Scroll Top

Faktencheck: Gi Wëll Déieren “ni krank”?

Faktencheck: Gi Wëll Déieren "ni krank"? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

Déiere léisen a Sozialen Netzwierker dacks hefteg Debatten aus. Ufank August 2025 hunn Internetnotzer op de Plattformen X a Facebook behaapt, dass “Wëll Déieren ni krank ginn”.

Als “Source” stäipe si sech op e Video vum Jean-Jacques Crèvecoeur, an deem de belsche Conferencier – vun deem d’AFP schonn aner ierféierend oder falsch Aussoe iwwerpréift huet – behaapt, dës Déiere géife vu Krankheete verschount bleiwen, well se sech an enger net verknaschter Welt beweege géifen a besser mat Stress ëmgoe kéinte wéi Hausdéieren.

Dat ass awer falsch: Zwar ka Stress – ob natierlechem oder mënschlechem Ursprong – d’Optriede vu Krankheete bei Wëllen Déiere favoriséieren, mee d’Déiere kënnen och ouni Stress krank ginn, wéi eng Rëtsch Veterinärsexperte géintiwwer der AFP erkläert hunn.

“Wëll Déiere ginn ni krank”, argumentéieren Internetnotzer, déi Ufank August 2025 de selwechte virale Video op  XFacebook gedeelt hunn.

De belsche Conferencier Jean-Jacques Crèvecoeur, deem seng falsch oder ierféierend Aussoen aus de leschte Jore schonn dacks vun der AFP iwwerpréift goufen, gëtt am Clip, deen ongeféier eng Minutt dauert, vir, dës iwwerraschend Ausso ze erklären.

RTL

“Eng Saach, déi déi breet Ëffentlechkeet net weess, ass, dass Wëll Déieren ni krank ginn, wa si an enger net verknaschter Ëmwelt liewen”, argumentéiert do e Mann, deen e “richtege Kräizzuch géint d’Schoulmedezin” féiert, wann een der Agence Miviludes, der staatlecher Agence fir d’Bekämpfe vu geféierlechen Entwécklunge bei Sekten, gleeft. De Crèvecoeur war hei am Joer 2021 Géigestand vun aacht Signalementer (Link hei archivéiert).

“De Grond dofir ass ganz einfach: Wann Déiere mat enger Stresssituatioun konfrontéiert ginn, enger Situatioun, an där hiert Iwwerliewen um Spill steet, enger Situatioun, an där hir Bedierfnesser um Spill stinn, wäerte si déi spontan Reaktioun hunn, déi an hirer Konditionéierung verankert ass, fir d’Gläichgewiicht direkt erëm hierzestellen an de Stress ofzebauen, deen an dëser Situatioun opkënnt”, seet de Jean-Jacques Crèvecoeur weider, éier hien dës Reaktioun mat der entgéintgesater Reaktioun vun Hausdéieren a “Mënschen […], déi och domestizéiert sinn”, vergläicht.

“Wa mir net reagéieren, fir eis Bedierfnesser duerchzesetzen, baue mir de Stress net of. Doduerch bleift de Stress an eis a mir lafe Gefor, verschidde Krankheeten ze entwéckelen. Dat ass de Grond, firwat Wëll Déieren ni krank ginn. Awer mir gi reegelméisseg krank”. Mat dësem Saz hält de Clip, deen ursprénglech um Crèvecoeur sengem TikTok-Kont publizéiert gi war, op, ouni seng Behaaptung mat iergend wellech wëssenschaftlechen Donnéeën ze beleeën.

De Grond: Seng Aussoe si falsch, wéi eng Rëtsch Experte géintiwwer der Norichtenagence AFP kloergestallt hunn.

“Dës Behaaptung ass eng Ligen, déi mat e bësse Realitéit verwässert gouf, wouduerch d’Illusioun entsteet, dass et sech ëm eng Wourecht handelt. […] Krankheeten hunn ëmmer zum Gläichgewiicht vun der Wëll-Déiere-Populatioun bäigedroen”, sot de Sylvain Larrat, en Expert fir Wëll- a Waasserdéiere vum American College of Zoological Medicine a Member vun der Associatioun Vétérinaires Pour la Biodiversité (Links hei an hei archivéiert).

Den Office français de la biodiversité (OFB), deen den 12. August 2025 vun der AFP kontaktéiert gouf, huet och matgedeelt, dass et net zoutreffend wär, “ze behaapten, dass ‘Wëll Déieren’ ni krank ginn.”

