Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Explodéiert hei en Elektroauto?

Faktencheck: Explodéiert hei en Elektroauto? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Ëmmer nees betoune User, déi presuméiert Gefor vun Elektroautoen. Dobäi gi Videoen dacks aus dem Kontext gerappt, wéi aktuell beispillsweis e Video vun engem explodéierenden Auto.

Internetuser hunn d’Behaaptung Enn Mäerz 2023 op Twitter gedeelt an och op Telegram hunn Zéngdausende se gesinn. D’Opname weisen, wéi e Mann déidlech verongléckt. D’Behaaptung huet sech och an anere Sprooche wéi Englesch, Franséisch oder Hollännesch verbreet.

RTL © AFP

Elektroautoe stinn ëmmer nees am Mëttelpunkt vu Falschbehaaptungen. D’AFP huet an der Vergaangenheet beispillsweis en Accident mat Gasfläschen iwwerpréift, deen och fälschlecherweis als Explosioun vun engem E-Auto beschriwwe gouf. Internetuser hunn donieft behaapt, dass eng E-Luedstatioun mat engem Dieselgenerator versuergt misst ginn oder dass d’Schwäiz wuel plange géif, E-Autoen ze verbidden.

Gasexplosioun, keen Elektroauto

Bei der Sich mat Stéchwierder nom Video ass d’AFP op eng Rei Faktenchecke gestouss, déi sech scho mat der Behaaptung beschäftegt haten (hei, hei, hei). Si all hu beschriwwen, dass et sech beim Gefier ëm en Auto handele géif, dee mat CNG bedriwwe gëtt, deen Enn Februar 2023 zu Samarkand an Usbekistan explodéiert ass.

Äerdgas-Autoe gi vun engem Verbrennungsmotor ugedriwwen, deen amplaz vu Bensinn oder Diesel CNG tankt. CNG steet fir “Compressed Natural Gas”, also kompriméierten Äerdgas. Et besteet virun allem aus Methan a gëtt direkt aus dem Buedem exploitéiert. Dem Deutschen Verein des Gas- und Wasserfaches no stoussen Autoen, déi mat Äerdgas fueren, ronn 25 Prozent manner CO2 aus wéi Bensinnsgefierer an ongeféier 90 Prozent manner Stéckoxide wéi Dieselgefierer.

Accident an Usbekistan

D’Faktenchecke verlinken op zuelräich Berichter vun usbekeschen (hei, hei) an internationale Medien (hei, hei). Eng Foto vun der Plaz vum Accident an den Artikele passt zum Video, deen aktuell am Ëmlaf ass. Si all mellen eng Explosioun um Moie vum 25. Februar 2023 op enger Gastankstell an der Bedilstrooss an der Stad Samarkand.

An de Bäiträg sinn och Verëffentlechunge vum 25. Februar vun den zoustännegen Autoritéite fir Noutfäll zu Samarkand op Facebook an Telegram verlinkt. Deemno hätt et sech beim Auto ëm e Chevrolot Nexia 3 gehandelt. Beim Asprëtze vum Methan an d’Gasfläsch wär d’Fläsch geplatzt. E Mataarbechter vun der Tankstell wär dobäi dem Bericht no ëmkomm.

Dozou hunn d’Autoritéite weider Biller vun der Onglécksplaz publizéiert. Eng Rei Detailer stëmme mam Video, deen aktuell gedeelt gëtt, iwwereneen: den Hannergrond, déi giel Trennwänn vun der Tankstell, de Modell vum Auto, e Schlauch, deen ënner dem lénke viischte Pneu ageklemmt ass, an och déi rout Gasfläsch, déi am Video duerch d’Loft flitt an dobäi de Mataarbechter trëfft. Op der Foto vun der Fläsch ass däitlech d’Opschrëft CNG ze erkennen, déi däitlech mécht, dass et sech ëm Gas handelt.

Eng ëmgekéiert Billersich huet ausserdeem zu enger Opnam mat engem gréisseren Extrait geféiert, déi schonn den 28. Februar 2023 op Twitter publizéiert gouf. Och an deem Extrait ass den Accident als Explosioun op enger Gastankstell beschriwwen, en Elektrogefier gëtt net ernimmt.

Doran ass och d’Explosioun gutt ze erkennen. D’AFP huet bei engem Expert fir Automechanik méi genee nogefrot. De Markus Lienkamp ass Chef vum Léierstull fir Automechanik op der Technischen Universität München. Hien ass sech sécher, dass et sech beim Auto am Video net ëm en Elektroauto handelt. “Dat kann näischt mat engem Elektroauto ze dinn hunn”, sot hien den 13. Abrëll 2023 géintiwwer der AFP. “Am Video gesäit ee bal keng Flamen, just Stëbs, an d’Explosioun ass extreem séier. Zelle vun E-Autoe brenne méi lues of.” Bei engem E-Auto hätt hien esou eng Explosioun nach ni gesinn. An der vun der zoustänneger Autoritéit publizéierter Foto wär en plus e Verbrennungsmotor ze erkennen, sou de Lienkamp.

Fazit: Op enger Tankstell an Usbekistan ass d’Gasfläsch vun engem CNG-Auto explodéiert. E Mann ass dobäi ëm d’Liewe komm, Opname vum Accident weisen d’CNG-Gasfläsch. En Zesummenhang mat Elektrogefierer gëtt et deemno net.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.