Scroll Top

Faktencheck: Et gëtt keng Beweiser fir Schied bei Kéi duerch Wandrieder

Faktencheck: Et gëtt keng Beweiser fir Schied bei Kéi duerch Wandrieder - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Eng Rei Etüden hu keng op gesondheetlech Schied duerch Infraschall vu Wandrieder fonnt.

Fachleit hu géintiwwer der AFP erkläert, dass et keng wëssenschaftlech Grondlag fir angeeblech Fruchtbarkeetsstéierungen oder Gebuertsfeeler bei Kéi géif. Och fir Mënsche géif den Infraschall vu Wandrieder den Etüden no keng Gefor fir d’Gesondheet duerstellen.

Op Facebook an X deele User zënter Ufank Februar 2024 e Bild, op deem e Wandrad souwéi eng Rëtsch Kéi ze gesi sinn. Doriwwer steet e Schrëftzuch mat dem Text “Wandrieder maache krank!”. Ënner dem Bild heescht et weider: “Et gëtt Verhalensstéierungen, Stéierunge bei der Fruchtbarkeet, Dout- a Mëssgebuerten.”

RTL © AFP

Zum Sujet Wandenergie an hiren angeebleche Konsequenze sinn ëmmer nees Falschbehaaptungen a sozialen Netzwierker am Ëmlaf. Notzerinnen an Notzer hunn an der Vergaangenheet zum Beispill fälschlecherweis Wandenergieanlage fir Dréchent oder Häerzproblemer responsabel gemaach. Och mat enger ierféierender Ausso iwwer Infraschall vu Wandrieder huet d’AFP sech schonn auserneegesat.

Déi aktuell verbreet Behaaptung am Zesummenhang mat Kéi ass wéi déi aner onzoutreffend. Faktenchecken zum Sujet Klima generell sammelt d’AFP hei.

Infraschall bezeechent Schall baussent dem Héierberäich

Bei Infraschall handelt et sech den Donnéeë vum däitschen Umweltbundesamt (UBA) no ëm “Geräischer mat enger Frequenz vun 20 Hertz an dorënner”. Generell ass Infraschall wäit verbreet an der Ëmwelt a gëtt vun natierleche Quelle wéi Wand a Miereswelle souwéi duerch mënschlech Aktivitéite wéi Stroosseverkéier an technesch Anlage wéi Wandrieder produzéiert. Dem UBA no kann Infraschall, obwuel en net ze héieren ass, als stéierend empfonnt ginn. An enger Etüd vum UBA iwwer d’Auswierkungen heescht et: “Fir eng negativ Auswierkung vun Infraschall baussent der Perceptiounsschwell konnte bis elo keng wëssenschaftlech geséchert Erkenntnisser fonnt ginn, och wann eng Rei Fuerschungsbäiträg entspriechend Hypotheese postuléieren.”

Eng Laangzäitmiessung vum Bayeresche Landesamtes für Umwelt ergouf, dass den Infraschall vu Wandenergieanlage schonn an 200 Meter Distanz däitlech ënner 60 Dezibel an domat wäit ënner der Perceptiounsschwell vun 0 Dezibel läit. Eng änlech Untersuchung vun der Landesanstalt für Umwelt Baden-Württemberg ergouf, dass d’Infraschallintensitéit ab enger Distanz vu 700 Meter vun enger Wandenergieanlag esou geréng ass, dass sech net méi ënnerscheede léisst, ob eng Anlag a- oder ausgeschalt ass. D’AFP huet sech schonn an dësem Artikel méi no mat angeeblech schiedlechem Infraschall vu Wandrieder beschäftegt.

Dem däitsche Bundesamt für Naturschutz (BfN) leie “keng Etüden oder Erkenntnisser” zum Theema Wandkraaft a Gesondheet vir, wéi et vum Departement fir ëffentlech Zesummenaarbecht den 13. Mäerz 2024 geheescht huet. Géintiwwer der AFP huet d’BfN awer op de Bericht vun de Wëssenschaftlechen Déngschter vum Däitsche Bundestag vun 2019 higewisen. Doran heescht et, dass e puer Medieberichter, an deenen eenzel Baueren tatsächlech vu Verhalensopfällegkeete bei hiren Déieren, Fertilitéitsréckgang oder Ofhuele vun der Mëllechleeschtung schwätzen, existéiere géifen, awer: “Am Kader vun der virleiender Aarbecht konnt heizou allerdéngs keng wëssenschaftlech Etüd fonnt ginn.”

