Scroll Top

Faktencheck: Falsch Titelsäit vun der Zeitung Libération iwwer Waasserqualitéit vun der Seine

Faktencheck: Falsch Titelsäit vun der Zeitung Libération iwwer Waasserqualitéit vun der Seine - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

© RTL Grafik

D’Kompetitioune vum Triathlon goufe bei den Olympesche Spiller zu Paräis an der Seine ofgehalen; no Méint vun der Ongewëssheet iwwer d’Waasserqualitéit sinn dës elo gutt verlaf. An dësem Zesummenhang gouf eng gefälscht Titelsäit vun der franséischer Dageszeitung “Libération” mat Biller vun engem Triathleet verbreet. Op dëse Biller, déi aus dem Kontext gerappt goufen,gesäit een e Participant, dee sech no der Kompetitioun iwwergëtt, wat an de Sozialen Netzwierker zu der Behaaptung geféiert huet, dass “25 Athleete” wéinst der schlechter Waasserqualitéit medezinnesch behandelt hätte misse ginn. Et handelt sech awer ëm eng Manipulatioun, déi d’Codë vu fréieren Desinformatiounscampagnen am Zesummenhang mat der Organisatioun vun de Spiller opgräift. De kanadeschen Triathleet, deen op der Foto ze gesinn ass, huet uginn, sech wéinst senger grousser Ustrengung iwwerginn ze hunn an et hätt näischt mam Waasser an der Seine ze di gehat.

Trotz dem Fait, dass d’Triathlon-Kompetitioune vun de Spiller vu Paräis 2024 verréckelt an dass eng Rei Trainingseenheeten opgrond vun der Waasserqualitéit vun der Seine ofgesot goufen, konnten déi dräi geplangt Kompetitiounen (Männer, Fraen a Relais mixte) den 31. Juli an de 5. August an der Seine stattfannen.

Virun dësem onsécheren Hannergrond iwwer d’Waasserqualitéit gouf et awer grouss Diskussiounen iwwer d’Gesondheet vun den Athleeten, wou och Desinformatiounen dobäi waren.

“Olympesch Spiller vu Paräis – Schwammen an der Seine. Elo si mir bei 25 Fäll vun Triathleeten, déi medezinnesch Hëllef gebraucht hunn”, steet an der Beschreiwung vun engem Bäitrag, deen a manner wéi engem Dag iwwer 3.000 Mol op der Plattform X gedeelt gouf – a mëttlerweil geläscht gouf.

Dora gëtt e Bild vun enger Titelsäit vun der franséischer Dageszeitung “Libération” verbreet, op deem e briechende Mann ze gesinn ass. Am Text steet: “24 aner Athleeten hu medezinnesch Hëllef gebraucht, nodeem se an der Seine geschwomme waren.”

Dat selwecht Bild gouf vun anere Konten op X, Facebook a YouTube gedeelt, an et gouf och eng méi grouss Versioun vun der angeeblecher Titelsäit vun der Zeitung verbreet, dat op Konten op de Plattformen X a VKontakte; dëst mat engleschen a russesche Beschreiwungen.

De Bäitrag gouf och vun der LFI-Deputéiert an der Assemblée Nationale Ersilia Soudais verbreet, déi sech spéider dofir entschëllegt huet, dës “falsch Informatioun” iwwer X gedeelt ze hunn.

RTL © AFP

Als Rappel: Dës ierféierend Contenue sinn Desinformatiounen, déi am Kader vum Dispositif “Matrioschka” geziilt verbreet ginn, enger Operatioun, déi Russland zougeschriwwe gëtt, fir westlech Medien op de Plang ze ruffen, fir ze probéieren, se mat Inhalter ze iwwerschwemmen, déi iwwerpréift musse ginn – d’AFP huet an der Vergaangenheet e puermol doriwwer bericht (hei, hei, hei).

D’Aarbechtsmethod erënnert och un d’Operatioun “Doppelgänger”, bei där déi visuell Identitéit vu meeschtens westleche Medien usurpéiert gëtt, fir e pro-russeschen Narrativ iwwer d’Ukrain ze verbreeden – doriwwer hat d’AFP schonn am Juni 2023 bericht.

Hei ass awer net d’Ukrain am Viséier, mee déi korrekt Duerchféierung vun den Olympesche Spiller, a besonnesch d’Schwammkompetitioune wéi den Triathlon an der Seine (Link hei archivéiert), déi e Symbol vun de Spiller si sollten. Dës Kompetitiounen hunn och eng Well un Desinformatiounen ausgeléist, wéi d’AFP an dësem Faktencheck festgestallt hat.

Eng “falsch” Titelsäit, déi net opzefannen ass

Recherchen an den Archive vun der Zeitung “Libération” (Link hei archivéiert) hunn et der AFP net erméiglecht, déi angeeblech Persoun, déi an de Bäiträg an de Sozialen Netzwierker opdaucht, ze fannen.

