Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Falschen Tweet iwwer Vaccinen an Iesswueren

Faktencheck: Falschen Tweet iwwer Vaccinen an Iesswueren - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

E Video, deen e puer honnertdausend Mol online gekuckt gouf, behaapt, dass de Bill Gates suggeréiert, Vaccinen a Liewensmëttel ze mëschen.

“De Bill Gates versprécht, mRNA an d’Liewensmëttelversuergung ze pompelen, fir déi Ongeimpft ze zwéngen”, heescht et an der Iwwerschrëft vun engem Artikel vum 10. Januar 2023 vun NewsPunch, enger Websäit, déi schonn am Virfeld Feelinformatiounen a Konspiratiounstheorië verëffentlecht huet.

D’Miniaturusiicht vum Video, déi an den Artikel agebett ass, schéngt e Screenshot vun engem Tweet vum Gates ze sinn, dem Matbegrënner vu Microsoft. Am follgende Post heescht et: “Impfstoffer an eiser Liewensmëttelversuergung léisen de Probleem vun der Impf-Onsécherheet.”

En Erzieler am Clip seet: “Well et der globalistescher Elitt ëmmer méi schwéier fält, d’Mënschheet dovun ze iwwerzeegen, sech enger Impfung géint Covid an onendleche Boosteren ze ënnerwerfen, musse si nei schlau Weeër fannen, fir eis hir Impfungen opzezwéngen.”

RTL Screenshot of a Rumble video taken January 23, 2023

De Gates, Matbegrënner vu Microsoft, ass säit laangem e Verdeedeger vu Vaccine géint Covid-19 an aner Krankheeten. Awer den angeeblechen Tweet, deen online gedeelt gouf, ass beaarbecht.

“D’Behaaptung ass falsch”, sot e Spriecher vun der Bill and Melinda Gates Foundation géintiwwer der AFP an enger E-Mail vum 23. Januar.

Eng Sich um verifizéierten Twitter-Account vum Bill Gates huet keen Tweet iwwer Impfstoffer a Liewensmëttel erginn. Esou ee Bäitrag ass och net op PolitiTweet, enger Internetsäit, déi geläscht Tweet vu Perséinlechkeete vum ëffentleche Liewen archivéiert, ze fannen.

Fuerscher ënnersiche säit Joreniessbar Impfstoffer, awer an de Vereenegte Staate gëtt et keen esou ee Programm.

Obwuel de Rotavirus-Vaccin net a Liewensmëttel konsuméiert gëtt, ass e der CDC, der US-amerikanescher Gesondheetsagence, no “deen eenzegen Impfstoff, dee reegelméisseg recommandéiert gëtt, fir oral ageholl ze ginn”. Alleguer d’Vaccine géint Covid-19, déi an den USA zougelooss sinn, kënne just gesprëtzt ginn.

D’AFP huet an der Vergaangenheet zuelräich falsch Behaaptungen iwwer de Gates iwwerpréift, déi oft am Kontext vu Konspiratiounstheorien am Zesummenhang mat Gesondheetssujeten opdauchen.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.