RTL © AFP

Wandenergieanlage Fachleit no net gesondheetsschiedegend

Weider housch et am Bericht vum Wëssenschaftlechen Déngscht, dass et “vergläichsweis wéineg Untersuchungen” iwwer d’Wierkung vum Bedreiwe vu Wandenergieanlagen op Notzdéiere géif. Déi meescht Etüde géife sech op wëll Déierenaarte bezéien. D’AFP huet sech schonn an dësem Artikel mat Falschbehaaptungen iwwer Wandenergieanlagen a Rendéieren ausenanergesat a konnt keng Beleeg fir Gebuertsfeeler oder Deformatioune bei de Källefcher vu Rendéieren duerch Wandrieder fannen.

Tatsächlech befaasse sech eng Rei Etüde (z.B. heihei an hei) mat den Effekter vu Wandrieder op wëll Déieren. Dora gouf zum Beispill festgehalen, dass Rendéiere Wandrieder meiden. Vu Feelgebuerten duerch Vibratioun, wéi a sozialen Netzwierker an der Vergaangenheet fälschlecherweis behaapt gouf, ass allerdéngs keng Ried. Den Eigil Reimers, emeritéierte Professer vun der Fakultéit fir Biowëssenschaften op der Universitéit Oslo, huet der AFP dozou de 7. Dezember 2023 geschriwwen: “Als Biolog fir wëll an Hausrendéieren, deen zënter méi wéi 40 Joer mat Rendéiere schafft, bezweiwelen ech Konsequenze vu Wandrieder a Form vu Stierflechkeet oder Flucht.”

De Patrick Scherhaufer beschäftegt sech um Institut für Wald-, Umwelt- und Ressourcenpolitik op der Wiener Universität für Bodenkultur mat Wandenergieprojeten. Hien huet den 1. Dezember 2023 géintiwwer der AFP a Bezuch op Rendéieren zesummegefaasst: “Et gëtt iwwer d’Beanträchtegung gutt Fuerschung, awer den Doud oder Feelgebuerte kënnen doran definitiv net nogewise / beluecht ginn.” Den 8. Mäerz 2024 huet d’AFP hien nees kontaktéiert, fir seng Meenung zu der aktueller Behaaptung ofzeginn. Hie sot, dass hie keng Untersuchunge speziell iwwer Kéi kenne géif. D’Resultater a Bezuch op d’Stéierung vu Verhalen, Fruchtbarkeet an Dout- oder Feelgebuerte kéinten allerdéngs gréisstendeels iwwerdroe ginn.

Keng Etüden iwwer d’Gefor fir Kéi duerch Wandenergie

An dem aktuell gedeelte Bäitrag gëtt duerch d’Bild vu Kéi speziell virun de Geforen duerch Wandrieder fir dës Déiere gewarnt. De Stefan Holzheu, Ëmweltwëssenschaftler op der Universität Bayreuth, beschäftegt sech zënter Jore mat Infraschall vu Wandenergieanlagen. Hien huet der AFP de 6. Mäerz 2024 geschriwwen: “Mir ass keng eenzeg wëssenschaftlech Etüd bekannt, déi noweist, dass de schwaachen Infraschall vu Wandenergienanlagen iergendeen Effekt op Kéi huet.”

Den Hanns Moshammer, Chef vum Departement Ëmwelthygiène an Ëmweltmedezinn vun der Medizinischen Universität Wien, huet der AFP de 7. Mäerz 2024 matgedeelt, dass hie keng Etüden iwwer Kéi kenne géif. Hien huet generell duergestallt, dass et bannent dem erlaabte Schallpeegel keng biologesch erkennbar Gesondheetsschied géif ginn. Säi Fazit: De Schued duerch Infraschall, deen am Moment am Internet behaapt géif, “entbiert awer bei den aktuell agesate Rieder kenger Grondlag.”

