Filmcrew geschriwwen huet. An der Beschreiwung ënner dem Video heescht et: “Dëse Film ass eng Fënster, déi de Bléck op déi eidel Plaze fräigëtt, déi all déi zeréckgelooss hunn, déi wéinst der Besatzung gaange sinn, net just den Ahmad Manasra, mee 105.000 aner ‘eidel Plaze’ vu Märtyrer a Blesséierten a Palästina.”

Beim Verglach vun enger Opnam aus dem aktuell gedeelten TikTok-Video an dem Film ass ze gesinn, dass béid Clips bei Minutt 1:19 déi selwecht Zeen mat deem selwechte jonke Schauspiller um Buedem weisen.

Den 12. Oktober 2023 huet den Awni Eshtaiwe op Ufro vun der AFP an enger Noricht confirméiert, dass de Clip hanner d’Kulisse vum Film “Empty Place” bléckt, bei deem hie Regie geféiert huet: “Dëse Video weist e Making Off vun ‘Empty Place’.”

RTL © AFP

D’Geschicht vum Ahmad Manasra

Wéi vu Regisseur a Kameraassistenten ernimmt, handelt de Film vum Ahmad Manasra, engem palästinensesche Jong, deen 2017 am Alter vu 15 Joer vun engem israeelesche Geriicht zu zwielef Joer Prisong verurteelt gouf. Hie gouf wéinst versichtem Mord un zwee Israeeli, engem 20-Järegen an engem 12-Järegen, bei enger Messerattack mat sengem Koseng an enger jiddescher Siidlung zu Ostjerusalem schëlleg gesprach. Zwee Joer méi spéit gouf dem Manasra seng Strof op 9,5 Jore reduzéiert.

De Manasra war zum Zäitpunkt vun den Ereegnesser eréischt 13 Joer al. Deemools hunn Opname bei ville Palästinenser Roserei ausgeléist. Se hu gewisen, wéi de Manasra bluddeg um Buedem louch, nodeem hie vun engem Auto ugestouss gi war, wéi hie versicht huet fortzelafen – a wéi d’Israeeli hien no der Attack insultéiert hunn. Dëse Moment gouf am Film “Empty Place” nogestallt, deen och am Making Off ze gesinn ass. Dës Zeen gëtt elo als aktuell Momentopnam gedeelt.

De palästinenseschen Teenager gouf zum Symbol fir eng Well vun israeelesch-palästinensescher Gewalt am Joer 2015.

Attack vun der Hamas op Israel

De 7. Oktober 2023 huet déi radikalislamesch Palästinenserorganisatioun Hamas eng grouss Attack op Israel lancéiert an ongeféier 150 Persounen als Geisele geholl. Offiziellen Informatiounen no goufen op israeelescher säit an de Kämpf bis elo méi wéi 1400 Mënschen ëmbruecht. Als Reaktioun dorop huet déi israeelesch Arméi d’Gazasträif, déi vun der Hamas kontrolléiert gëtt, ënner Beschoss geholl. Palästinenseschen Donnéeën no goufen an dësem Zesummenhang bis elo méi wéi 2750 Mënschen doutgemaach, housch et de 16. Oktober 2023.

Den 13. Oktober 2023 huet déi israeelesch Arméi all Zivilistinnen an Zivilisten a Gaza opgefuerdert, d’Stad a Richtung Süden ze verloossen. Virdrun hat déi israeelesch Regierung déi komplett Blockéiere vun der Gazasträif ugeuerdent, den Import vu Bensinn, Liewensmëttel an Drénkwaasser gouf agestallt.

Fazit: Am Internet gëtt e Video mat der falscher Behaaptung gedeelt, dass de Krich tëscht der Hamas an Israel inzenéiert wär. De Clip weist awer Zeenen hanner de Kulisse vun engem palästinensesche Kuerzfilm aus dem Joer 2022, wéi de Regisseur vum Film confirméiert huet. De Video gouf vun engem Member vun der Filmcrew wärend der Produktioun a sozialen Netzwierker eropgelueden.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.