Scroll Top

Faktencheck: Foto vum palästinensesche Fändel virum UN-Gebai gouf 2015 gemaach

Faktencheck: Foto vum palästinensesche Fändel virum UN-Gebai gouf 2015 gemaach - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Eng Foto vum palästinensesche Fändel, nodeem en am September 2015 virum Haaptgebai vun de Vereenten Natiounen zu New York eng éischt Kéier opgehaange gi war, daucht ëmmer nees a Bäiträg a sozialen Netzwierker op. Hei gëtt fälschlech behaapt, de Fändel wär am Mee 2024 “endlech [am Wand] geflunn”.

“Haut gouf endlech de palästinensesche Fändel virun der UN-Zentral eropgezunn! D’Geschicht wäert sech ëmmer un dëse bedeitenden Dag erënneren, op deem de Fändel vum Staat Palästina virun der UN-Zentral eropgezu gouf”. Sou steet et am vereinfachte chineeseschen Text zu enger Foto, déi de 24. Mee 2024 op Weibo gedeelt gouf.

RTL © AFP

Déi selwecht Foto gouf nieft änleche Behaaptungen op der Plattform X gedeelt (hei an hei).

D’Behaaptung ass elo zënter siwe Méint, an deenen de Krich amgaangen ass, am Ëmlaf gewiescht. Dëse Konflikt gouf duerch eng Attack vun der Hamas, déi hiresgläiche sicht, op Südisrael de 7. Oktober 2023 ausgeléist, déi den Zuele vun der AFP no, déi op offiziellen israeelesche Statistike baséieren, zum Doud vun 1.189 Mënsche gefouert hat.

Déi israeelesch Revanche huet op d’mannst 36.439 Mënschen an der Gazasträif ëmbruecht, déi meescht dovun Zivilisten, sou de Gesondheetsministère vum Territoire, dee vun der Hamas kontrolléiert gëtt.

D’Bluttvergéissen an der Gazasträif huet d’Fuerderung no engem eegene Staat fir d’Palästinenser nees befeiert.

Spuenien, Irland an Norwegen hunn den 28. Mee an enger koordinéierter Entscheedung, déi Israel rose gemaach huet, offiziell e palästinensesche Staat unerkannt. Domat ass d’Zuel vun den UN-Memberstaaten, déi e palästinensesche Staat unerkannt hunn, op 145 vun 193 Staate geklommen.

Allerdéngs ass d’Foto, déi am Internet gedeelt gouf a gëtt, net aktuell. Se ass schonn zënter 2015 am Ëmlaf.

Foto vun 2015

Ëmgekéierte Billerrecherchen an uschléissende Recherchen no Stéchwierder op Google no gouf d’Bild den 30. September 2015 vun der däitscher Fotosagence IMAGO verëffentlecht a mat “IMAGO/Xinhua” versinn (archivéierte Link).

An der Bildbeschreiwung steet “NEW YORK, 30 September 2015 – De palästinensesche Fändel (ënnen) bléist am Wand zesumme mam Fändel vun de Vereenten Natioune virum Sëtz vun de Vereenten Natiounen zu New York, 30 September 2015.”

Ënnen ass e Screenshot-Verglach vum Bild am falsche Kontext (lénks) a vum Bild, dat op der IMAGO-Internetsäit verëffentlecht gouf (riets):

RTL © AFP

Den 30. September 2015 konnten d’Palästinenser hire Fändel eng éischt Kéier, nieft deene vun de Memberstaaten, virum Sëtz vun de Vereenten Natiounen eropzéien, nodeem d’UN-Generalversammlung ugangs des Mounts dofir gestëmmt hat, dass d’Fändele vu Palästina a vum Vatikan de Status vum Observateur kréien.

De Fändel vum Hellege Stull gouf fënnef Deeg virdrun, de 25. September 2015, eng éischt Kéier eropgezunn (archivéierte Link).

Biller vu Google Street View vu Mee 2016, Juni 2019 an August 2021 weisen, dass de palästinensesche Fändel weiderhi virun der UN-Zentral hänkt.

“De Fändel vu Palästina hänkt virum UN-Sekretariatsgebai, well et e stännegen Observateurstaat ass, och wann de Fändel liicht vun den anere Fändele vun den UN-Memberstaaten getrennt ass an net Deel vun der alphabetescher Lëscht ass”, heescht et an engem Artikel, deen den 18. Abrëll 2024 op der offizieller Internetsäit vun de Vereenten Natioune verëffentlecht gouf (archivéierten Artikel).

D’AFP huet weider Feelinformatiounen am Kader vum Israel-Hamas-Krich iwwerpréift.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.