RTL © AFP

Wandrieder och fir mënschlech Gesondheet net schiedlech

Säitens vum däitschen Umweltbundesamt housch et géintiwwer der AFP den 11. Mäerz 2024, dass zu Déiere keng Informatiounen zur Verfügung stéingen. “Mir vermudden hei awer net bewise Behaaptungen.” Generell féiert de Christian Fabris, dee sech am UBA mat der Wierkung an der Reduzéierung vu Kaméidi beschäftegt, aus: “Duerch Infraschall vu Wandenergieanlagen erwaarde mir am Moment keng gesondheetlech Beanträchtegungen.” Och Langzäiteffekter wären net bekannt. E puer Concernéiert hätten dem UBA allgemeng gesondheetlech Beanträchtegungen an en Zesummenhang mat Wandenergieanlage gemellt, dem UBA no kéint dat awer net op Infraschall zeréckgeféiert ginn. “Mir mussen dowéinst bei den eenzele Berichter vu Behaaptungen a Presumptiounen ausgoen.” Ofschléissend huet de Fabris geschriwwen: “D’Behaaptung, dass Wandrieder krank maachen, geet aus kenger eis bekannter wëssenschaftlecher Untersuchung, Etüd oder Publikatioun ervir.”

Den Informatiounsbeoptraagte vum Schwäizer Bundesamtes für Umwelt huet der AFP de 14. Mäerz 2024 matgedeelt: “No dem aktuelle Stand vun de wëssenschaftlechen Erkenntnisser ginn Expertinnen an Experten haut dovun aus, dass am Allgemenge keng schiedlech oder lästeg Immissiounen duerch Infraschall ze erwaarde sinn.” Och den Ëmweltmedezinner Heinz Fuchsig vun der Österreichischen Ärztekammer huet der AFP de 7. Mäerz 2024 erkläert: “Mir ass kee Fall vun enger Erkrankung duerch Wandrieder bekannt an och keng seriéis peer-reviewed Etüd.”

Den Holzheu huet géintiwwer der AFP déi gedeelt Behaaptung och explizitt a Bezuch op Mënschen ofgedoen: “Infraschall vu Wandenergieanlagen ass ëm de Facteur 1.000 méi schwaach wéi den Infraschall a fuerende Gefierer oder Zich oder och just kräftege Wand. Och do si keng Effekter bekannt. Generell gëllt, et gëtt iwwerhaapt keng Wierkungshypothees, wéi de schwaachen Infraschall vu Wandenergieanlagen iergendeen negativen Effekt beim Mënsch ausléise kéint.”

DSGS verbreet “wëssenschaftlech skandaléis Geschichten”

Zu Andréck, wéi d’DSGS se gesammelt huet, huet den Holzheu gemengt: “Anektdote gëtt et vill an ech hunn och scho Mënschen erlieft, déi iwwerzeegt waren, ënner dem Infraschall vu Wandenergieanlagen ze leiden.” Responsabel heifir mécht hien allerdéngs de sougenannten Nocebo-Effekt. Heibäi handelt et sech – analag zum Placebo-Effekt – ëm Niewewierkungen, déi duerch eng Scheinbehandlung ausgeléist ginn. “Net d’Wandenergieanlage si schold um Leed vun dëse Mënschen, mee d’Géigenorganisatioune vu Wandenergie wéi d’DSGS, déi de Mënsche mat wëssenschaftlech skandaléise Geschichten Angscht maachen.” Op AFP-Ufro huet et vum Departement Presse vun der Landwirtschaftskammer Österreich den 18. Mäerz 2024 geheescht, dass guer keng Doleancen oder Berichter iwwer angeeblech Schied bei Kéi bekannt wären.