An all de Versioune vun der Säit, déi an de Sozialen Netzwierker am Ëmlaf ass, ass ze liesen, dass et d’Editioun vum 1. August 2024 wär. Op der Titelsäit vun dësem Dag (Link hei archivéiert), no den Triathlon-Kompetitioune vun de Männer (Link hei archivéiert) a vun de Fraen (Link hei archivéiert) an der Seine, ginn dës Kompetitiounen néierens ernimmt.

Déi iewescht Hallschent vun der Säit ernimmt en Interview vum ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj an déi eenzeg Erwänung vun den Olympesche Spiller gëllt dem franséische Schwëmmer Léon Marchand.

Béid Sujete ginn och op der Titelsäit behandelt, mee awer net zesummen. Den ënneschten Deel vun der richteger Titelsäit geet op d’Attacken zu Beirut an Teheran an.

RTL © AFP

Zënter der Erëffnung vun den Olympesche Spiller zu Paräis de 26. Juli 2024 ass och keng änlech Titelsäit, wéi an de Sozialen Netzwierker, an den Archiven um Internetsite vun der Zeitung ze fannen.

De Faktencheck vun der “Libération”, CheckNews, huet doriwwer eraus an engem méi allgemengen Artikel (hei archivéiert) confirméiert, dass Rumeuren an Artikelen iwwer Erkrankunge vun Athleeten nom Schwammen an der Seine “falsch” wären.

E puer Publikatioune hunn déi angeeblech Titelsäit mat aneren Inhalter a Verbindung bruecht, déi offensichtlech d’Identitéit vun anere franséisch Medien usurpéiert hunn, fir d’Fäerte virum Schwammen an der Seine ze ënnermaueren.

Hei goufen zwou angeeblech Titelsäite vun de Medie “Marianne” a “Le Parisien” verbreet – och hei entsprécht keng den authenteschen Titelsäite vun den Zeitungen.

Manipuléiert Inhalter ze vermëschen, déi d’Identitéit vu verschiddene Medie mëssbrauchen, fir den Androck ze vermëttelen, dass se dat selwecht Theema uschwätzen, ass eng Technik, déi scho benotzt gouf, fir falsch Behaaptungen iwwer d’Qualitéit vun der Seine ze verbreeden, déi vu Konte verbreet goufen, déi als Deel vum “Matrioschka”-System identifizéiert goufen, wéi an dësem AFP-Artikel kuerz virum Ufank vun den Olympesche Spiller beschriwwen.

De kanadeschen Triathleet Tyler Mislawchuk goung “bis un d’Limitten”

Déi manipuléiert Titelsäit weist de kanadeschen Triathleet Tyler Mislawchuck, deen op déi 9. Plaz an der Männercourse koum (Link hei archivéiert). Hie soll gesot hunn, hien hätt sech no senger Coure an der Seine 10 Mol iwwerginn.

En änlecht Zitat fënnt sech an engem Artikel, deen um Site vum Kanadeschen Olympesche Comité publizéiert gouf, wou op de Verlaf vun der Course vum Athleet agaange gëtt.

“Ech hu wierklech alles ginn. Ech hu mech no der Course 10 Mol iwwerginn. Et war waarm op de leschte Ronnen”, sot hien. Awer néierens am Artikel ass ze liesen, dass den sech Tyler Mislawchuk wéinst der Waasserqualitéit vun der Seine iwwerginn huet.

Eng ëmgekéiert Billersich no der Foto, déi de briechenden Athleet weist, huet et erméiglecht, d’Foto op dem Instagram-Kont vum kanadeschen Athleet erëmzefannen, mat der Beschreiwung: “Keng Regreten, bis un d’Limitten”.

 

Voir cette publication sur Instagram

 

Une publication partagée par Tyler Mislawchuk (@therealmislawchuk)

An engem Interview, dat op dem Instagram-Kont vum offizielle Kanal vun der kanadescher Olympiaekipp ausgestraalt gouf, an deem hien op seng Course zeréckkuckt, seet hien och, dass hie säi Briechen op d’Tatsaach zeréckféiert, dass hie “ganz vill Waasser geschléckt” an “e richteg gefëllte Mo hat”. Hie weist awer dorop hin, dass dat “näischt mat der Qualitéit” vum Waasser ze dinn hat.

Befrot vun anere Faktencheck-Organisatiounen, wéi “Les Surligneurs” (Link hei archivéiert) iwwer Rumeuren, déi a Sozialen Netzwierker am Ëmlaf waren, déi dëst Bild mat enger Kontaminatioun vum Seine-Waasser verbannen, hunn den Triathleet an och déi kanadesch Olympiaekipp bestridden, dass et e Lien tëschent dem Bild, op deem den Athleet sech iwwergëtt, an der Waasserqualitéit vun der Seine ze zéien.

Spezialisten hate Medien, wéi dem Le Parisien (Link hei archivéiert), am Virfeld erkläert, dass et relativ üblech ass, dass sech Athleeten no groussen Ustrengungen iwwerginn.

