Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Falsche Video vu flüchtende Palästinenser aus Rafah am Ëmlaf

Faktencheck: Falsche Video vu flüchtende Palästinenser aus Rafah am Ëmlaf - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

An de Sozialen Netzwierker sinn am Moment vill Videoen a Biller vun de Kämpf an der Gazasträif ze gesinn. Bäiträg, déi am Mee 2024 am Ëmlaf waren, hu beispillsweis e Video gedeelt, an deem angeeblech Palästinenser virun enger erwaarter Buedemoffensiv vun der israeelescher Arméi an der südlecher Stad Rafah flüchten. De Clip staamt awer vun November 2023, wéi Palästinenser aus der nërdlecher Gazasträif fortgelaf waren.

De Video, deen Dosende vu Mënsche weist, déi zu Fouss ënnerwee sinn, gouf de 7. Mee 2024 op Facebook gedeelt.

RTL © AFP

De selwechte Video gouf zesumme mat änleche Behaaptungen op enger anerer Plaz op Facebook op Thai (hei an hei)an op der Plattform X op Englesch gedeelt (hei an hei).

E koum an Ëmlaf, nodeem déi israeelesch Arméi d’Bewunner vun Ost-Rafah opgefuerdert hat, sech virun der erwaarter Militäroperatioun an der südlecher Gazasträif an eng “erweidert humanitär Zon” op palästinenseschem Gebitt ze beginn.

Länner op der ganzer Welt, dorënner de wichtegsten Ënnerstëtzer vun Israel, d’USA, hunn Israel opfuerdert, seng Buedemoffensiv net op Rafah auszedeenen, well si fäerten, dass et zu héijen ziville Verloschter komme wäert.

De bluddegste Krich, dee Gaza jee gesinn huet, hat no der Attack vun der Hamas op Israel de 7. Oktober 2023, bei där méi wéi 1.170 Mënschen, déi meescht dovun Zivilisten, ëmbruecht gi waren, ugefaangen.

Israel huet geschwuer, d’Hamas ze vernichten, an huet eng Vergeltungsoffensiv duerchgeféiert, bei där méi wéi 34.900 Mënschen an der Gazasträif ëmbruecht goufen, virun allem Fraen a Kanner, sou d’Donnéeë vum Gesondheetsministère, deen der Hamas ënnersteet.

De Video, deen online am Ëmlaf ass, weist awer keng Palästinenser, déi am Mee 2024 aus Rafah flüchten.

 Ale Video

Eng ëmgekéiert Billersich op Google mat Schlësselpunkten aus dem Video huet zum selwechte Clip op Instagram geféiert, deen den 8. November 2023 gepost gouf (archivéierte Link).

“Mënschen aus Gaza vun Norden no Süden. 8. November 2023. Si goungen an näischt blouf iwwereg”, heescht et an der englescher an arabescher Beschreiwung vum Post.

Ënnen ass e Screenshot-Verglach vum gefälschte Bäitrag (lénks) an dem Instagram-Bäitrag (riets):

RTL © AFP

D’AFP hat deemools gemellt, dass Zéngdausende Palästinenser virun de Kämpf a Bombardéierungen am nërdleche Gaza geflücht wären, well Israel “d’Schléng” ronderëm d’Hamas méi enk maache géif.

D’AFP huet den 8. November 2023 Fotoen a Videoe vu Mënsche gemaach, déi aus Gaza City an aneren Deeler vun der nërdlecher Gazasträif geflücht waren (archivéierte Link).

Ënnen ass e Screenshot-Verglach vum Video am gefälschte Bäitrag (lénks) an der Foto vum 8. November (riets), mat entspriechenden Elementer, déi vun der AFP ervirgehuewe goufen:

RTL © AFP

Dëse Krich huet dozou gefouert, dass immens vill Desinformatiounen am Internet ënnerwee sinn. D’AFP huet der e puer dovun opgedeckt.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.