Dat huet och d’Weltorganisatioun fir Déieregesondheet (WOAH) de 14. August 2025 géintiwwer der AFP confirméiert: “Wëll Déiere ginn aus ville Grënn krank, zum Beispill duerch Krankheetserreeger (Viren, Bakterien, Pilzer, Parasitten), Verletzungen, Toxinnen, Mangelernierung an extreem Wiederphenomeener.”

E wëllt Déier ka mat oder ouni Stress krank ginn

“D’Thees, déi am Video opgestallt gëtt, ass, dass d’Déieren net krank ginn, wa si net mam Mënsch oder der vum Mënsch kontaminéierter Ëmwelt a Kontakt kommen. Et goufen awer Dinosaurerfossille mat Unzeeche vu Krankheete fonnt, wat beweist, dass dës Krankheete scho laang virum Optriede vum Mënsch op der Äerd existéiert hunn”, seet de Sylvain Larrat (Link hei archivéiert).

Op enger klenger Zäitskala goufen zënter Mëtt Juli 2025 an der franséischer Regioun Loire-Atlantique Dausende vu Vigel dout opfonnt, déi dem Botulisme aviaire (dt. Vogelbotulismus) zum Affer gefall sinn (Link hei archivéiert).

Wat de Stress betrëfft, sou kann deen duerchaus Auswierkungen op d’Gesondheet vun den Déieren hunn.

“Natierleche Stress kann och wéi anthropogeene Stress d’Optriede vun enger Krankheet bei engem Wëllen Déier favoriséieren”, huet de Sylvain Larrat confirméiert an drop higewisen, dass “anthropogeene Stress bei enger Rei vu Wëllen Déieren zu enger méi gerénger Effikassitéit vum Immunsystem féiert, wat d’Optriede vu Krankheete favoriséiere kann” a souguer de Réckgang vu scho geschwächte Populatioune verschlëmmere kann.

Den Expert bedauert awer dat falsch Verständnis vum Jean-Jacques Crèvecoeur vum Phenomeen Stress an doduerch falsch Konklusiounen zitt.

Stress ass eng Reaktioun vum Stoffwiessel [Metabolismus] op eng Verännerung vu bausse mam Zil, dat metabolescht Gläichgewiicht erëm hierzestellen. Stress erhéicht de Krankheetsrisiko, awer et brauch ee kee Stress, fir eng Krankheet ze entwéckelen, och net bei Wëllen Déieren. An och net, wann dës enger verknaschter Ëmwelt ausgesat sinn“, huet de Sylvain Larrat erkläert.

Wärend de Mënsch also duerchaus Stress bei Wëllen Déieren ausléist, zum Beispill duerch Ëmweltverschmotzung, huet dës Zort vu Stress déi selwecht Auswierkungen op hiren Immunsystem wéi natierlech bedéngte Stress wéi “Hongerperioden, klimatesch Ereegnesser” oder och “Raubdéieren”.

A Kanada sinn d’Beluga-Walen am Sankt-Lorenz-Golf vum Ausstierwe menacéiert, wat zum Deel op “d’Verschlechterung an Zerstéierung vun hirem Liewensraum duerch mënschlech Aktivitéite wéi Schëfffaart, kommerziell Fëscherei, Biergbau, Ueleg- a Gasfërderung souwéi Lärmbelästegung” zeréckzeféieren ass, wéi National Geographic gemellt huet (Link hei archivéiert).

D’WOAH weist dorop hin, dass “Stressreaktiounen zwar d’Ufällegkeet fir Krankheete beaflosse kënnen, et awer net stëmmt, dass Wëll Déieren ni krank ginn, well se ‘Stress ofbauen’; et ass d’Zesummespill vu villen Ëmwelt-, biologeschen an anthropogeene Facteuren, dat déi méiglech Auswierkungen op d’Gesondheet bestëmmt.”

RTL © AFP

Déieren, déi ufälleg fir Vire sinn

Ausserdeem “ass all Déierenaart fir eng grouss Unzuel vu Krankheeten ufälleg“, erënnert de Sylvain Larrat. E puer vun hinne si guttaarteg, anerer kënnen déidlech sinn, soudass munch Déiere resistent sinn, wärend anerer doru stierwen.

“Mir kenne se net all, an et gëtt warscheinlech eng Dose pro Aart, déi net onbedéngt fir anerer zoutreffen”, weist den Expert drop hin.