Belschen Athleet erkläert Forfait virum Mixed-Triathlon

Déi falsch Titelsäit huet och behaapt, dass “24 weider Athleeten nom Schwammen an der Seine hu misse medezinnesch versuergt ginn”.

Aussoen, déi vum Pierre Rabadan, dem stellvertriedende Buergermeeschter vu Paräis, dementéiert goufen. “Et gëtt am Moment keen direkte Lien tëschent der Seine an enger anerwäiteger Krankheet”, huet hien de 5. August 2024 verséchert (Link hei archivéiert).

Dës onbegrënnt Behaaptunge koumen op, well eng belsch Triathleetin, d’Claire Michel, déi déi 38. Plaz am Fraen-Triathlon beluecht huet, um Virowend vun der Mixed-Kompetitioun wéinst enger “Krankheet” Forfait erkläert hat, wéi et an engem Communiqué vum Belschen Olympesche Comité (hei archivéiert) housch.

Rumeuren hu behaapt, dass d’Sportlerin e puer Deeg an der Klinick verbruecht hätt. Dës Rumeuren, déi virun allem op Franceinfo (Link hei archivéiert) verbreet an uschléissend dementéiert goufen,waren och no der Annonce vum Forfait nach am Ëmlaf.

Nieft der belscher Sportlerin hunn eng Rei Triathleeten vu Moproblemer bericht, ouni en Zesummenhang mam Schwammen an der Seine hierzestellen.

“Et gëtt och vill aner Athleeten, déi am Duerf krank sinn an net an der Seine geschwomme sinn, an dovu gëtt manner geschwat”, sot de Rabadan.

Wéi d’AFP an dësem fréieren Artikel beschriwwen huet, ginn d’Indicateure fir d’Konzentratioun vu bestëmmte Bakteerie reegelméisseg iwwerpréift, fir festzestellen, ob d’Waasser “schwammbar” ass. Zënter 2006 leet eng Direktiv vun der Europäescher Unioun (EU) Grenzwäerter fir zwee Bakteerien (Escherichia coli an intestinal Enterokokken) fest, ab deenen e Waasser net propper genuch fir ze schwammen oder bueden ass.

D’Pollutiounstauxe kënnen och jee no Miessplaz a Wieder variéieren. Fir d’Seine zum Beispill ka bei staarkem Reen onbehandelt Waasser – eng Mëschung aus Reen an Ofwaasser – an de Floss geroden.

Aus dësem Grond musst d’Triathlon-Kompetitioun vun de Männer ëm 24 Stonne verréckelt ginn, genee wéi eng Rei Trainingseenheeten, well d’Waasser vun der Seine net propper genuch fir ze schwamme war. D’Organisateuren haten dës Eenheete aus “gesondheetleche Grënn” verréckelt.

De Wäert vu Bakteerien, déi “op e puer Plaze” vun der Streck gemooss gi waren, louche virun der Course, déi eigentlech fir den 30. Juli ugesat war an op den Dag duerno verréckelt gouf, “nach iwwer den akzeptabele Grenzwäerter”, wéi den Organisatiounscomité an de Verband World Triathlon matgedeelt haten.

Dat hat zu Kritik vun enger Rëtsch Athleete geféiert: “Wann d’Gesondheet vun den Athleete Prioritéit hätt, da wär d’Course op längst op eng aner Plaz verluecht ginn. Mir si just Marionetten”, hat de belschen Triathleet Marten van Riel, Olympia-Véierte vun Tokio 2021, nom Verréckelen wësse gedoen.

RTL © AFP

Wéi d’AFP an dësem viregten Artikel ausgeféiert hat, sinn d’Olympesch Spiller ganz gär en Zil fir Informatiounsattacken a Form vun Desinformatiounen, déi Frankräich diskreditéiere sollen.

Dat laangfristegt Zil vun der auslännescher Manipulatioun ass d’Splécke vu Gesellschaften, fir westlech Länner ze schwächen an d’Vertraue vun de Mënschen an hir Institutiounen ze ënnergruewen. Se drécken op oppe Wonnen, Spannungsfelder, fir d’Tensioun ze erhéijen.

“Et geet duer, wann d’Desinformatiounsmaschinn erausfënnt, wat fir ee vun dëse Problemer an der ëffentlecher Debatt am meeschten Opmierksamkeet fënnt, fir dann nach méi Ueleg an d’Feier ze schëdden an eis ze splécken”, huet Enn Mee d’Vera Jourova, d’EU-Kommissärin fir Wäerter an Transparenz, an engem Interview mat der “Libération” resuméiert (hei archivéiert).

An dësem Fall ass de Sujet Schwammen an der Seine e perfekt Beispill fir en Evenement, dat an der Ëffentlechkeet vill diskutéiert gouf an eescht Froen opwërft, déi liicht als Grondlag fir Desinformatioun benotzt kënne ginn.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.