Dem Holzheu no ziilt d’Gemeinschaft dorop of, Ängscht virun enger “onhéierbarer an onsiichtbarer Infraschallgefor” ze schieren, wéi hien op senger Internetsäit iwwer d’DSGS schreift. De President vun der DSGS Peter Jäger, deen de Post och gedeelt huet, huet a sengem Bäitrag e Link op d’Ausféierunge vun der Gesellschaft fir “Opfällegkeeten a Mëssbildunge bei Déiere” bäigefüügt (Gesellschaft zu “Auffälligkeiten und Missbildungen bei Tieren“). Do sinn awer keng Etüden, déi een ofruffe kéint, ze fannen. Et gëtt ugefouert, dass et sech ëm “Beispiller” vu Beanträchtegungen a Krankheete vu Ranner, Mëllechkéi, Källefcher oder och Hénger handele géif.

Op AFP-Ufro huet de Jäger de 14. Mäerz 2024 geschriwwen, dass de Veräi Mënschen ënnerstëtze géif, déi zënter Jore schwéier betraff wären. Dorënner wären och Ziichter vu Béischten a Mëllechbaueren. Etüden zu de Behaaptungen iwwer “Stéierunge” bei Déieren huet hien op Nofro keng geschéckt, dofir Videoen (z.B. hei an hei), an deenen eenzel Persounen iwwer Beanträchtegungen duerch Infraschall bericht hunn. Hien huet ausserdeem erkläert, dass Perceptiounsschwelle keng Ausso iwwer d’Wierkung vu déiffrequentem Schall a Vibratioun kéinten hunn – anescht wéi vun de Fachleit, déi d’AFP kontaktéiert huet, erkläert. Schall a Vibratioun géif iwwer dat gesamt Kapillarnetz, engem Netz aus winzege Bluttgefäässer, opgeholl, “an zwar an hire wandstännegen Zellen, de sougenannten Endothelzellen”, déi fäeg wieren, Schall a Vibratioun opzehuelen, huet de Jäger behaapt. Endothelzelle bilden déi bannenzegst Zellschicht vun de Bluttgefäässer.

De Moshammer kann dëser Argumentatioun wéineg ofgewannen, wéi hien der AFP op Réckfro de 15. Mäerz 2024 geschriwwen huet: “Wa Schall wierklech selwer baussent dem Héierberäich nach geféierlech wier, wéi vill méi misst ech da virun héierbarem Schall fäerten.” Dem Moshammer no handelt et sech bei Schall ganz einfach ëm eng “rhythmesch Ännerung vum (Loft-)Drock”. Souguer bei engem einfachen nécken géif de Kapp scho Schallpeegele vun ongeféier 70 Dezibel ausgesat ginn. Den Holzheu huet d’Argumentatioun vun der DSGS géintiwwer der AFP de 15. Mäerz 2024 souguer als “Schwurbelei” bezeechent. Eleng d’Vermëschung vu Schall a Vibratioune wär “Quatsch”. Och Säitens vum däitschen UBA housch et den 18. Mäerz 2024 dozou: “Et gëtt tatsächlech keng wëssenschaftlech Beleeger, dass esou schwaach Infraschallwellen op Zellniveau iergendwellch miessbar pathologesch oder physikalesch Wierkungen ausléise kéinten.” D’UBA huet zum Sujet Harmlosegkeet vu Wandenergieanlagen e Verglach ugefouert. Genausou wéi e puer Liichtpunkten, zum Beispill vun enger nuets schwaach beliichter Stad, Mënschen net blende géifen, géif déi geréng Intensitéit vun Infraschall vu Wandrieder Mënschen net beanträchtegen.

Fazit: Untersuchunge weise keng Unzeeche fir gesondheetlech Schied duerch Infraschall vu Wandenergieanlagen. Aktuell gëtt behaapt, dass Schwallwellen op niddreger Frequenz vu Wandrieder negativ Auswierkungen op d’Gesondheet vu Kéi kéinten hunn. Experten an Expertinnen hunn awer keng esou negativ Effekter observéiert oder dokumentéiert. Si hu géintiwwer der AFP erkläert, dass et keng wëssenschaftlech Grondlag fir angeeblech Fruchtbarkeetsstéierungen oder Gebuertsfeeler bei Kéi géif ginn. déi op Infraschall zeréckzeféiere wären. Infraschall vu Wandenergieanlage stellt Etüden no och keng Gefor fir d’Gesondheet vu Mënschen duer.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.