Och den OFB huet dat am Detail opgeféiert: “Wëll Déiere si munchmol méi tolerant oder manner empfindlech géintiwwer der Presenz vu bestëmmte Krankheetserreeger a Parasitten. Sou ass et bei Wëllen Déieren normal, Verdauungsparasitten ouni Unzeeche vun enger domat verbonnener Krankheet ze fannen, awer wann d’parasitär Charge ze grouss ass oder bei engem Befall mat bestëmmten héich pathogeene Parasitte (wéi Haemonchus contortus bei Idderzen) entwéckele Wëll Déiere klinesch Unzeechen a gi soumat ‘krank’. Aner Facteuren, wéi d’Koinfektioun mat enger Rëtsch Pathogeenen oder Ëmweltstress, kënnen d’Optriede vu klinesche Symptomer erklären.”

Fir de Sylvain Larrat ass de Fuuss, deen e puer änlech Viren oder Parasitte wéi Hënn a Wëllef huet, e gutt Beispill.

“Ouni all Interaktioun mam Mënsch ass de Polarfuuss trotzdeem dem Risiko vun Tollwut ausgesat. De Roude Fuuss [Renard roux, Um. v. d. Red.] a Frankräich par conter ka sech net mat Tollwut infizéieren, well d’Mënschen d’Tollwut duerch Impfcampagnë bei Fiiss ausgerott hunn”, erkläert den Expert (lien archivé ici). Dëse Fall géif weisen, wéi “eng Krankheet, déi op natierlech Manéier bei engem Wëllen Déier virkënnt, duerch kontrolléiert mënschlech Interaktioun ausgerott gouf”.

Well den Hond zu der selwechter Spezies wéi de Wollef gehéiert, kann hien och déi selwecht Krankheetserreeger kréien. D’Heefegkeet, mat där se bei béide Aarten optrieden, ass awer ënnerschiddlech, well domestizéiert Hënn opgrond vun hirer veterinärer Betreiung an der Reegel manner Infektiounskrankheeten entwéckele wéi Wëllef, an awer un anere Krankheete leiden, z.B. altersbedéngte Krankheeten.

“Et ass wichteg ze beuechten, dass de Krankheetsfloss net just an eng Richtung verleeft: Wëll Déiere kënnen och Krankheete vun Hausdéieren oder souguer vu Mënsche kréien, wat als ëmgekéiert Zoonos bezeechent gëtt”, sou d’WOAH. Ausserdeem weist si dorop hin, dass et dacks méi schwéier wär, Wëll Déieren ze observéieren, well se méi empfindlech dofir sinn, zimmlech séier ze stierwen oder vun engem Raubdéier erluecht ze ginn. Dat féiert dozou, dass hir Krankheete “manner visibel, mee net manner signifikant sinn”.

De Mënsch – eng Spezies wéi all aner

De Sylvain Larrat faasst zesummen: “De Mënsch ass eng Spezies wéi all aner, mat enger Lëscht vu Krankheetserreeger, déi hie mat aneren Aarten deelt oder och net. Eis Interaktioun mat der Ëmwelt beaflosst d’Unzuel, d’Heefegkeet an d’Severitéit vu Kränkte bei Wëllen Déieren, ouni dass dës onbedéngt previsibel sinn.”

“Eng Rëtsch Krankheete vu Wëllen Déiere kënnen zouhuelen, wärend anerer ënner dem Afloss vum Mënsch zeréckginn. Et handelt sech ëm e villfältegt an immens komplext Gläichgewiicht”, füügt hie bäi.

Den Office français de la biodiversité erënnert beispillsweis dorun, dass tëscht Oktober 2024 a Juni 2025 an de franséische Gebidder an Ozeanien an an der Antarktis “méi wéi 2.000 Kinnekspinguinen a 600 Südlech Séielefanten zousätzlech gestuerwe sinn, an dat zousätzlech zu den Doudesfäll bei zwanzeg aneren Aarten”. De Grond dofir war en “Ausbroch vun der héich pathogeener Vullegripp vum Subtypp H5N1”.

“Och wa Wëll Déieren heiansdo méi tolerant géintiwwer Krankheetserreeger a Parasitte sinn, besonnesch wa se koevoléiert sinn, si ‘Krankheete’ bei wëlle Populatiounen net seelen an trieden opgrond vu enger Rei Facteuren op, déi zu engem Réckgang vun de Populatiounen an an de schlëmmste Fäll souguer zum lokalen Ausstierwe vun Aarte féiere kënnen”, sou d’Konklusioun vun der Organisatioun.

Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.
EU Flag
Kooped vun der Europäescher Unioun